Jean Jacoby
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Konschtkompetitiounen | ||
Gold | Olympesch Summerspiller 1924 an 1928 | Zeechnungen |
De Jean Lucien Nicolas Jacoby, gebuer de 26. Mäerz 1891 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 9. September 1936 zu Mulhouse, war e lëtzebuergesche Moler vu Sportthemen. Hien huet 2 Mol, 1924 zu Paräis an 1928, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen, wat soss keen olympeschen Artist fäerdegbruecht huet.
[Änneren] Säi Liewen
No senger Kandheet a Jugend zu Molsheim (Elsass) huet de Jean Jacoby säi Konschtstudium an der École des Beaux-Arts zu Stroossbuerg gemaach.
Dono war en Zeecheproff (1912-1918), ass dann als Kierchemoler op Wiesbaden gaangen, an dunn op Stroossbuerg, wou en d'kënschtleresch Directioun vun enger Dréckerei iwwerholl huet. Vun 1926 bis 1934 huet hie beim Ullstein-Verlag als Zeechner fir d'Zeitungen, déi do erauskoumen, geschafft.
1934 ass hien op Mulhouse geplënnert, wou en 1936 un engem Häerzschlag gestuerwen ass.