Ardennen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Ardennen, keltesch Arduenna, fir Héichland) sinn een Deel vum Rheinische Schiefergebirge, dat Ausleefer iwwer d'Grenze vun Däitschland ewech huet.
D'Ardenne leien am Südwesten vun deene Bierger an zeie sech duerch de südlechen Deel vun der Belsch, den Norde vu Lëtzebuerg, an den Nordoste vu Frankräich.
Se schléissen am Oste mat dem Héije Venn un d'Äifel un.
No Westen zéie se sech dann duerch d'Provënz Léck mat dem Condroz an der Calestienne, d'Provënz Namouer an d' Provënz Hainaut mat der Fagne, an no Südwesten duerch d'Provënz Lëtzebuerg mat der Famenne, an duerch Lëtzebuerg mat dem Éislek.
D'Ausleefer no Weste sinn a Frankräich an den Departementer vun der Meuse an Ardennes. Do grenze si op hirem Fouss un d'Champagne.
[Änneren] Héchste Plaze vun den Ardennen
- De Signal de Botrange 694 m, Provënz Léck
- De Weißer Stein 689 m, Büllingen, Cantons de l'Est
- D' Baraque Michel 674 m, Provënz Léck
- D' Baraque de Fraiture 652 m, Provënz Lëtzebuerg
- D' Croix-Scaille 504 m, op der belsch-franséischer Grenz
[Änneren] Um Spaweck
- www.ardennes-lux.lu d'Lëtzebuerger Ardennen