Janez Drnovšek
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Janez Drnovšek, gebuer de 17. Mee 1959 zu Celje a gestuerwen den 23. Februar 2008, war e slowenesche Economist a Politiker. 1992 bis 2000 war hie Premierminister, a vum 22. Dezember 2002 bis den 21. Dezember 2007 President vu Slowenien.
Nom Doud vum Tito gouf hie vu Mee 1989 bis Mee 1990 President vum Presidium vu Jugoslawien a war domatter de facto President. Hien huet eng Schlësselroll bei der Onofhängegkeet vu Slowenie gespillt, ë.a. huet hie mat der federaler Arméileedung diskutéiert, an hie war och bei de Verhandlungen dobäi, déi zum Accord vu Brioni gefouert hunn.
Hie war Member vun der slowenescher Liberaler Partei.
[Änneren] Fir ze liesen
- Janez Drnovšek: Der Jugoslawien- Krieg. Meine Wahrheit, 1998, Smartbook (vergraff)
- Janez Drnovšek: Vom Wesen der Welt, 2006, Hermagoras