ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
HMMWV - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

HMMWV

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

E banaliséierten Hummer (M998)
E banaliséierten Hummer (M998)

Den HMMWV och nach High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle genannt, ass den Haaptasazwon an der Lëtzebuerger Arméi.

Den 22. Mäerz 1983 huet déi US-amerikanesch Arméi (United States Army) mat der AM General Division (haut AM General Corporation) e Vertrag an der Héicht vun 1,2 Milliarden US-Dollar fir d'Liwwerung vun 55.000 High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle (HMMWV, och nach Humvee oder Hummer genannt) ofgeschloss. Deemools ass et den Hummer a 15 verschiddene Versioune ginn. Déi amerikanesch Sträitkräften (Army, Marines, Air Force) hu schlussendlech iwwer 120.000 Ween bestallt. Domadder war dat dee gréisste Kontrakt, deen d'amerikanesch Arméi jeemols fir Ween op Rieder gemaach huet. Haut huet d'Army der ongeféier 120.000 an de Marine Corps huet der ongeféier 20.000. Den Hummer ass awer och nach an aner Länner exportéiert ginn, dorënner Spuenien, Portugal, Saudi-Arabien a Lëtzebuerg. D'lëtzebuerger Arméi huet e besse manner ewéi 200 Hummeren.

Den Hummer, den déi intern Bezeechnung M 998 Series kritt huet, ass ee Multipurpose Vehicle, dat heescht, dass hien fir eng ganz Réi vu verschiddenen Aufgaben agesat ka ginn. Hien ersetzt eng ganz Rëtsch vu liichten Transportween ewéi beispillsweis d'Jeep, d'Dodge M 880 Pick-Ups, den M 561 Gama Goat an den M 274 Mule.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Versiounen

En XM1114 a Bosnien
En XM1114 a Bosnien

Am Lastenheft vum Hummer ass vill Wäert op eng grouss Standardiséierung tëschent deene verschiddene Versioune geluecht gin. D'Zil sollt sin, datt déi 15 verschidde Ween méi oder wéineger déi selwecht Ersatzdeeler sollen hun. Am Ufank huet dat och gutt geklappt, well déi verschidden Typen haten deeselwechte Motor, de selwechte Chassis an de selwechten Undriff. Dat war natierlech e grousse Vierdeel fir d'Logistik déi manner Ersatzdeeler huet misse matschleefen. An der Tëschenzäit ass vun deer Standardiséierung awer net méi vill iwwreg. Duerch d'Aféiere vun de Versionen A1 an A2, a virun allem vun der gepanzerten Version (XM 1114) konnt een d'Standardiséiereung vergiessen. D' Membere vun der Maintenance (an dësem Fall den Arméisgaragen) hunn doduerch Schwieregkeeten fir Ersatzdeeler an de Lëschten déi oft net kommplett sinn erëmzefannen, well déi keen Unhaltspunkt bidden WOU ee WAT fënnt.

[Änneren] Entretien vum Won

Am Lastenheft vum M998 ass Riets gaangen vu vereinfachter Maintenance mat enger ganz gerënger Zuel vu Geschir. Dat war e fromme Wonsch, well an der Realitéit ass den Hummer net nëmmen extrem ufälleg fir Pannen, mais och zimmlech schwéier ze reparéieren. Dat beschte Béispill ass den Austausch vun engem Motor: bei engem moderne Panzer vum Typ Leopard 2 kann een e Motor a manner ewéi enger Stonn wiesselen - beim Hummer brauch eng gudd openeen ofgestëmmten Equipe 37 Stonnen. En plus ass et onméiglech eng gud ofgestëmmten Equipe ze kreien, well Zaldoten (souguer mat CATP) net um Hummer däerfe schaffen!!!

[Änneren] Ennerhaltskäschten

Den HMMWV sollt och ganz niddreg Ennerhaltskäschten hun. Dat ass awer och net ze realiséiere gewiescht. Besonnesch déi gepanzert Versioune verschlëngen eng Onmass vun Ersatzstécker. Dësst kennt besonnesch doduerch, datt de gepanzerten Hummer näischt anescht ass, wéi en net gepanzerten M998 op deen een e puer gepanzert Plakken ubruecht huet. Duerch dat méi grousst Gewicht sinn doduerch eng ganz Rei vu Stécker an der Ophänkung ze schwaach a musse ganz regelméisseg ersat ginn. En anere Problem ass de Motor vum gepanzerten Hummer. De Motorblock vun 6,2 Liter ass einfach op 6,5 Liter opgebuert ginn an huet en Turbo verpasst kritt. Duerch d'Opbueren ass de Motorblock awer méi schwaach ginn.

De Kühler vum HMMWV ass en plus extrem schlecht situéiert, e läit nämlech diagonal iwwer dem Motor, an ass vertikal virum Motor, wéi dat bei den zivile Wen de Fall ass. Dësst bréngt mat sech, dass de Kühler regelméisseg duerch Knascht a Blieder verstoppt, an da seng Killwierkung net méi huet. Mais och ouni Dreck am Kühler ass d'Killung an de waarme Summerméint absolut net garantéiert. Wëll de Motorblock jo schonns geschwächt ass, kënnt et, wann d'Hëtzt zevill grouss gëtt, regelméisseg zu Rëss an der Géigend vum leschten Zylinder. Bei ongeféier 3 bis 4 vun deene 42 gepanzerten HMMWV'en, déi d'lëtzebuerger Arméi huet, gëtt pro Joer de Motor gewiesselt, wëll de Motorblock gerass ass. En neie Motor kascht e bësse méi ewéi 10.000 US Dollar. Ähnlech Problemer ginn et mam Pont a mat der automatescher Boîte.

Den intensiven Asatz vun M1114 am Irak (Operation Iraqi Freedom) an an Afghanistan (Operation Enduring Freedom) huet mat sech bruecht, dass de globale Besoin un Ersatzstécker an d'Lucht gangen ass, an AM General huet seng léif Méi fir déi Stécker an enger akkzeptabler Quantitéit zur Verfügung ze stellen. Verschidde problematesch Stécker wei zum Béispill d'6,5 Liter Turbo Motoren hu mëttlerwéil Liwwerzäiten vun circa 24 Méint.

[Änneren] Zouverléissegkeet

Et gi Saachen, déi si méi stark ewéi en HMMWV
Et gi Saachen, déi si méi stark ewéi en HMMWV

All zivile Won deen eng ähnlech Zouverléissegkeet huet ewéi den M998 wier séier vun der Bildfläch verschwonnen. D'Maintenance-Ratio (dat heescht de Rapport vun der Zäit déi de Won am Garage verbréngt iwwert déi Zäit déi de Won fiert) ass bei den net gepanzerten M998-Series ongeféier 0,25, dat heescht datt den Hummer no 4 Stonne fueren eng Stonn am Garage ass. Bei de gepanzerten M1113 oder M1114 ass d'MR esouguer 0,313 (zum Vergläich: en normalen modernen Auto huet eng MR vun 0,01 bis 0,001). Praktesch bedeit dat fir d'Arméien déi den Hummer hun, datt permanent tëschent 25 an 33% vun de Wen net rullen. Hautesdags ass esou eppes inakzeptabel.


[Änneren] Wat bréngt d'Zukunft?

Déi amerikanesch Arméi wäert an den nächste Joëren ee Recap-Program duerchféieren. D'Zil vun deem Program ass et, fir d'HMMWVen 15 Joër nodeems se an de Betrieb geholl gi sin komplett ze iwwerhuelen. Während den Arbechte vun dem Programm sollen och sämtlech MWOen (Modification Work Order) duerchgeféiert ginn. Dëse Programm soll d'Liewensdauer vun den HMMWVen erëm eng Kéier ëm circa 10 Joër verlängeren. Dëst misst duergoen, fir d'Zäit bis zum Aféieren vum néien Future Tactical Truck System (FTTS) respektif dem Combat Tactical Vehicle (CTV) z'iwwerbrécken. Den Nofolger vum Humvee soll da méi grouss, méi staark an nach besser gepanzert sin, ewéi säi Virgänger

[Änneren] Gepanzert Versioun M1113 an M1114

En M1114 am Kosovo
En M1114 am Kosovo

Déi nët gepanzert Versioune vun den Hummeren sin en Iwwerbleibsel vun der Doktrin vum Kale Krich: an dësen Zäiten huet e Won missen eng héich Mobilitéit hunn , net vill weien an eng grouss Reechwäit hun. All dat huet géint vill Panzerung geschwat. Am Krich a Bosnien hunn d'Amerikaner awer séier gemierkt, datt den net gepanzerten Hummer e liicht Ziel an engem asymetresche Krich war.

Den XM1114 war eng vun O'Gara Hess & Eisenhardt gepanzert Versioun vum M996 an ass fir d'éischt 1997 an engem experimentelle Stadium (X-Stadium) un d'US-Militärpolice a Bosnien ausgeliwwert gin. Kuerz drop krut och d'Lëtzebuerger Arméi hir eischt 24 XM1114. Well d'Grondstruktur vun der Suspensioun, dem Undriffsstrang an der Karosserie vum M998 komm sinn, an net fir esouvill Gewiicht gebaut goufen, waren déi éischt XM1114 extrem ufälleg. Kuerz nodeems den XM1114 agefouert gi war, ass och schonns ee sougenannten Retrofit Kit op de Maart komm. Dank dem Retrofit Kit konnten XM1114 an M1114 ëmgebaut ginn.

Obwuel esouwuel den XM1114 wéi och säin Nofolger den M1114 dacks (an zu Recht) kritiséiert goufen a ginn, ass d'Panzerung vun deene Wen dat Bescht wat um Maart ze fannen ass. Den Hummer ka mat sengem vischte Rad op egal wéi eng Landminn aus de Reschtbestänn vun der rouder Arméi fueren, ouni datt d'Insassen dobäi em d'Liewe kommen an déi gepanzert Fënsteren halen enger 7,62 mm NATO AP (AP = Armor Piercing) stand.

[Änneren] Luedkapazitéiten a Fligeren

Dräi Hummer kënnen an engem Transportfliger vum Typ C-130 Hercules geluede ginn. An e C-141 Starlifter passen der 6 an an ee C-5 Galaxy esouguer 15. Ënnert engem Transporthelikopter vum Typ CH-47 Chinook an ënner en CH-53 kënnen zwee M996 Series gehaange ginn, an ënnert en UH-60 Black Hawk nach ëmmer een. D'Hummer (mat Ausnam vum M997A2) kënnen och iwwert dem Fluch mat Hëllef vun enger Spezialpalett ofgeworf ginn.

[Änneren] Wou gin d'Hummere gebaut?

AM General baut d'Ween zu Mishawaka am US-Bundesstaat Indiana. O'Gara Hess & Eisenhardt baut d'Panzerung fir d'Modeller M1113 und M1114.

[Änneren] Déi verschidde Versiounen

  • M 966 TOW Missile Carrier Basic Armor (NSN 2320-01-107-7153 - Präis: 47.069 US-$)
  • M 996 Mini Ambulance
  • M 997 Maxi Ambulance - C3I
M966
M966
M996
M996
M997
M997
  • M 998 Cargo Troop Carrier Grondtyp (NSN 2310-01-111-2275 - Präis: 49.357 US-$)
  • M 1025 Armament Carrier Basic Armor (NSN 2320-01-128-9551 - Präis: 38.496 US-$)
  • M 1026 Armament Carrier Basic Armor (NSN 2320-01-128-9552 - Präis: 39.518 US-$)
  • M 1035 Soft Top (Ambulance)
M997 C3I
M997 C3I
M998
M998
M1035
M1035
  • M 1036 Mini Ambulance
  • M 1037 S 250 Shelter Carrier (NSN 2320-01-146-7193 - Präis: 36.932 US-$)
  • M 1038 Cargo Troop Carrier Grundtyp (NSN 2320-01-107-7156 - Präis: 34.461 US-$)
  • M 1042 S 250 Shelter Carrier
  • M 1043 Armament Carrier W. Supplement Armor
  • M 1044 Armament Carrier W. Supplement Armor
  • M 1045 TOW Missile Carrier W. Supp. Armor
  • M 1046 TOW Missile Carrier W. Supp. Armor
  • M 1069 Prime Mover (NSN 2320-01-234-0497 - Präis: 35.000 US-$)
  • M 1097 Cargo Troop Carrier (NSN 2320-01-346-9317 - Präis: 35.209 US-$)
  • M 1109 gepanzert
  • M 1113 Expanded Capacity Vehicle (ECV)(NSN 2320-01-412-0143 - Präis: 61.042 US-$)
  • M 1114 Up Armored HMMWV (NSN 2320-01-413-3739 - Präis: 146.844 US-$)
  • M 1116 gepanzert
M1114
M1114
Wann de Schlitt net geet, da kënnt en ebe mam Hummer
Wann de Schlitt net geet, da kënnt en ebe mam Hummer
Den Hummer ass exzellent am Terrain
Den Hummer ass exzellent am Terrain

Verschidde vun dëse Versiounen gëtt et an Tëschenzäit an de verbesserte Versiounen A1 an A2.

[Änneren] Technesch Donnéeë vum M998

  • Beschleunegung: 0-48 km/h a 7 Sekunden; 0-80 km/h an 20 Sekunden
  • Vitesse: Strooss max. 113 km/h; Terrain max. 40 km/h; Duerchschnëtt 50 km/h
  • Besatzung: 1 Chauffeur, 1 Beifuerer, 8 Passagéier oder Gepäck
  • Gewiicht (éidel): 2.361 kg
  • Notzlaascht: 1.135 kg
  • max. Gewiicht: 3.496 kg
  • Zochkraaft: 1.500 kg
  • Längt: 4,57 m
  • Héicht: 2,60 m mit Daach, ouni Daach 1,37 m
  • Breet: 2,16 m
  • Steigfäegkeet: 60% max (31°), Hang säitlech 40% max (22°)
  • Wendekrees: 7,32 m
  • Waasserdéift: Normal 0,75 m; mat Deep Water Kit 1,50 m
  • Buedemfräiheet: 41 cm
E gutt kamoufléierten Hummer
E gutt kamoufléierten Hummer
Dësen M1114 ass op eng russesch TMA3 Minn gefuer - D'Besatzung huet iwwerlieft.
Dësen M1114 ass op eng russesch TMA3 Minn gefuer - D'Besatzung huet iwwerlieft.
Dësen M1025 ass am Irak verbrannt
Dësen M1025 ass am Irak verbrannt

Allgemeng Donnéen zum M998:

  • Diesel
    • Modell A2: 6,5 Liter V8 ouni Turbo vun AM General
    • Aner Modeller: 6217 ccm V8
  • Leestung:
    • 120 kW (163 PS) bei 3400 U/min (A2)
    • 112 kW (152 PS) bei 3600 U/min
  • Dréimoment
    • 395 Nm bei 1.700 U/min (A2)
    • 339 Nm bei 2.000 U/min
  • Buerung x Hub: 10,3 x 9,7 cm
  • Verdichtung: 21,5 : 1
  • Tankinhalt: 95 Liter
  • Verbrauch: meeschtens töschent 20 an 30 Liter op 100 km - am Terrain awer vill méi!
  • Boîte: 4L65-E 4-Gang Automatik
  • Allradundriff: permanent, Kraaftverdeelung vir/hannen: 50:50
  • Zentraldifferential ka manuell gespaart ginn
  • Iwwersetzung:
    • 1. Gang 3,06:1
    • 2. Gang 1,62:1
    • 3. Gang 1,00:1
    • 4. Gang 0,75:1
  • Bremsen: 4 x Scheiwebremsen
  • Pneuen:
    • LT 285/70x17 All-Terrain (Zivil Versioun)
    • 37 X 12,5 R 16,5 Goodyear Wrangler LT (Militärversion)
  • Felgen:
    • 8,5 x 17 Aluminium (Zivil Versioun)
    • Stol (Militärversion)

[Änneren] Den zivillen Hummer

Well den Interessi un dem Won, dee bei der Operation Desert Storm a ronn 20.000 Exemplärer an den Asaz komm ass esou grouss war, huet AM General 1992 eng zivil Humvee-Variant ënnert dem Numm Hummer erausbruecht. Ee vun den éischte Keefer war den Arnold Schwarzenegger, dee mat dem Hummer zu Hollywood fir Opreegung gesuergt huet. 1999 sinn d'Markerechter vir den Hummer un General Motors iwwerdroe ginn, an domadder ass et dunn zu engem weltwäitem Verkaf vum Ur-Hummer, dem H1, komm. 2002 ass deen e bësse méi kompakten H2 derbäi komm, gefollegt 2004 vum Pick-up ähnlechem H2 SUT a vum "klengen" H3.

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com