Ban Ki-moon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Ban Ki-moon (woubäi Ban de Familljennumm ass), gebuer den 13. Juni 1944 am Landkrees Eumseong vun der südkoreanescher Provënz Chungcheongbuk-do, ass e südkoreanesche Politiker an zënter dem Januar 2004 Aussen- an Handelsminister vu sengem Land. Hien huet den 1. Januar 2007 de Kofi Annan als Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.
De Ban Ki-moon ass bestuet mat der Yoo (Ban) Soon-taek, déi hien 1962 op der Universitéit kennegeléiert hat. Si hunn zesummen ee Jong an zwee Meedercher. Nieft dem Koreanesch schwätzt de Ban Englesch a Franséisch.
De Ban Ki-moon ass den aachte Genralsekretär vun der UNO no:
- Trygve Lie aus Norwegen, 1946 - 1952
- Dag Hammarskjöld , Schweden, 1953 - 1961
- U Thant, Myanmar, 1961 - 1971
- Kurt Waldheim, 1972 - 1981
- Javier Perez de Cuellar. aus dem Peru, 1982 - 1991
- Boutros Boutros-Ghali , aus Egypten, 1991 - 1996
- Kofi Annan, aus Ghana, 1996 - 2006