Escher Conservatoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Escher Conservatoire, offiziell: Conservatoire de musique de la Ville d'Esch, ass e Musekconservatoire zu Esch-Uelzecht. En ass an der Other Strooss, am fréieren Arbeds-Casino ënnerbruecht. Direkter ass zënter 1978 de Fred Harles.
[Änneren] Geschicht
1926 gouf zu Esch eng éischt Musekschoul ageweit. 1969 gouf se offiziell an e “Conservatoire de Musique” ëmbenannt. 1992 huet d'Escher Gemeng de fréieren Arbedscasino opkaf, wuer, no Ëmbauaarbechten, de Conservatoire aus sengem ale Gebai an der Kierchestrooss, geplënnert ass.
Et kann een am Escher Conservatoire Coursen a Musek (klassesch oder Jazz), Danz an Theater beleeën.
Bannent der Musekschoul ginn et verschidden Ensemblen, wéi d'Brass Band, den Harmoneschen Orchester, de Symfoneschen Orchester, en Orchestre de Chambre, en Ensemble vocal an 'Chorale des jeunes.
[Änneren] D'Gebai
D'Gebai, an deem haut de Conservatoire drann ass, war 1910-1912 vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG als Casino gebaut ginn, wou Rezeptiounen ofgehale goufen, deen awer och als Restaurant, Keelebunn a Festsall genotzt gouf. Am selwechte Baustil goufen och Wunnenge fir Beamten an administrativ Gebaier nierwendru gebaut. 1985 huet d'Arbed, an deeër hire Besëtz en 1919 iwwergaange war, de Casino zougemaach a verkaf. Deen neie Proprietaire wollt et ofrappen an eng Bensinsstatioun dohi bauen, huet dat awer op Protester vun Denkmalschützer hi si gelooss. De Lëtzebuerger Staat huet d'Gebai opkaaft an ënner Denkmalschutz gestallt. 1992 huet d'Escher Gemeng et ofkaaft fir do de Conservatoire dran z'installéieren.