Departement Vosges
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Regioun | Loutrengen |
Prefektur | Épinal |
Ënner-Prefektur(en) | Neufchâteau Saint-Dié-des-Vosges |
Bevëlkerung | 380.952 Aw. (1999) |
Bevëlkerungsdicht | 65 Aw./km² |
Fläch | 5.874 km² |
Arrondissementer | 3 |
Kantoner | 31 |
Interkommunalitéit | 37 |
Gemengen | 515 |
President vum Conseil général |
Christian Poncelet |
D'Departement Vosges (88) ass e franséischt Departement, a Loutrengen. Säin Numm huet et vun de Vogesen (fr.: Vosges), engem Biergmassiv, dat sech iwwert wäit Deeler vu sengem Territoire ausbreet.
[Änneren] Geschicht
D'Departement Vosges gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënnert de Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.
1793 ass d'Fürstentum Salm, dat bis dohin eng Enklav war, ugefrot, fir Deel vu Frankräich ze ginn. 1795 ass d'Géigend vu Schirmeck, dat zum Departement Bas-Rhin gehéiert huet, un d'Vosges rattachéiert ginn.
1871, duerch den Traité vu Frankfurt, huet Däitschland de Kanton Schirmeck an d'Halschecht vum Kanton Saales annexéiert an un de Bas-Rhin ugegliddert. Do bloufen se wiederhin, och nodeems, nom Traité vu Versailles, d'Elsass nees franséisch gouf.
[Änneren] Geographie
D'Departement Vosges gehéiert zu Loutrengen, ronderëm leien d'Departementer Meuse a Meurthe-et-Moselle am Norden, Bas-Rhin an Haut-Rhin am Osten, den Territoire de Belfort an d'Haute-Saône am Süden an Haute-Marne am Westen.
Dräi Flossbasenge leien an dësem Departement: dee vum Rhäin (mat der Musel an hiren Nieweflëss, dorënner d'Vologne an d'Meurthe), dee vum Rhône duerch d'Saône an dee vun der Meuse.
Et ginn zwou grouss Landschaften: Westlech vun Epinal ass eng hiwwelech Géigend. Den Osten, zum Deel op Granit, zum Deel op Sandsteen ass mei héich a vun Nolebëscher dominéiert. Deen héchste Punkt läit am parc régional des Ballons.
[Änneren] Demographie
D'Awunner ginn op franséisch Vosgien(ne)s genannt.
[Änneren] Leit, déi am Departement Vosges gebuer sinn
- Jeanne d'Arc
- Jack Lang
- Jean-Marie Cavada
- Jules Ferry
- Claude Gellée
- Maurice Barrès
[Änneren] Fir ze liesen
- Bertrand Munier, 1791-2003 : Le Grand livre des élus vosgiens (conseillers généraux et régionaux - députés - sénateurs - ministres), Harouey, Éditions Gérard Louis, 2004, 381 S. ISBN 2-914554-34-6. (fr)
- Albert Ronsin (sous la direction de), Les Vosgiens célèbres. Dictionnaire biographique illustré, Vagney, Éditions Gérard Louis, 1990, 394 S. ISBN2-907016-09-1. (fr)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion