Charly Gaul
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charly Gaul, gebuer den 8. Dezember 1932 am Pafendall a gestuerwen de 6. Dezember 2005, war e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien huet 1958 den Tour de France gewonnen.
De Charly Gaul war e Biergspezialist a gouf dofir um Héichpunkt vu senger Carrière, déi vun 1953 bis 1965 gedauert huet, "Engel vun de Bierger" genannt.
Niewent senger Victoire am Tour de France 1958 ass de Gaul 1955 an 1961 Drëtten an dëser Course ginn. 1955 a 1956 huet hien och den Tricot vum beschte Biergcoureur gewonnen. 1956 an 1959 huet en den Giro d'Italia gewonnen. Am ganzen huet hie beim Tour de France 10 Mol a beim Giro 11 Mol d'Etappe gewonnen.
[Änneren] Spëtznimm
- Ange de la Montagne
- Monsieur Pipi dëse Spëtznumm krut en well en op engem schlechten Dag dacks huet misse vum Vëlo klammen fir op d'Säit ze trieden an de Louison Bobet dee mat him an enger Echappée war ass him fortgerannt an huet d'Etappe gewonn.
[Änneren] Palmarès
[Änneren] 1951
- 1. an der Flèche du Sud
[Änneren] 1952
- 2. an der Flèche du Sud
[Änneren] 1953
- 1. an der Flèche du Sud
- 2. am Critérium du Dauphiné Libéré
- 3. am Tour de Luxembourg
- 8. an der Polymultipliée
[Änneren] 1954
- Landesmeeschter am Cyclo-Cross
- 1. am Circuit des Six Provinces
- 5. an der Polymultipliée
[Änneren] 1955
- 1. Tour des Provinces du Sud-Est
- 6. an der Polymultipliée
[Änneren] 1956
- 1. am Giro d'Italia
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss a Form vun engem Zäitfueren (Kategorie Professionnel)
- 1. am Tour de Luxembourg
- 6. am Giro dell'Emilia (249,5 km)
[Änneren] 1957
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
[Änneren] 1958
- 1. am Tour de France (2. am Biergpräis)
- 1. an der 8. Etapp um Circuit zu Châteaulin, Eenzelzäitfueren (46 km)
- 10. an der 14. Etapp vu Pau op Luchon (129 km)
- 1. an der 18. Etapp op de Mont Ventoux, Eenzelzäitfueren (21,5 km)
- 8. an der 20. Etapp vu Gap op Briançon (165 km)
- 1. an der 21. Etapp vu Briançon op Aix-les-Bains (219 km)
- 1. an der 23. Etapp vu Briançon op Dijon, Eenzelzäitfueren (74 km)
- 3. am Giro d'Italia
- 8. am Tour de Luxembourg
- 10. an der Flèche Wallonne
[Änneren] 1959
- 1. am Giro d'Italia
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- 1. am Tour de Luxembourg
[Änneren] 1960
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
[Änneren] 1961
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- 1. am Tour de Luxembourg
[Änneren] 1962
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- Landesmeeschter am Cyclo-Cross
[Änneren] Gielecher
De Charly Gaul gouf 4 Mol zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt, an 1999 zum "Sportler vum Joerhonnert".
[Änneren] Literatur zum Thema
- Roland Barthes: Le Tour de France comme épopée. In: Mythologies. Paris: Éditions du Seuil, 1957, pp. 110-121.
- Christian Laborde: L'ange qui aimait la pluie. Paris: Éditions Albin Michel, 1994. ISBN 2-226-06977-1
- François Mersch: Bergauf, bergab mit Charly Gaul. Luxemburg: Editioun François Mersch, 1959. 241 Säiten.
- Gast Zangerlé: Charly Gaul, l'Ange de la Montagne et son époque, Éditions Saint-Paul, 1998 (Versioun op däitsch: Charly Gaul, Der Engel der Berge und seine Zeit)
- Gast Zangerlé: La saga Charly Gaul, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2006, ISBN 2-87963-598-5. (Versioun op däitsch: Der Mythos Charly Gaul, ISBN 2-87963-597-7).
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
1954 - 1955 - 1956 | Josy Stoffel | |
Josy Stoffel | 1958 | Josy Stoffel |
Kategorien: Gewënner vum Giro d'Italia | Gewënner vum Tour de France | Etappegewënner am Tour de France | Etappegewënner am Giro d'Italia | Lëtzebuergesch Vëlossportler | Lëtzebuergesch Landesmeeschteren am Cyclo-Cross | Lëtzebuergesch Landesmeeschteren am Vëlossport op der Strooss | Gebuer 1932 | Gestuerwen 2005