Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek (LGNM) gouf 1983 vun e puer Frënn vun der zäitgenëssescher Musek gegrënnt.
Hier Statuten ginn als Zweck un: zäitgenëssesch Musek vrun allem aus Lëtzebuerg ze fërderen an en Zentrum fir Dokumenter iwwer lëtzebuergesch zäitgenëssësch Musek sowéi Partituren ze féieren: "Luxemburg Music Center". Leeder vun desem Zenter ass de Marcel Wengler.
D'LGNM organiséiert all Joer déi lëtzebuergesch Versioun vum Concours International de Composition de Musique Contemporaine.
Literatur: "Et demain, une maison de la musique" (D'Lëtzebuerger Land, Kultur, 2003, Carmen Heyar)
"Générer une tradition", Interview vum Carmen Heyar mam Marcel Wengler (L.L., Feuilleton, 24. Januar 2003) "Musical truth coming out in Luxemburg", zum internationalen Kompositionswettbewerb für neue Musik (L.L. 2003, Carmen Heyar)