Cocktail
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Gedrénksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Cocktail ass e Gedrénks, dat aus e puer meeschtens alkoholesche Substanzen zesummegemëscht gëtt.
An engem Cocktail fënnt ee gewéinlech eng oder méi Zorte Liqueur, do derbäi aner Liewensmëttel fir Goût ze ginn, wéi Uebst oder Uebstjus, Zocker, Mëllech oder Ram, Gewierzer, asw. Bis an d'1970er Jore ware Cocktale meeschtens op Basis vun Gin, Whiskey oder Rum, a méi siele Wodka. Zënter den 1980er Joren ass Wodka déi meeschtgebrauchte Grondsubstanz fir gemëschtent Gedrénks. Och Gedrénks mat Kuelesaier - Spruddelwaasser oder Tonic - gëtt gären a Cocktailer gemëscht.
Den Numm Cocktail heescht op Englesch Hunneschwanz. Et ginn eng sëlleche Versich, d'Etymologie vum Numm z'erkläeren: Sou kéint dës Bezeechnung doroper zeréckzeféiere sinn, dass entweder d'Schwanzplomme vun Hunnen an déi éischt Cocktailer gestach goufen, oder awer och op e Gemësch aus Absinth a Whisky, dat zu New Orleans zervéiert goiuf a coquetier - Eeërbecher, genannt gouf.