Jacques Martin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacques Martin, gebuer den 22. Juni 1933 zu Lyon a gestuerwen de 14. September 2007 zu Biarritz, war e franséische Schauspiller, Journalist a Radios- an Televisiounsanimatur.
Hien huet 1949 als Theaterschauspiller ugefaang. Bekannt gouf e virun allem fir seng Televisiounsemissiounen, déi en tëscht den 1970er an 1990er Joeren op der franséischer Tëlee moderéiert huet, dorënner Le Petit Rapporteur, L'École des fans an Dimanche Martin.