Eiffeltuerm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Eiffeltuerm ass en eisenen Tuerm zu Paräis. E gouf am Puddeleise vum Gustave Eiffel a senge Mataarbeechter 1889 fir d'Universalausstellung opgericht.
D'Iddi fir den Tuerm hat de Schwäizer Architekt Maurice Koechlin zesumme mat sengem Aarbechtskolleg Émile Nougier. D'Pläng fir den Tuerm goufen am Koechlin sengem Optrag vum Stephen Sauvestre ausgeschafft, an de Brevet gouf vum Eiffel opkaaft.
E gouf a 26 Méint vun engen 3.000 Metallaarbechter zusummegenitt, aus 18.038 virfabrizéierten Eenzeldeeler an 2,5 Milliounen Nitten.
Den Tuerm steet op der Nordspëtz vum Champ-de-Mars net wäit ewech vum lénksen Uwänner vun der Seine.
Am Ufank war den Tuerm 300 Meter héich, doduerch datt am Laf vun der Zäit ëmmer méi Antennen dropgesat goufen, huet en elo eng Héicht vun 325 Meter, a weit ronn 10.000 Tonnen.
Den Eiffeltuerm war 40 Joer laang den héchsten Tuerm vun der Welt.
Hie gouf fir vill wëssenschaftlech Experimenter gebraucht, an hautesdags stinn Antennen drop fir Radios- an Televisiounssendungen.