ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Portugal - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Portugal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


República Portuguesa

Portugisesche Fändel

Portugisescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: A bem da Nação
("Fir d'Wuel vun der Natioun")
Offiziell Sprooch: Portugisesch
Haaptstad: Lissabon
 • Koordinaten: 38º42'N, 9º11'W
Staatsform: Republik
 • President: Aníbal Cavaco Silva
 • Premierminister: José Sócrates
Fläch: 92 090 [1] km²
Bevëlkerung: 10 599 095 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 115/km²
Nationalfeierdag: 10. Juni, Dia de Portugal
Nationalhymn: A Portuguesa
Lauschteren
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .pt
International Virwahl: +351

D'Portugisesch Republik (República Portuguesa) oder och einfach nëmme Portugal, ass e Staat am Südweste vun der iberescher Hallefinsel. E gëtt am Westen an am Süde vum Atlanteschen Ozean, am Osten an am Norden vu Spuenie begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den Azoren suwéi Madeira. Westlech vun der Haaptstad Lissabon läit Cabo da Roca, dee westlechste Punkt vum europäiesche Festland.

Den Numm Portugal entstaamt dem Numm vun der Siidlung Cale am Delta vum Floss Rio Douro. Cale kéint e griichescht Wuert sinn (Kalles = "schéin") a sech op d’Schéinheet vun der Natur am Norde vum Portugal vun haut bezéien, deen d'Griichen deemools koloniséiert haten. Aner Historiker mengen, datt Cale aus dem Phönizesche kéim, well d’Phönizier Portugal an der Zäit virun de Réimer besidelt haten. Wéi Portugal zum Réimischen Imperium gehéiert huet, gouf Cale e wichtigen Hafen, op Latäin Portus Cale. Am Mëttelalter gouf Portus Cale zu Portucale, duerno Portugale, woubäi dëst Wuert am 7. an am 8. Joerhonnert nëmmen di nërdlich Deeler vum Land waren, also d’Regioun tëschen de Flëss Rio Douro a Rio Minho. Anerersäits verkierzt sech de Numm Portus Cale zu Porto, der zweetwichtegster Stad, déi sech dowéinst voller Stolz als déi Stad betruecht, déi dem Land de Numm ginn huet.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Administrativ Andeelung

Portugal huet eng ganz komplex Administratioun. Et gëtt fënnef Regiounen (regiões), 18 Distrikter (distritos) an zwou autonom Regiounen (regiões autónomas), dernieft existéieren 28 sougenannte "statistesch Ënnerregiounen" (subregiões estatísticas). Een Niveau drënner kommen dann ongeféier 300 Kreesser (municípios oder concelhos) a 4200 Gemengen (freguesias). Déi Andeelung ass éischter ineffizient an deier. Et gëtt un enger Reform geschafft, déi d'Distrikter ofschafen an d'Kompetenzen dezentraliséiere soll.

[Änneren] Geschicht

Torre de Belém
Torre de Belém

[Änneren] Fréigeschicht bis d'Antikitéit

D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwecklung an den anere Regioune vun der Iberescher Hallefinsel. Vun 2000 v. Chr. un sinn d’Iberer wahrscheinlech aus Nordafrika agewandert. Vun 1200 v. Chr. un goufe vun de Phönizier a vun 700 v. Chr. un vun de Griichen Kolonien gegrënnt. No 600 v. Chr. wanderen Kelten eran, déi sech mat den Iberer vermëscht hunn (sougenannten Keltiberer. Zu deenen gehéiert och de Stamm vun de Lusitaner, deenen hieren latäineschen Numm spéider dem Land säi sollt ginn.

No 450 v. Chr. gouf dat Gebitt vu Karthago erobert an no dem Zweete Punesche Krich u Roum ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem Numm Lusitania zum Deel als eegestänneg Provenz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hällt op an der Vëlkerwanderungszäit, d'Sueben (no 409) und virun Allem d'Westgoten (no 416) grënnen hir Räicher um Terrain vum spéidere Portugal.

[Änneren] Herrschaft vun de Mauren bis d'Kolonialmuecht

Am Joer 711 gëtt d'Land vun de Mauren erobert, Portugal gëtt en Deel vum Kalifat vu Cordoba, wou d'Almoraviden d'Soën hunn. 718 fäenkt León mat der chrëschtlëcher Reconquista un, aus Portugal gëtt sou am 11. Joerhonnert eng eegenstänneg Grofschaft, déi 1093 un den Henri vu Burgund fällt, de Grënner vun der éischter portugisischer Kinneksdynastie.

Ënnert dem Henri sengem Jong an Nofolger Alphonse I. gëtt Portugal 1143 onofhängeg, den Alphonse selwer gëtt Kinnek. D'Burgunder sinn a Portugal bis 1383 um Rudder, 1211 gëtt dat éischt Ständeparlament (Cortes) aberuff, 1250 ass d'Reconquista, no der Eruewerung vun der Algarve, a Portugal fäerdeg, 1256 gëtt Lissabon nei Haaptstad vum Kinnekräich.

1383 stierft de leschte Burgunder a Portugal. De Jean vun Avis, deen baussent engem Bestiedniss op d'Welt komm ass, rifft sech zum Kinnek aus, kann kastilesch Uspréch op de portugiesischen Troun an der Schluecht vun Aljubarrota (1385) ofwieren a grënnt di zweet portugisesch Dynastie (Avis). D'Avis-Kinneken (besonnësch den Emanuel I. (1495-1521) verbesseren dem Land seng wirtschaftlech a militäresch Kapazitéiten massiv: Portugal gëtt féierend Handels- a Séimuecht, keeft Kolonien a Brasilien, Afrika, Arabien, Indien an a China, d'Land ass eng Weltmuecht an di räichsten Natioun vun Europa (Kuckt dozou och den Artikel: Henri de Séifuerer). Och kulturell ass d'Land an der Bléi (Luís de Camões).

1580 ass d'Avis-Dynastie um Enn, Portugal fällt aus dynastësche Grënn un d'Habsburger vu Spuenien. Bis 1640 régéieren d'Spuenier, Portugal verléiert seng Onofhängegkeet, gëtt zu enger spuenescher Provënz dégradéiert a verléiert Stécker vu sengem Kolonialräich. 1640 kënnt et zu enger Revolte géint d'spuenesch Herrschaft vum Adel ënnert dem Herzog vu Bragance, deen sech als Jean IV. zum Kinnek erkläert. Hie grënnt déi virlescht portugisesch Dynastie, d'Haus Bragance. Baussen- a wirtschaftspolitesch gëtt d'Land méi a méi ofhängeg vun England (cf. Methuenvertrag, 1703). 1755 zerstéiert en Erdbiewen grouss Deeler vun der Haaptstad Lissabon, de Marquês de Pombal baut d'Stad rëm op a baut d'Land mat deels drastesche Methoden zu engem opgekläerten absolutistesche Staat ëm. 1807 hunn napoleonesch Truppen d'Land besat, d'kinneklech Famill geet an den Exil a Brasilien. Noodems d'Fransousen mat britescher Hëllef erausgehäit goufen, kënnt et zu enger liberaler Revolutioun, d'Land kritt fir d'éischte Kéier a senger Geschicht eng Verfassung (1821). Eréischt am Miguelistekrich gewannen d'Unhänger vun enger konstitutionneller Monarchie géint d'Unhänger vum Absolutismus. 1821 gëtt Brasilien ënnert dem Keeser Pedro I. onofhängeg.

[Änneren] Schlussphas vun der Monarchie bis den Estado Novo

D'Zäit no dem Miguelistekrich gët vun dem Konflikt tëschent de riets- an de lénksliberale (Cartisten a Setembristen) bestëmmt. 1853 stierwt mat der Kinnigin Maria II. d'Haus Bragance an direkter Linn aus, wéinst dem Bestiednes vun der Kinnigin mat dem Ferdinand II. vu Sachsen-Coburg-Gotha kann d'portugisesch Branche vun dësem däitschen Adelshaus den Troun iwwerhuelen (bis 1910). D'Schlussphas vun der Monarchie gëtt vun enger allgemenger Schwächt vum Land, wirtschaftliche Problemer (Staatsfaillite 1891) a sech widderhuelend republikanesch Opstänn bestëmmt. 1908 kommen de Kinnek (Charles I.) an säin Ierwen bei engem Attentat ëm d'Liewen, 1910 gëtt d'Republik ausgeruff.

1916 gräift d'Land op der Säit vun der Entente an den Éischte Weltkrich an. Déi éischt Republik (bis 1926) ass duerch anarchesch a chaotesch Zoustänn gezeechent, monarchistesch a kommunistesch Revolten, Putschversich (ë.a. vum Sidónio Pais, 1917), schwaach, heefeg wiesselnde Régierungen ouni parlamentaresch Majoritéit an eng allgemeng politesch Instabilitéit erschwéieren d'Situation.

1926 putscht d'Arméi a setzt der éischter Republik en Enn. Ënner dem Militär setzt sech allerdéngs en Zivilist, António de Oliveira Salazar, vun 1928 un Finanzminister, vun 1932 u Premier, un d'Spëtzt vum Staat. Hien grënnt 1933 den Estado Novo, den neien autoritären Staat mat faschisteschen Tendenzen, mat enger Eenheetspartei (National Unioun), enger Staatsjugend an enger Geheimpolice (PIDE). Am Zweete Weltkrich bleiwt d'Land neutral, erlabt awer den Alliéierten d'Arichte vu Militärbasen op den Azoren an gëtt, nodeems de Krich eriwwer ass, NATO-Member. 1960 fänkt de Kolonialkrich un, dee besonnesch an Afrika (Angola, Mosambik, Guinea-Bissau) mat grousser Härt gefouert gëtt. 1968 muss de Salazar wéinst Problemer mat der Gesondheet opginn, säi Nofolger, Marcello Caetano, ka sech allerdengs net zu rakikale Reformen décidéieren. Duerch de Kolonialkrich ass Portugal aussepolitesch emmer méi isoléiert, d'Käschte vum Krich dreiwen d'Staatsverscholdung an d'Inflation an d'Luucht. Féierend Genereel erkennen, datt de Kolonialkrich militäresch fir Portugal net méi ze gewannen ass. Well d'Régierung net capabel ass, eng politisch Léisung fir de Problem ze fannen, kënnt et 1974 zum Putsch. D'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung mat der Diktatur, déi duerch d'Wirtschaftskris (wéinst der éischter Pëtrolkris 1973) nach verstäerkt gëtt, féiert dozou, datt sech d'Bevëlkerung massenhaft mat de putschenden Offizéier solidiariséiert, et kënnt zu engem allgemenge Volleksopstand, der Oeilletsrevolutioun, déi den Estado Novo ewechbléist. Déi nei Machthaber entlossen d'portugisesch Kolonien an d'Onofhängegkeet (1974/1975). Et ass dëst d'Enn vum portugisesche Kolonialräich. Et bleift ze soen, datt Portugal seng lescht Kolonie, nämlech de klengen Iwwerséiterritoire Macau, un der südchinesescher Küst, ca. 60 km vun Hongkong ewech, eréischt 1999 u China zréckginn huet.

Kaart vu Portugal
Kaart vu Portugal

[Änneren] Vun der Oeilletsrevolutioun bis zum EU-Bäitrëtt

Déi éischt Phas no der Revolutioun ass vun engem Konflikt tëschent enger éischter konservativer Stréimung (Generol António Sebastião Ribeiro de Spínola) an engem sozialistesche Flillek (Otelo Saraiva de Carvalho, Haaptmann Otelo) gezeechent, dee sech an dem MFA (Movimento das Forças Armadas - der Vereenegung vun de putschenden Offizéier) ofspillt. Um Ufank gésäit et sou aus, wéi wann d'sozialistesch Stréimung géif gewannen, well et zu Verstaatlechungen a Landreforme komm ass, déi nei Constitutioun von 1976 definéiert de Sozialismus als Staatszil.

Mee wéi sech bei den éischte Präsidentschaftswahlen no der neier Constitutioun 1976 de moderéierten Generol Eanes iwwerraschend däitlech géint den Haaptmann Otelo kann duerchsetzen, sinn d'Weiche gestallt fir datt d'Land rëm eng parlamentaresch Demokratie no westeuropäesche Modell ka ginn. Den Eanes an de Chef vun der Sozialistescher Partei, de Mário Soares (Premier vun 1976 bis 1978 a vun 1983 bis 1985, Staatspräsident vun 1986 bis 1996) féieren d'Land 1986 an d'Europäesch Gemeinschaft.

[Änneren] Vum EU-Bäitrëtt bis haut

1979 gewënnt fir d'éischte Kéier zënter der Oeilletsrevolutioun rëm eng politesch Gruppéierung, déi riets vun der Mëtt steet, d'Parlamentswahlen (wat zu de Regierungen Francisco de Sá Carneiro a Francisco Pinto Balsemão féiert), d'Regierung ka sech mat der sozialistescher Oppositioun op eng Verfassungsännerung eenegen, duerch déi sozialistesch Iwwerreschter, déi no der Oeilletsrevolutioun an d'Constitutioun geschriwwe goufen, erausgeholl ginn. D'Verfaassungsännerung, déi 1982 a Kraaft trëtt, éliminéiert ënnert anerem dee bis dohinner wichtege Revolutiounsrot an setzt e Verfaassungsgeriicht nom Virbild vun aneren demokratesche Staaten an. 1985 gëtt den Aníbal Cavaco Silva Premier, seng konservativ PSD gewënnt onerwaart héich d'Wahle vun 1978, bei deenen eng Partei fir d'éischte Kéier eng absolut Majoritéit kritt. De Cavaco Silva bleiwt bis 1995 Premier, hie steet fir eng neoliberal Wirtschaftspolitik, d'Verstaatlechungen aus der Zäit vun der Oeilletsrevolutioun gi réckgängeg gemaach. Vun 1995 bis 2002 stellen d'Sozialisten mat dem António Guterres d'Regierung, vun 2002-2004 huet d'Land mat dem José Manuel Barroso erëm eng konservativ Regierung. D'Fonktioun vum President ass mat engem Sozialist besat, well dem Soares säi Nofolger 1996 de Sozialist Jorge Sampaio gëtt. 2004 gëtt de Barroso vum Europäesche Conseil zum Nofolger vum Romano Prodi als President vun der Europäescher Commissioun bestëmmt. De Pedro Santana Lopes gëtt doropshin Premier, mee seng Coalitioun hält net laang: den 30. November 2004 rifft de President Sampaio Neiwahlen aus, déi am Februar 2005 ofgehale ginn. De José Sócrates, dee Spëtzekandiadat vun der Partido Socialista war, ass zanter dem 12. Mäerz 2005 neie Ministerpresident. Den 22. Januar 2006 gëtt de Cavaco Silva zum President gewielt.

[Änneren] Geographie an Natur

Klimadiagramm vu Porto
Klimadiagramm vu Porto
Klimadiagramm vu Lissabon
Klimadiagramm vu Lissabon
Klimadiagramm vu Faro
Klimadiagramm vu Faro

De Norden vu Portugal huet e relativ killen a fichte Klima. En ass ennerdeelt an zwou Provënzen resp. Landschaften:

De Minho am Nordwesten gehéiert zu den am meeschten bewunnte Géigende vum Land, d'Groussstied leien nëmmen un der Atlantikküst, bannen am Land leien dofir vill Dierfer a méi kleng Stied. De Minho gëtt wéinst sengem Klima an der relativ staarker Vegetatioun als de grénge Gaart vu Portugal bezeechent. D'Häng vun de ville Flossdäller si fir den Ubau vun Drauwe reservéiert, aus deenen de bekannte Portwäin an de Vinho Verde gemaach ginn. Doniewent gëtt et och vill Geméiskulturen. D'natierlech Vegetation ass eng Mëschung vun där aus der gemässegter Klimazone an aus deeër vun der subtropescher, je no Altitude gëtt et Eechen oder Käschten resp. Pinien an Olivebeem.

Am Nordoste läit Trás-os-Montes (Hanner de Bierger). Dësen Deel vum Land deen dem Mier de Réck dréit, ass eng Gebiergsregioun an deeër et am Wanter zimlech kal, an am Summer zimlech waarm ka ginn. D'Vegetatioun ass net sou stark wéi am Minho an hëlt of wat ee méi no bei d'spuenesch Grenz kënnt. Di zwou Provënzen hunn eng Gemeinsamkeet : hir Gebiergsmassiver, wéi z.B. de Marão oder de Peneda-Gerês gi vu ville Flëss, wéi dem Rio Minho (Grenzfloss tësche Portugal a Spuenien) oder dem Rio Douro, duerchschnidden. Am Norde vu Portugal läit de Nationalpark Peneda-Gerês, dat gréisste Naturschutzgebitt vum Land, wou et och nach Reschter vum Urbësch gëtt, mat Beem wéi der wantergrénger Steeneech. Grouss Stied am Norde si Porto, Vila Nova de Gaia, Matosinhos, Braga, Vila Real a Bragança.

Mëttelportugal ass gréisstendeels hiwweleg bis gebiergeg an huet mat der Serra da Estrela eng gréisser Biergskette wou et och e Skigebitt gëtt. Déi wichtegst Landschafte sinn d'Beira, de Ribatejo (den Tejo-Plateau mat dem Spëtznumm Gaart vu Lissabon), d'Estremadura an den Zoufloss vum Tejo an den Atlantik. Déi ganz Regioun ass relativ fruchtbar an huet en optimale Klima fir den Ubau vu Wäindrauwen. Wäi gëtt hei schonn zanter der Réimerzäit produzéiert. Doniewent ginn och nach all méiglech Zorten Kar, Räis, Sonneblummen a Geméis ugebaut. D'Regioun gëtt vum Tejo an zwee gedeelt. Iwwerschwemmungen, déi fréier am Ribatejo regelméisseg eng Plo waren, kommen zanter dem Bau vu ville Staumaueren net méi vir. Grouss Stied a Mëttelportugal si Lissabon, Aveiro, Amadora, Almada, Seixal, Cascais, Coimbra, Viseu, Guarda, Leiria, Castelo Branco, Covilhã, Setúbal a Santarém.

De Süde vu Portugal besteet aus dräi Landschaften : Terras do Sado, Alentejo an der Algarve. Déi ganz Régioun ass platt bis hiwweleg mat engem drechene bis gliddege Klima. Den Alentejo, fréier souzesoen de portugisesche Reservoir fir Kar, ass hautzedaags nëmmen dënn bewunnt a vill vu senge Bewunner wanderen aus, wäitleefeg Karfelder mat Olivebongerten a Korkeechen dominéieren d'Landschaft. Zum Kar- kënnt och nach de Wäinubau, an an klammende Proportiounen d'Sonnenblumen, als Haaptproduiten. D'Wisen, déi am Fréijoer voll vu Blume sinn, ginn als Weede fir d'Schof benotzt. Zum wirtschaftleche Néiergang droen net zulescht och déi emmer méi laang Drëcheperiode bäi. Fir deem entgéint ze steiere ginn ëmmer méi Staumauere gebaut. Nët einheimesch, mee ëmmer méi heefeg ze fanne, sinn Eukalyptusbeem, déi allerdéngs, wéinst der grousser Brandgefor déi vun hinnen ausgeet, net onëmstridde sinn. Déi südlech Küsteregioune sinn heefeg vu Kifere bewuess. Doniewent gëtt et vill Palmenzorten, vun deenen awer nëmmen d'Zwergpalm aus dem Land selwer ass.

D'Algarve markéiert déi ganz Südküst vum Land an ass mat hire schéine Stied, de géie Küsten a Sandplagen zu enger beléifter Vakanzendestinatioun ginn, wat déi üblech negativ Nierwenwierkunge vum Massentourismus mat sech bruecht huet. Grouss Stied a Südportugal si Portalegre, Évora, Beja, Faro a Sagres. De wichtegste Floss ass de Rio Guadiana, deen och d'Grenz zu Spuenien markéiert. Un déi grouss Hëtzt am Summer ugepasst sinn och vill Planzen déi Waasser späicheren.

Zu Portugal gehéieren och déi zwou Inselgruppen Madeira (Holzinsel) an d'Azoren d'Héngerdéifsinsel am Atlantik; si sinn entstaanen duerch vulkanesch Aktivitéit an hu wéinst hierer Lag virun der afrikanescher Küst eng zu engem Deel tropesch, zum aneren Deel subtropesch Vegetatioun. Den héchste Bierg vu Portugal fënnt een op den Azoren (Monte Pico, 2 351 m).

De wichtegste Floss vu Portugal ass den Tejo, deen a Spuenien ënner dem Numm Tajo entspréngt a bei Lissabon an den Atlanteschen Ozean fléisst.


  Méi doriwwer am Artikel Lëscht vun de portugisesche Stiedan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 



[Änneren] D'Déierewelt

Landschaft bei Monsaraz
Landschaft bei Monsaraz

D'Déierewelt vu Portugal ass nëmmen onwesentlech anescht wéi déi vu Spuenien. Vereenzelt ginn et nach Wëllef; de Pardelluchs, deen et nëmmen op der iberescher Hallewinsel gëtt, ass a Portugal bal ausgestuerwen. Nëmmen nach seele ginn Eenzeldéiere fonnt an déi sinn héchstwahrscheinlech iwwer d'spuenesch Grenz an d'Land komm. Fir de Rescht fënnt een nach d'Wëllkaz, den Routfuuss, d'Wëllschwäin, den Hirsch, wëll Geessen an d'Wëllkanéngchen. A Portugal kann ee vill Vigel observéieren, well d'Land op der Migratiounsroute vun den Zugvigel fir d'Destinatioun Afrika läit, dorënner besonnesch am Süden och Flamingoen; Steenadler liewen an den Küstegebitter an ginn do och op d'Juegd. Am Banneland kommen och verschidden Zorte Schlangen a Skorpioune vir.

[Änneren] Bevëlkerung

Portugal ass, aus sproochlecher, ethnescher a reliéiser Siicht, en homogeent Land. D’Portugisesch Sprooch gëtt am ganze Land geschwat. Just an den Dierfer vu Miranda do Douro gëtt en Dialekt geschwat, de Mirandes, deen dem Astureschen rougerechent gëtt.

Eng grouss Majoritéit vun de Portugiesen bekennt sech zum kathoulesche Glawen.

Vu wou kommen d'Auslänner?
Vu wou kommen d'Auslänner?

Aus anthropologescher Siicht sinn d’Portugisen e Mëschvollek, dat aus de Nokommen besteet vun den Iberer, der Urbevëlkerung vun der iberescher Hallefinsel, den Nokommen vun de réimeschen, goteschen, suebeschen a maureschen Invasoren.

De maureschen Afloss ass a Portugal méi staark wéi an aneren europäesche Länner. No der Reconquista goufen d’Mauren zum Deel verdriwwen, zum gréissten Deel als versklavt. Si hu sech spéider mat der Bevëlkerung vermëscht a ware bedeelegt un dem Opbléien vum Handwierk a Akerbau am fréie Mëttelalter.

Bevëlkerungsdicht
Bevëlkerungsdicht

Iwwer laang Joere war Portugal en Auswanderungsland; wichteg Zentre vu portugiseascher Kultur gëtt et virun allem a Frankräich wou 600 000 Portugise liewen. Anerersäits war Portugal schonn zu Zäite vun den Onofhängegkeetskricher vu senge Kolonien Zilland fir Immigranten aus den koloniséierte Géigenden. Zënter dem Bäitrëtt vu Portugal an d’ Europäesch Unioun as d’Land ëmmer méi zu engem Awanderungsland gi fir Mënschen aus Afrika (Angola, Südamerika (Brasilien), de Kap Verdeschen Inselen an aus Osteuropa (Russland, Moldawien an aus der Ukrain. Enn 2003 hunn ongeféier 250 000 Auslänner a Portugal gelieft. Vun deene stamen déi meeschten aus anere portugiseschsproochege Länner, si gréisstendeels Katholiken an hunn deeselwechten kulturelle Fong. E Veerel vun den Auslänner, déi a Portugal liewen, sinn Europäer; zum Deel Leit, déi hir Pensioun am Land verbréngen. Mee dobäi sinn awer och Portugisen, déi ausgewandert waren an dunn zréckkommen, deelweis mat anere Päss. Statistesch gesinn, kënnt op zéng Portugisen ee Bierger, deen net vun do ass.

Méi wi d'Halschent vun den Auslänner lieft zu Lissabon oder an anere Küstestied. D'Bevëlkerungsdicht ass am gréissten an der Küstesträif tëschen der spuenescher Grenz an der Géigend ronderëm Lissabon. Op deem Terrain liewen 70 Prozuent vun der ganzer Bevëlkerung; d’Hannerland ass nüemmen ganz dënn besidelt.

Iwwer 10 Prozent vun de Leit wunnen an enger vun de Groussstied Lissabon oder Porto. Méi wéi d'Halschend lieft an Uerschafte mat manner ewéi 2000 Awunner.

Matten am Land gëtt et ëmmer méi Migratiounsbewegungen. Ëmmer méi Mënsche plënneren aus dem Hannerland a Richtung Industriezentren (Lissabon, Porto) oder Tourismusgéigenden (Algarve, Madeira oder op d’Azoren

[Änneren] Economie

Zënter dem Bäitrett vu Portugal zuer EG am Joer 1986 huet sech dem Land seng Économie sech méi a méi diversifiéiert a sech dobäi virun allem op den Déngschtleeschtungssecteur ausgeriicht. Dengschtleeschtunge maachen an der Tëschenzäit ongeféier zwee Drettel vum BIP aus. Wéi och an aanere Staate vun Europa gouffen an de läschte Joeren noutwenneg Privatiséierungen duerchgefouert an dem Staat seng Ausgabe reduzéiert. 1998 huet sech Portugal fir de Bäitrett an d'Europäesch Währungsunioun qualifizéiert an huet den 1. Januar 2002, wéi 11 aaner Staaten och, den Euro als Währung agefouert.

D'Neiverscholdung vu Portugal läit momentan iwwer den 3% déi am Maastricht-Vertrag définéiert goufen, woubäi et allerdéngs net dat eenzegt Land am Moment ass.

De Wirtschaftswuesstem huet mat ongeféier 3,3% all Joer zwar an der Vergangenheet den EU-Durchschnett an der Regel iwwertraff, trotzdem ass Portugal nach emmer den äermsten Aalmember vun der EU: De BIP pro Kapp (a Kaafkraaftparitéiten) läit bei ongeféier 78% vum Duerchschnett vun den EU-Länner virun der Ostvergréisserung, woubäi en 1985 nach bei 50% louch. Als negativ fir e méi starke Wuesstëm vun der Produktivitéit an der Beschäftegung gi virun allem strukturell Probleme betruecht, wéi z.B. den ëmmer nach schlechte Bildungssystem an déi héich Unzuel un Analphabeten, déi deels schlecht Infrastruktur, an eng ineffizient Verwaltung. Aus dese Grënn geréit Portugal ëmmer méi a Rivalitéit mat Länner mat nidderege Paien aus Mëttel- an Osteuropa, Asien an Nordafrika an ass deemno fir auslännesch Direktinvestitiounen net besonnesch attraktiv; d'Durchschnëttsléin sinn a Portugal ganz niddrëg bei ganz laangen Arbechtszäiten. Auslännesch Investitiounen komme virun allem aus Groussbritannien a Spuenien; déi gréissten Investitioun vun allen Zäite war de Bau vun Auto-Europa, enger Autofabrik.

De Chômage ass mat ongeféier 4% am Verglach mat dem EU-Durchschnëtt niddereg, woubäi een dorunner denke muss, datt et e groussen informelle Sektor a der portugisescher Wirtschaft gëtt, deen e gewëssen Deel vun deenen Arbëchtslose beschäftegt, déi aanerfalls an d'Chômage-Statistike géife faalen.

Den Aussenhandel gëtt zu ongeféier 80% mat den EU-Partner ofgewéckelt; exportéiert gi virun allem Kleeder a Schong, Maschinnen, Chimiesproduiten, Kork, Cellulose a Pabéier. Importéiert gi Maschinnen, all Zorte vun Transportmëttelen, Petrol a Petrolsproduiten a Landwirtschaftsproduiten. Portugal huet e ganz groussen Handelsbilanzdefizit an och en Zahlungsbilanzdefizit, deen duerch héich Recetten aus dem Tourismus allerdéngs nët sou héich ass wéi den Handelsbilanzdefizit.

Portugal huet vill natierlech Ressourcen, dorënner Kuel, Koffer, Zënn, Gold, Eisenäerz a Pyrit a Chalcopyrit, Tounmineraler wéi Kaolinit a Wolframit an Uraninit; et gehéiert domat zu de weltwäit féierende Natiounen an der Wolfram- an Uranproduktioun. Während dem Zweete Weltkrich huet Hitlerdäitschland portugisesche Wolfram fir seng Waffenproduktioun benotzt, an der Atombomm vun Hiroshima war portugiseschen Uran drann.

D'Landwirtschaft a Portugal ass eng vun den ineffizientesten an Europa; den Undeel vun dem Akerbau um BIP läit bei ongeféier 5%, mee iwwer 15% vun der aktiver Bevëlkerung schaffen hei. Dat huet dozou gefouert, datt vill Betriber hu missen opginn, sou datt mëttlerweil bal d'Halschent vun de Liewensmëttel muss importéiert ginn. D'Korkeecheplantatiounen am Alentejo an de Ubau vu Mandelen ass och an enger déiwer Kris. Anerersäits ginn op grousse Flächen Eukalyptusbeem gesat, well déi méi séier wuessen an domat der Celluloseindustrie, engem wichtegen Wirtschaftsfacteur vum Portugal, déi noutwenneg Ressource liwwert. Ëmweltpolitesch gesinn ass dat eng ganz schwiereg Situatioun, well den Eukalyptus dem Buedem seng Reserven hëllt, den Urbësch an domatter och d'Déierewelt op d'Säit dréckt a selwer ganz liicht brennt, wat zu deene bekannten an heefege katastrophale Bëschbränn am Summer féiert.

Genau wéi den Akerbau huet och d'Fëscherei Produktivitéitsproblemer; d'portugisesch Fëschereiflott ass am Verglach mat der spuenescher wäit hannendrann. De meeschte Fësch gëtt importéiert.

Ongeféier 8% vum BIP, mat klammender Tendenz, bréngt den Tourismus an, woubäi déi meeschten Touristen aus Spuenien a Groussbritannie kommen. D'Algarve ass den Zentrum vun der tourestescher Aktivitéit a läit dobäi mat groussem Ofstand un der Spëtzt.

[Änneren] Politik

Zënter der Oeilletsrevolution vu 1974 huet Portugal sech zu enger stabiler parlamentarescher Demokratie entwéckelt. Déi véier wichtegsten Organer vun der Politik a Portugal sinn de Präsident, de Premier a säi Ministerrot, d'Parlament an d'Justiz.

De President, deen all fënnef Joer direkt an allgemenge Wahle bestëmmt gëtt, ass och Commandant en chef vun der Arméi. Hien ernennt de Premier an de Ministerrot, woubäi en sech do un de Resultater vun der Parlamentswahl z'orientéieren huet. De Staatsrot ass e Gremium, deen de President beréit. E besteet aus sechs zivile Beamten, alle fréiere Presidenten, fënnef Persounen, déi vum Parlament gewielt ginn a fënnef Persounen, déi de Preident bestëmmt.

D'Regierung gëtt vum Premierminister ugefouert, dee sech säi Ministerrot zesummenstellt. All nei Regierung muss dem Parlament e Programm virleeën, iwwer deen debattéiert gëtt. Wann dee Programm net refuséiert gëtt, dann heescht dat, datt d'Régierung vum Parlament akzeptéiert gëtt.

D'Parlament gëtt als Assembleia da República (Versammlung vun der Republik) bezeechent a besteet aus enger Kummer mat bis zu 230 Députéierten. D'Députéierte gi fir véier Joer gewielt, woubäi d'Verhältniswahlrecht benotzt gëtt. De President huet d'Recht, d'Parlament opzeléisen an Neiwahlen auszeschreiwen.

D'Iewescht Geriicht ass déi héchsten Instanz vun der portugisischer Justiz, woubäi et speziell Iewescht Gerichter fir militäresch, verwaltungsrechtlech a steierrechtlech Froe gëtt. D'portugisesch Cour constitutionnelle huet néng Memberen an iwwerwacht d'verfassungsgeméisst Ausleen vum Recht.

Am Parteiespektrum dominéieren dräi Parteien: de Sozialisten (PS) stinn zwou biergerlech-konservativ Parteien, d'Sozialdemokratesch Partei (PSD) an d'Vollékspartei (PP), géinteniwwer. Déi zwou leschtgenannte Parteien hu sech zu engem Wahlbündnis, der Força Portugal, zosummegedoen. De PS stellt zënter der Oeilletsrevolutioun emmer de President, andeems d'Premieren schonn aus béid Lagere komm sinn. Zur Zäit regéiert d'biergerlech-konservativt Lager. Weider Parteien sinn déi portugisesch Gréng (Partido Ecologista “os Verdes”, PEV), d'Kommunisten an de Lénksblock (Bloco de Esquerda, BE).

Kuckt dozou och den Artikel: Lëscht vun de politische Parteien (Portugal)

[Änneren] International Bezéiungen

Portugal ass Member vun der Europäescher Unioun (EU) an hat d'Présidence vum Conseil vun der EU am éischte Hallefjoer 2000 iwwerholl. An dëser Zäit huet Portugal als Zil gehat, den Dialog mat Afrika ze forcéieren an Impulser fir d'Stäerkung vun der Konkurrenzkapazitéit vun der europäescher Wirtschaft ze ginn. Dat 2. Semester 2007 huet et nees d'Presidence.

Portugal war Grënnungsmember vun der NATO an bedeelegt sech mat Truppen un der Friddenssécherung op dem Balkan. Zesumme mat Spuenien ass Portugal un den Ibero-Amerikanische Sommeten bedeelegt, deenen hirt Zil den Dialog virun allem mat de Länner aus Latäinamerika ass. Portugal war och an der Féiereungsroll wéi d'Communautéit vun de Portugiseschsprochege Länner (CPLP) gegrënnt ginn ass, mam Zil, d'Kooperatioun vun dëse Länner ze verdéiwen. Portugal huet och Timor-Leste ënnerstëtzt, eng fréier Kolonie, an deer hirem Onofhängegkeetswëllen, souwuel finanziell wéi och militäresch, a kooperéiert elo mat dësem jonke Staat zesumme mat asiatesche Länner, den USA an der UNO.

Portugal huet en Territorialsträit mat Spuenie wéinst Olivenza (resp. Olivença), dat zu Spuenie gehéiert, mee awer vu Portugal revendikéiert gëtt. Olivenza ass zënter 1801 ënnert spuenescher Verwaltung, allerdéngs huet Spuenien sech um Wiener Kongress vun 1815 bereeterkläert, den Territoire u Portugal zeréckzeginn. Dat ass nach net geschitt, wat Portugal dofir bis haut régelméisseg verlaangt.

[Änneren] Kultur

[Änneren] Literatur

Portugal gëtt heiandsdo och d’Land vun de Poete genannt. An der portugisescher Literatur hat d'Poesie ëmmer méi e staarken Afloss ewéi d'Prosa. Am Mëttelalter, wéi d’portugisesch Natioun entstanen ass, war am Nordwesten vun der ibereschen Hallefinsel d’Poesie wäit verbreet an huet exzellent sougutt epesch wéi lyresch Wierker produzéiert. Ausser deene bekanntesten klasseschen Dichter Luís de Camões a Fernando Pessoa, gëtt et eng Rei aner, manner bekannte Kënschtler, déi op di modern portugisesch Literatur e wichtegen Afloss hunn..

D'Prosa huet sech e bësse méi spéit entwéckelt. Eréischt am 14. Joerhonnert koumen di éischt Chroniken oder Biographien vun Helleger eraus. De Fernão Lopes ass dovun dee wichtegsten; hien huet eng Chronik geschriwwen iwwer d’Regentschaft vun dräi Kinneken aus senger Zäit. International ass di portugisesche modern Literatur am meeschte bekannt. Hei falen d’Schrëfte vum Eça de Queirós an dem Nobelpräisdréier fir Literatur 1998, José Saramago am meeschten op.


[Änneren] Relioun

Ongeféier 97% vun de Portugise sinn dem réimesch-kathoulesche Glaawen ugehéiereg, woubäi a Portugal Glawensfräiheet besteet. De Wallfahrtsort Fátima läit a Portugal a ass der Maria, dem Jesus senger Mamm, dévouéiert. D'Maria gëtt vun de Portugise vill veréiert, bal wéi eng Gottheet, wat fir munnecher en Indiz op de Fait ass, datt d'Virfahre vun de Portugise virun der Christianiséierung haaptsächlech weiblech Gottheeten ugebied hunn.

[Änneren] Gastronomie

D'portugisesch Kichen huet enorm vill Aspekter, well d'Portugise vill Saachen, déi se op hiren Entdeckungsfahrte kennegeléiert hunn, an hir Kachtraditiounen opgeholl hunn. An all Régioun vu Portugal gëtt et eege Spezialitéiten, mat verschiddene Fleesch- a Fëschzorten oder Mieresfriichten. D'Nationaliessen ass de Bacalhau, bei deem et 365 verschidde Zoubereedungsméiglechkeete gi soll. Portugal ass och fir säi Wäi bekannt, schonn zënter der Réimerzäit gëtt Portugal mat dem Gott vum Wäin an de Fester, dem Bacchus, assoziéiert. Och haut gehéieren d'Wäiner aus Portugal zu deene beschten op der Welt, bekannt ass virun allem de séisse Portwein.

Kuckt dozou och den Artikel: Caldeira de carne

[Änneren] Musek

Déi wichtegste Musekform a Portugal ass de Fado, dee ganz melancholesch ka sinn an dowéinst deelweis responsabel as fir de Klischee vun de melancholesche Portugisen; géintiwwer den temperamentvolle Spuenier. Dës Musek huet eppes vu saudade (etwa: Sehnsucht) u sech, an et ass gutt méiglech, datt se eng Mëschung ass vun de Lidder vun portugisesche Matrousen an de Rhythmen vun afrikanesche Sklaven.

Dobäi gëtt en Ënnerscheed tëschen zwou Stilformen; dem Fado vu Lissabon an deem vu Coimbra. D'Amália Rodrigues war déi wichtegsten a bekannteste Fado-Kënschtlerin, no hirem Doud kruten e puer jonk Kënschtler d'Méiglechkeet aus dem Schiet erauszekommen an nei Forme vum Fado ze produzéieren, déi zum Deel nëmme nach duerch d'saudade un den urspréngleche Fado erënneren. Och an de fréiere portugisesche Kolonien hat de Fado sech ausgebreed a sech eegestänneg zum kap-verdesche Morna vun der Cesária Évora oder zum brasilianesche Choro weiderentwéckelt.

Aus der Zäit vum faschisteschen Estado Novo ënner dem Salazar stamt eng Liddermaachertraditioun. Déi bekannteste Vertreter vun dëser Protestbewegung sinn de José Afonso (dacks Zeca genannt) an de Sérgio Godinho. Vum José Afonso stamt d’Interpretatioun vum Grândola, vila morena, e Lidd, dat den Depart fir d'Oeilletsrevoluioun aglaut hat.

An der Popmusk huet sech a Portugal den Hip Hop Tuga erausgeschielt, deen eng u Portugal adaptéiert Fassong vum Hip Hop ass, an deen ënner Jugendlecher ganz populär ass.

All portugisesch Regioun ass houfreg op hiren eegene Folklorestil (Ranchos Folclóricos). Di portugisesche Musek- und Danztraditioun huet sech a Brasilien mat den Traditioune vun de Sklaven aus dem Angola vun haut gemëscht an ass als Samba och a Portugal ganz beléift. Ënner den angolaneschen Immigranten ass och de Kuduro, eng Zort haarden, allerhad sënnleche Samba mat engemhelleweche Rhythmus, ganz populär, de Kizomba ass en ähnlechen Danzrhythmus, deen awer net esou verbreed ass.

[Änneren] Volleksfester

Am Juni ginn et a ganz Portugal Fester zu Éiere vun den dräi Vollekshellegen (Santos Populares). Dës dräi Helleg sinn den Antonius, den hellege Johannes an de Péitrus. Gefeiert gëtt mat Wäin, água-pé (Moscht), traditionellem Brout mat Sardinnen, Stroossefester an -dänz, Hochzäiten, Feier a Freedefeier an vill gudder Laun.

Santo António gëtt an der Nuecht vum 12. op den 13. Juni gefeiert, virun allem zu Lissabon (wou dësen Hellëge gebuer gouf und gelieft huet), wou et och eng Zort Cavalcade (Marchas Populares) him zu Éiere gëtt. Et ginn och Hochzäiten zelebréiert (Casamentos de Santo António). De populärsten Hellegen ass de São João (hl. Jean), deen um Gehaansdag virun allem zu Porto a Braga gefeiert gëtt, woubäi et Sardinen a Caldo Verde (eng traditionell Zopp) gëtt an d'Leit sech géigesäiteg mat Plastikhummeren op de Kapp schloen, wat Gléck soll bréngen. Zu Éiere vum São Pedro gëtt den 28. an den 29. Juni gefeiert, besonnesch zu Póvoa de Varzim an zu Barcelos, woubäi des Fester zu Éieren vum Mier sinn. Dofir gëtt vill Feier (fogeiras) benotzt an et gëtt rem eng Zort "Stroossefuesend".

[Änneren] Sport

Foussball ass dee bekanntesten, beléiftesten an am meeschte gespillte Sport a Portugal. De portugisesche Foussball huet Weltklassespiller wéi den Eusébio, Manuel Rui Costa oder de Luís Figo ervirbruecht. Niewent dem Foussball hu portugisesch Sportler international an aneren Disziplinnen Marathon, Beachvolleyball und Rullhockey groussen Erfolleg.

Et gëtt a Portugal nach eng traditionell Sportaart, de Jogo do pau (Bengelspill), dat e Selwerverdeedegungssport ass an einfach hëlze Bengelen als "Waff" benotzt. Dëse Sport staamt aus dem Mëttelalter, ass awer haut nach populär; d’Bengelen, déi hautesdaags dofir geholl ginn, si 60 bis 80 Zentimeter laang, also vill méi kuerz wéi déi vu fréier.

[Änneren] Bildungssystem

Bis zu der Oeilletsrevolutioun 1974 gouff d'Bildung lénks leie gelooss an och no der Revolutioun geet den Opbau vum Bildungssystem nemmen lues virun. Dat mierkt ee bis haut: 2000 hat nemmen een Zéngtel vun den Drëssegjähregen en Héichschouldiplom. Domat huet Portugal ënnert den EU-Mitgliedern virun der Osterweiderung dee mat groussem Ofstand nidderegste Wäert. Mat sengen 15 % Analphabeten läit Portugal och an dëser Statistik vir.

Dat ass e grousse Problem fir d'wirtschaftlech Entwécklung, dréit virun allem bei d'Ineffizienz vum Akerbau bäi, well virun allem d'Landbevëlkerung vum Analphabetismus betraff ass. Mee och d'portugisesch Mëttelschicht ass ënnerduerchschnëttlich gebild, well den Accès op d'Universitéiten réischt an de läschte Joeren méi einfach ginn ass. Sou feelt et z.B. u gutt ausgebildeten Entrepreneuren Déi traditionell Besëtzer vu Firme sinn der ausländescher Konkurrenz dacks net méi gewuess, well se duerch Ierwschaft, net duerch Ausbildung zu hirem Posten als Chef komm sinn.

De Schoulsystem besteet aus enger véierjähreger Primärschoul an enger fënnefjähriger Uewerschoul. Et besteet eng gesetzlech festgeluegten néngjähreg Schoulflicht fir all d'Kanner vun hirem sechste Liewensjoer un. D'Flichtschoul ass an de staatleche Schoule gratis a fir an enger vun den relativ ville privaten Institutiounen kënnen an d'Schoul ze goen, kennen aarm Familien Subside kréien.

Wien no der Uewerschoul nach d'Escola Secundária besicht (während dräi Joer), däerf op d'Universitéit a kann tëschent e puer Méiglechkeete fir säin Héichschoulstudium wielen: d'Héichschoulbildung gëtt a Portugal vu staatlechen a privaten Universitéiten (universidades) a staatlechen a privaten Fachhéichschoulen (escolas politécnicas) ugebueden an duerchgefouert. Fir den entléene Régiounen ze hëllefen sinn a ville mëttleren Stied Héichschoulen agericht ginn; de Wiessel vun enger Institutioun zu enger anerer ass relativ liicht. Et ass op jidferfalls en Opnahmeexamen ze absolvéieren an et sinn Studéiertaxen fälleg, déi bei de private Schoulen méi héich si wéi bei de staatlechen, an och vum Fach ofhängeg sinn; op staatlechen Schoule si bis zu 850 € all Joers fälleg. Trotzdem ass ongeféier en Drëttel vu de Studéierenden bei enger privater Institutioun ageschriwwen. Zousätzlech zu den Aschreiwtaxe si propinas ze bezuelen, dest sinn Taxen déi fir d'Verginn vun Zensuren an Diplomen agezu ginn. Ongeféier 20% vun de Studenten kommen an de Genoss vun enger akommesofhängeger staatlecher Subventioun.

[Änneren] Medien

Déi staatlech portugisesch Radio- an Televisiounsgesellschaft RTP (Radiotelevisão Portuguesa) bedreiwt zwee Televisiounssenderen, RTP 1 an RTP 2. Zënter 1992 si Privatsenderen a Portugal erlaabt, zënterhir gëtt et nach SIC an TVI (Televisão Independente, bedriwwe vun der kathoulescher Kierch). De Programm gëtt bei alle véier Senderen vu brasilianeschen a portugiseschen Telenovelas an Action-Serien dominéiert; d'Noriichte sinn an héige Moss op Portugal ausgeriicht. Filmer ginn dacks op Englesch mat Ennertitele gewisen. Den Auslandssender RTP-Internacional kann och a Mëtteleuropa empfaange ginn a weist dat Bescht aus alle véier Programmer.

A Portugal gëtt et ongeféier 150 Radiostatiounen, woubäi de Sender vun der RTP an de kathoulesche Sender Radio Renascença landeswäit kënnen empfaang ginn. D'RTP ass iwwer Kuerzwell och a Mëtteleuropa ze héieren, allerdéngs nemmen op Portugisesch.

Ënnert de villen Zeitungen, déi a Portugal gedréckt ginn, leeft momentan e Konsolidéierungsprozess of, bei deem wuel e puer méi kleng Zeitungen ennergoen wäerten. Déi wichtegsten Zeitungen sinn déi konservativ-liberal Diário de Notícias, de linksliberale Público (allen zwee vu Lissabon) an de Jornal de Notícias vu Porto. Ganz grouss Oplagen hun och d'Sportzeitungen, déi all Dag eraus kommen a sech bal nëmmen mat Foussball beschäftegen - déi wichtegste sinn dO Jogo an dA Bola. Als beschte Wochenzeitung gëllt den Expresso. Am Beräich vun der Klaatschpress sinn d'Magaziner Maria an Nova Gente déi all Woch gedréckt ginn, déi Publikatiounen mat den héchsten Oplagen.


[Änneren] Verkéier

Déi dräi wichtegst Fluchhäfe vu Portugal, Porto, Lissabon a Faro gi vun e puer Fluchgesellschaften ugeflunn, woubäi déi zwou portugisesch Fluchlinien TAP Air Portugal a Portugália déi meeschte Verbindungen ubidden. Et gëtt och Flich bannent dem Land, mee well d'Land ze kleng ass sinn déi net besonnesch attraktiv an tendéieren dozou relativ deier ze sinn.

D'Stroossennetz ass, virun allem och mat Hëllef vu Subside vun der EU gutt ausgebaut, wat Leit, déi Portugal an den achtzeger Joere fir d'leschte Kéier besicht haten, verwonneren dierft. Déi wichtegst Route gi vun Autostradas (mat Péagen) oder Itinerários Principais (IP) (gratis) resp. Itinerários Complementares (IC) servéiert. An ofgeleeëne Gebidder kann een allerdéngs nach dacks op Pavé-Stroosse stoussen. D'Selwerfueren, speziell an de Stied, sollte sech Mëtteleuropäer gutt iwwerleeën; dem Chaos zu de Stousszäiten an dem generéisen Ausleeë vun de Verkéiersregelen ass net jidderee gewuess. Datt de Stroosseverkéier a Portugal zu den onsécherste gehéiert, hunn europäesche Onglécksstatistike schonn dacks bewisen. Taxien si relativ bëlleg, besonnesch an de Stied.

D'Eisebunnsnetz a Portugal ass net besonnesch dicht, op den Haapttrassen sinn d'Verbindungen awer effizient a séier, wann d'Eisebunner net grad streiken. D'Billjeeë si relativ bëlleg. Op den Niewestrecke gouff an de leschte Joerzéngten näischt méi investéiert a vill sinn och mëttlerweil ausser Betrib. International Zich verbanne Portugal mat e puer Stied a Spuenien, doniewent gëtt et eng Verbindung op Irún un der spuenesch-franséischer Grenz mat direktem TGV-Uschloss fir op Paräis.

Dogéinter gëtt et en zimlech dicht Busnetz, dat zu niddrege Präisser bal all Uertschaft ufiert. International Busse verbanne Mëtteleuropa mat Portugal, si gi wéinst der laanger Fuerzäit allerdéngs bal nëmme vun Gaaschtaarbechter benotzt. D'Busse fueren a Portugal vun der Rodoviária of, wou een och d'Biljeeë kritt.

[Änneren] Feierdeeg

Datum Numm Portugisesche Numm Bemierkung
1. Januar Neijoerschdag Ano Novo
Karfreideg Sexta-Feira Santa de Freideg virun Ouschteren
Ouschterdag Páscoa Ouschtersonndeg
25. Abrëll Dag vun der Fräiheet Dia da Liberdade Oeilletsrevolutioun 1974
1. Mee Dag vun der Aarbecht Dia do trabalhador
10. Juni Portugal-Dag Dia de Portugal Doudesdag vum Camões am Joer 1580
Härläichendag Corpo de Deus Donneschdeg, 40 Deeg no Ouschterdag
15. August Mariä Himmelfahrt Assunção
5. Oktober Aféierung vun der Republik Implementação da República am Joer 1910
1. November Allerhellegen Todos os santos
1. Dezember Rëmaféierung vun der Onofhängegkeet Restauração da Independência am Joer 1640
8. Dezember Onbefleckten Empfängnis Imaculada Conceição Schutzpatréinesch vu Portugal
25. Dezember Chrëschtdag Natal

Wat nach dozou ze soen ass.
All Krees huet en eegene reliéise Feierdag, dacks fir den Hëllegen Antonius den 13. Juni, dem Hëllege Johannes den 24. Juni oder den Hëllege Péitrus den 29. Juni. Wann de Krees keen esou e Feierdag huet, dann ass Fuessonndeg e gesetzleche Feierdag. De Fuessonndeg gëtt awer faktesch wéi e normale Feierdag behandelt, virun allem well d’Staatsbeamten deen Dag normalerweis fräi hunn. Doniewent gëtt doriwwer diskutéiert, de 24. Juni als Feierdag anzeféieren (Onofhängegkeet vu Portugal am Joer 1128).

[Änneren] Literatur iwwer Portugal

Ausser de villen Tourismusguiden gëtt och nach folgendes:

  • Briesemeister, Dietrich an Schönberger, Axel (Éd.): Portugal heute: Politik - Wirtschaft - Kultur, Frankfurt am Main 1997. Eng relativ deier, ustrengend, mee ganz informativ an déifgrënneg Aufsatzsammlung.
  • Freyre, Gilberto: Herrenhaus und Sklavenhütte. Dat wichtegst Wierk vum bedeitende brasilianische Soziolog an Anthropolog gëtt zwar e Bild vun der brasilianescher Gesellschaft, mee an engem Drëttel geet et awer iwwert d'portugisesch Kolonisatoren a virun allem iwwert denen hir kulturell Originen an hir Wirtschaftsgeschicht riets.
  • Remarque, Erich Maria: Die Nacht von Lissabon. D'Geschicht spillt am Zweete Weltkrich an deer Zäit, wou Lissabon eng Sammelplaz fir all déi europäesch Krichsrefugiéen war, déi vun do aus an Amerika emmigréire wollten.

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Fläch ouni d'Azoren a Madeira: 88 967 km² Source: Statistical Yearbook of Portugal (2005) vum Instituto nacional de estatística.
  2. 2006 Instituto nacional de estatística (August 2007)

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Portugal – Biller, Videoen oder Audiodateien

[Änneren] Administratioun

[Änneren] Tourismus

[Änneren] Kultur a Sport

[Änneren] Diverses


Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com