ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Fédération Luxembourgeoise de Football - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Fédération Luxembourgeoise de Football

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF)
Grënnung: 22. November 1908
FIFA Affiliatioun: 13. Mäerz 1910
UEFA Affiliatioun: 15. Juni 1954
President: Paul Philipp
Veräiner: 111 (2007)
Lizenzen: 29 713 (2007)
Trainere vum A-Kader:
Equipe Männer: Guy Hellers
Equipe Fraen: Jean Romain

D' Fédération Luxembourgeoise de Football, ofgekierzt FLF, ass de nationale Verband vun de Foussballveräiner zu Lëtzebuerg.

D'FLF ass responsabel fir d'Organisatioun an d'Reglementatioun vum Foussball am Lëtzebuerger Land. Si arrangéiert national Kompetitioune fir hir Clibb (Championater, Coupen an Tournoien) an organiséiert déi verschidde Foussballnationalquippen.

Si ass mat 29 713 Lizenzen an 111 Veräiner (23. Februar 2007) [1] déi gréisst Sportfederatioun zu Lëtzebuerg.

D'FLF ass eng ASBL an huet hire Sëtz zu Monnerech. Si ass Member vun der FIFA, der UEFA an dem COSL.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Den 9. Dezember 1906 gouf op Initiativ vum John Roeder, Engleschprofesser an der Escher Industrie- an Handelsschoul, deen éischten offizielle Foussballclub zu Lëtzebuerg, de Football and Lawn-Tennis Club Esch/Alzette, kuerz Fola Esch, gegrënnt. Déi sëlleche Veräinsgrënnungen an de Méint a Joren dono, Clibb déi nom Beispill vun der Fola uechter d'ganz Land entstane sinn, waren a sinn d'Basis vum organiséierte Foussball a senger Federatioun zu Lëtzebuerg.

De Siège vun der FLF
De Siège vun der FLF

D'Foussballfederatioun gouf 1908 als Fédération des Sociétés Luxembourgeoises de Sports Athlétiques (FSLSA) gegrënnt. D'FSLSA huet sech uganks net nëmmen em de Foussball bekëmmert, mee war an engems och nach fir d'Liichtathletik, de Vëlosport an d'Schwammen do.

An de Joren 1909/1910 gouf dat éischt nationalt Championat gespillt. Champion ass deemools de Racing Club Lëtzebuerg [2] ginn. Nëmmen e Joer drop, den 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischte Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1-4 (1-2) an der Stad verluer.

D'Coupe de Luxembourg ass 1922 fir d' éischt gespillt ginn a gouf alt erëm vum Racing Club Lëtzebuerg gewonn. Domat ass de Racing net nëmmen éischte Champion, mee och éischte Coupegewënner an der Geschicht vum lëtzebuergesche Foussball.

Vun 1928 u war d'FSLSA nëmme just nach fir de Foussball zoustänneg, an den 13. Mäerz 1930 gouf se dunn op hiren haitegen Numm gedeeft.

Mam Zweete Weltkrich an der däitscher Okkupatioun vum Land war u keng national Federatioun méi ze denken. 1941 gouf d'FLF vun de Nationalsozialisten opgeléist. Am Kader vun der Assimilatiouns- a Germaniséierungspolitik goufen d'Veräiner aus der ieweschter Divisioun an de Fußballgau Mosel agegliddert an hir Nimm sinn agedäitscht ginn.

No der Liberatioun gouf d'FLF nei gegrënnt an d'Embenennungen si réckgängeg gemaach ginn. 1944/1945 konnt nees en éischt improviséiert Championat gespillt ginn, d'Coupe de la Libération.[3]

1946 ass de FIFA Kongress, deen éischten zënter 1938, zu Lëtzebuerg ofgehal ginn.

1954 war d'FLF war ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA.

An de Joren 1963/64 huet d'Nationalequipe international iwwerrascht andeems se et bis an d'Véierelsfinale vun der Europameeschterschaft 1964 gepackt hat. Ee vun de grousse Spiller vun deemools, de Louis Pilot gouf 2004 vun der FLF als beschte lëtzbebuergesche Foussballspiller vun de läschte 50 Joer gewielt.

E gudde Laf hat d'Nationalequipe och Uganks bis Mëtt vun de 1990er Joren. An der Qualifikatiounsronn 1994/95 fir d'Europameeschterschaft 1996 an England gouf et dräi Victoiren, ee Remis an zesummen 10 Punkten an der Grupp. Dono ass et, op mannst wat d'Resultater ugeet, géi de Bierg an gang. Tëscht 1995 an 2007 [4] konnt kee Match méi gewonn ginn, an d'Lëtzebuerger waren an der FIFA-Weltranglëscht am fräie Fall.

D'Fro vun der Integratioun vun de sougenannte "portugisesche Clibb", Clibb déi en eegent, vun der Fédération des Associations portugaises à Luxembourg (FAPL) organiséiert, inoffiziellt Championat zu Lëtzebuerg spillen, huet Enn vun de 1990er Joren fir vill Diskussiounen an der FLF, de Medien an der Politik gesuergt. Am Juni 1999 huet FLF-Generalversammlung géint d'Demande an de Bäitrëtt vun de FAPL-Clibb gestemmt. Haaptsträitpunkt an der Affaire war, datt dës Clibb keen eegenen (exklusiven) Terrain hätten, wéi et an den FLF-Statutte verlangt gëtt.[5]

D'Dammechampionat gëtt, mat zwou laangen Ënnerbriechungen, zënter 1972 gespillt (éischte Champion: FC Atert Biissen). Esou richteg an d'Rulle komm ass de Fraefoussbal zu Lëtzebuerg awer eréischt Uganks vum 21. Joerhonnert. An der Saison 2001/2002 gouf eng national Coupe fir d'Dammen, d'Coupe de Luxembourg agfouert. Éischte Coupegewënner bei den Dammen war de Progrès Nidderkuer. Fir d'Championat 2006/2007 sinn ewell 18 Equippen ugemellt an d'Zuel vun de Lizenze bei den Dammen louch am November 2006 schonn bei 622. [6]

Am Juni 2003 gouf d'Dammennationalequipe gegrënnt. Den éischte Lännermatch an enger offizieller Kompetitioun war den 18. November 2006 géint d'Slowakei (0-4) am Kader vum Qualifikatiounstournoi zu Lëtzebuerg fir d'Fraefoussball-Europameeschterschaft 2009 a Finnland. [7]

Nieft der Entwécklung vum Dammefoussball engagéiert sech d'FLF an de leschte Joren besonnesch fir jonk Talenter. En Haaptuleies dobäi konnt 2000/2001 realiséiert ginn: d'Grënnung vun enger Foussballschoul. Mam Centre de Formation National (CFN) zu Monnerech ass zënter 2003 och déi néideg Infrastruktur dofir do.

Vum 3.-14. Mee 2006 war d'Foussballeuropameeschterschaft vun den U17 zu Lëtzebuerg. Et war dat gréisst eenzelt Evenement wat d'FLF bis ewell organiséiert huet. Anengems hat d'lëtzebuergesch U17-Nationalequipe, als automatesch qualifizéierte Représentant vum Organisatiounsland, d'Chance bei enger internationaler Ennronn op héchstem Niveau matzespillen.

[Änneren] Kompetitiounen

Championat vun de Senioren (Éischt Equippen)
Spillklass Hierarchie vun den Divisiounen
1
Nationaldivisioun (Fortis Ligue)
2
Éirepromotioun
3
Éischt Divisioun
Bezierk 1 - Bezierk 2
4
Zweet Divisioun
Bezierk 1 - Bezierk 2 - Bezierk 3
5
Drëtt Divisioun
maximal 14 Equippen

[Änneren] Championater

Championater ginn de verschiddenen Alterskategorien (Seniors- a Jugendchampionater), éischten an zweete Veräinsequippen no gespillt.

  • Championater vun de Senioren: Championat fir éischt Seniorsequippen (5 Divisiounen), Championat fir zweet Seniorsequippen (Senior-Reserven, 4 Klassen) an en Dammechampionat (2 Ligaen).
  • Jugendchampionater an den Alterskategorien Juniors, Cadets, Scolaires, Minimes, Poussins, Pupilles a Bambinis.

An der Saison 1995/1996 ass d'Dräipunkteregel agefouert ginn. Zënterhier ginn et fir all Victoire dräi amplaz zwee Punkten. Gëtt gläich gespillt, kritt all Equipe just ee Punkt.

Eng nei "Auslänneregel" gouf fir d'Saison 2006/07 agefouert. All éischt Seniorsequipe muss op hirer feuille de match op mannst siwe Spiller stoen hunn déi entweder d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder awer hir éischt Spillerlizenz vun der FLF kritt hunn. Et dierfen en plus nëmme maximal véier transferéiert Spiller um Rapport vum Match stoen.

Zënter 2007/08 huet d'Nationaldivisioun e Sponsor, d'Fortis Bank Lëtzebuerg (FLB). Nodeems sech d'Bank och d'Nummrechter un der Liga erkaaft huet, gëtt déi iewescht Klass zënterhier als FORTIS LIGUE commercialiséiert.

[Änneren] Coupen

Déi wichtegst national Coupekompetitioun ass d'Coupe de Luxembourg bei de Fraen an de Männer. Aner national Coupen sinn d'Coupe du Prince (Juniors), Coupe des Cadets, Coupe des seniors-réserves.

[Änneren] Tournoien

De Nationale Foussballdag zu Ettelbréck, grousst Foussballfest mat Tournoien an Animatiounsprogramm fir déi Klengst (Bambinis bis Scolaires) gëtt et zënter 1988.

D'FLF organiséiert och Tournoien am Futsal fir d'Jugend- an d'Dammenequipen (Futsalscoupe).

[Änneren] Nationalequippen

Nieft dem A-Kader vun der Männer- a Fraennationalequipe ass d'FLF fir d'national Selektiounen an den Alterskategorien U21, U19, U17, U15 an U13 responsabel.

[Änneren] Soss

Zu Lëtzebuerg gëtt och e Championat am Betribsfoussball gespillt. Et gëtt vun der hallefautonomer FCL (Football Corporatif Luxembourgeois) an enker Zesummenaarbecht mat der FLF organiséiert.

[Änneren] Centre de Formation National

De CFN mat den Trainingsterrainen
De CFN mat den Trainingsterrainen

De Sëtz vun der FLF an d'national Foussballschoul sinn am Centre de Formation National (CFN) zu Monnerech. D'Offiziell Ouverture vum gutt équipéierten Zenter war den 10. September 2003 [8]. Nieft den administrativen Tätegkeete ginn um CFN Réuniounen a Stagen ofgehal, trainéiert a Matcher gespillt.

[Änneren] Organisatioun

[Änneren] Presidenten

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Info vun flf.lu (Stand: 23. Februar 2007)
  2. De Racing Club ass 1923 mam Sporting Club zu der CA Spora fusionéiert, d'Spora selwer ass 2005 mat zwee anere Clibb zum Racing FC Union Lëtzebuerg zesummegaang.
  3. Numm a Spillmodus vun der Coupe de la Libération hunn just fir d'Saison 1944/45 gegëllt. Champion gouf deemools Stade Diddeleng.
  4. De 7. Februar 2007 huet d'Nationalequipe e Frëndschaftsmatch géint Gambi mat 2-1 (0-1) zu Hesper gewonn, déi éischt Victoire zënter 1995!
  5. Weider Informatiounen (haaptsächlech op portugisesch) um Site O Folhetim da Integração
  6. An der Saison 1999/2000 waren et der nëmmen 12. Source: Le Football Féminin au Luxembourg (PDF)
  7. De Qualifikatiounstournoi war e grousse Succès fir Lëtzebuerg. D'Dammenequipe koum an hirer éischter Kompetitioun op eng gutt zweet Plaz. Artikel op uefa.com: Luxembourg look good for future
  8. Den CFN gouf deelweis vun der FIFA am Kader vum Goal-Projet matfinanzéiert. Source FIFA: Goal Project 2003 (PDF)

[Änneren] Um Spaweck

  • (fr) flf.lu Offizielle Site vun der FLF
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com