Duchindustrie zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Duchindustrie zu Lëtzebuerg, dat heescht Wiewereien waren an der Zäit e wichtegen Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Hire richtegen Ursprong geet zeréck op dat 19. Joerhonnert, wéi Lëtzebuerg ugefaang huet sech z'indusrialiséieren. Ët war d'Familjen Godchaux, déi der Duchindustrie zum Duerchbroch verhollef huet. Wéi all industriell Pionnéier, koume si aus dem Ausland.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Historesch Ëntwëcklung vun der Duch- an Textil-Industrie
E puer Daten iwwert den Ursprong vun der Duchindustrie:
- 1828 hunn de Guetschlik Godchaux a säi Bruder Samuel sech am Pafendall etabléiert;
- 1835 gouf du vun de zwee Bridder d'Duchfabrik an der Schleef gegrënnt;
- 1868 huet de Samuel dann nach eng Produktiounsunitéit zu Ettelbréck opgemeet;
- 1876 ass op d'Inititiativ vum Louis Godchaux hin d'Fabrik vun der Polfermillen opgemaach ginn;
Aus der Fusioun vun dësen dräi Etablissementer sinn du d' Draperies de Luxembourg S.A. entstan. Si hunn zesummen en Total vun 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonnen gewäsche Woll am Joer verschafft. Si sinn déi Zäit zu de gréisste vun Europa gezielt ginn.
D' Präsenz vu Wiewereien huet zum Etablissement vun aneren Textil-Fabriken am Beräich vun der Confectioun gefouert; zu Lëtzebuerg an och an der Fiels. An däer Branche sinn Entreprisen zu Platen, Uewerpallen an Esch-Sauer ëm 1900 nokom.
[Änneren] D'Enn vu der Duch- an Textilindustrie
Déi éischt Entreprise, déi an der Zäit vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun mat Schwirekeete konfrontéiert ginn ass, war d'Duchfabrik an der Schleef, déi eelst am Land. Si huet 1938 hir Produktioun missen astellen. An 1939 huet d'Godchaux-Fabrik zu Ettelbréck, wéi se do genannt gouf, och missen ophalen. Am Zweete Weltkrich huet d'Textilindustrie, déi mat der Confectioun vun Uniforme beschäftegt war, sech zwar gutt entwéckelt, mä d'Schwiregkeete koumen duerno, wéi déi traditionnell Textilindustrie, wéi iwerall, an d'Kris geschliddert ass.
Fir d'Lëtzebuerger Textilindustrie, däer hir Marchéën zougaang sinn an déi hir Konkurrenzfähegkeet verluer huet, war et eriwwer. Haut erënneren nëmme nach Stroossennimm, wéi d' rue Godchaux an de Musée de la Draperie zu Esch-Sauer un déi gloräich Zäit vun der Duchindustrie.
[Änneren] Literatur
- JECK, Marc: De "simples tisserands" aux "barons du drap": les Godchaux. In: Die Warte - Perspectives. Luxembourg 54 (2003)-17, p. 1. La famille juive Godchaux, originaire de Lorraine et immigrée au Luxembourg vers 1795, a réalisé aux XIXe et XXe siècles le projet à la fois industriel et social d'une grande draperie à Luxembourg-Ville.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Säit iwwer déi al Lëtzebuerger Industrien
- http://www.premiumorange.com/godchaux.f.e./ Familjenalbum vum Fabien Godchaux iwwert d'Gochaux-Famill]