Board of Industrial Development
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Board of Industrial Development ass e Comité deen 1959 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass, fir am Ausland Reklamm fir d'Implantatioun vu friemen Entreprisen ze maachen. Hir Prospectiounsreesen hunn an den USA ugefaang. Tëschent 1962 an 1964 sinn doropp hin ongeféier 20 nei Industrien no Lëtzebuerg komm, méi oder wéineger alleguerten aus den USA. Un der Spëtzt DuPont de Nemours. Dës Entreprise ass mat enger Belegschaft vun 1240 Persounen déi véierzéngt Entreprise wat d'Beschäftegung ugeet. Goodyear hat sech scho virdrun, am Joer 1951 zu Kolmer-Bierg etabléiert a figuréiert haut mat enger Belegschaft vun 3.590 Persounen als drëttwichtegsten Employeur am Land.
An der Tëschenzäit gouf aus dem Board of Industrial Development de Board of Economic Development (Comité de développement économique). Seng Aktivitéite si virugaang a stunge traditiounsgeméiss ënnert dem Éiere-Virsëtz vum Grand-Duc Henri.
Ufank 2001 huet den Ierfgroussherzog Guillaume d'Nofolleg vu sengem Papp als Éire-President iwwerholl.