Alexander Graham Bell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alexander Graham Bell, gebuer den 3. Mäerz 1847 zu Edinburgh a gestuerwen den 1. August 1922 zu Baddeck an Neischottland.
Hien ass virun allem bekannt dofir, 1876 den Telefon erfonnt a virunentwéckelt ze hunn, woubäi en op d'Pionéieraarbechte vum Elisha Gray, Antonio Meucci a Philipp Reis opgebaut huet. Hien huet och Fuerschungen am Beräich vun der Entwécklung vun der Aviatioun an der Hydropter-Technologie gemaach.
Den Alexander Graham Bell huet als Schoulmeeschter fir dafstomm Leit Schottland verlooss a war vun 1873 un als Professer fir Stëmmpsychologie op der Universitéit Boston aktiv.