Christian Kmiotek
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Christian Kmiotek, gebuer den 3. Februar 1960 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Educateur, Schauspiller an Associé vun der Filmproduktiounsgesellschaft Samsa Films.
De Christian Kmiotek huet seng éischt Schauspill-Erfahrungen beim Ed Maroldt op der Theaterbühn vum Escher Jongelycée gemaach. Duerno huet hien eng Ausbildung als Educateur gemaach, a war Consultant fir Associatiounen, déi am gesellschaftleche, kulturellen oder audiovisuelle Beräich schaffen.
Niewelaangscht ass hien awer weider als Schauspiller aktiv. Hie war Matbegrënner vun der Theater GmbH, enger Theatertrupp, vun der éischter Stonn un an der Kulturfabrik mat derbäi an huet och Samsa Film matgegrënnt, eng Produktiounsgesellschaft, deer hiren éischte Film Die Reise das Land war. Zënterhir ass hien a sëllege lëtzebuergeschen Theaterproduktiounen ze gesi gewiescht.
Berufflech huet hien sech ëmmer méi an d'Filmproduktioun orientéiert. Hie gouf 1992 Direkter vu Strategics, e Formatiounsprogramm fir onofhängeg Filmproduzenten, fir dass se besser d'Produktioun an de Marketing vu Filmer an de Grëff ze kréien.
Hien ass Partner vun an Directeur de production bei Samsa Film
[Änneren] Filmographie als Schauspiller
- Deepfrozen (2006)
- De Dominee (2004)
- The Language School (Kuerzfilm am Kader vu Visions of Europe)
- Tempo (2003)
- De Tweeling (2002)
- Le Troisième Oeil (2002)
- Le Club des Chômeurs (2001)
- Les gens qui s'aiment (2000)
- The way to dusty death, TV (1995)
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven (1993)
- Schacko Klak (1991)
- Terre rouge (1989)
- Die Reise das Land (1987) (och Ko-Produzent)
- Gwyncilla, Legend of Dark Ages (1986)
- Déi zwéi vum Bierg (1985)