ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Macau - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Macau

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

中華人民共和國澳門特別行政區
Região Administrativa Especial de
Macau da República Popular da China
Fändel vu Macau Wope vu Macau
(Fändel) (Wopen)
National Devise: keng
Wou läit Macau
Offiziell Sprooch Portugisesch a Chinesesch
Chief Executive Edmund Ho Hau-wah
Fläch
- Total
- % Waasser
Net opgelëscht
27,3 km²
0%
Bevëlkerung
- Total (2004)
- Dicht
Net opgelëscht
451.000
16.521/km²
Grënnungsdatum Vu Portugal un d'Volleksrepublik China


20. Dezember 1999

Währung Pataca (MOP)
Zäitzone UTC+8 (AWST)
Internet TLD .mo
International Virwahl +853

Macau ass eng fréier portugisesch Kolonie un der Südküst vu China, déi den 20. Dezember 1999 nees ënnert d'chinesesch Souveränitéit koum. Haut ass den Territoire eng Sonderverwaltungszon vun der Volleksrepublik China mat engem héije Grad un Autonomie.

D'Senatsplaz an de 60er Joren
D'Senatsplaz an de 60er Joren

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

[Änneren] Geographie

Macau setzt sech aus enger Hallefinsel an zwou virgelagerten Inselen, Taipa a Coloane, zesummen. D'Haaptstad Santo Nome de Deus de Macau, oder einfach kuerz Macau, läit op der Hallefinsel, déi iwwert eng Grenzpaart direkt mam chinesesche Festland verbonnen ass. De gréissten Deel vun de ronn 450.000 Awunner lieft an der Haaptstad.

Den Territoire hat ursprénglech eng Fläch vun nëmme 16 km², déi awer an deene leschte Joren duerch Landgewënnungsmoossnahmen op bal 30 km² konnt vergréissert ginn. Trotzdeem huet Macau eng vun der gréisster Populatiounsdicht weltwäit.

D'Haaptstad ass mat der Insel Taipa, déi südlech läit, iwwer zwou Brécke verbonnen. Taipa, wou den internationale Fluchhafen an d'Universitéit vu Macau leien, ass mat der méi grousser Insel Coloane iwwert eng weider Bréck verbonnen.

D'Senatsplaz haut, réamenagéiert am typesch portugisesche Stil
D'Senatsplaz haut, réamenagéiert am typesch portugisesche Stil

[Änneren] Politik

China ass nëmme fir d'Verdeedegung an d'Aussepolitik zoustänneg, an huet dem Territorium, deen eng eege Regierung a Gesetzgebung huet, garantéiert, sech déi nächst 50 Joer net a seng sozial an economesch Struktur anzemëschen. De chinesesche kommunistesche System wäert also zu Macau, mol wéinstens bis 2049, net praktizéiert ginn. Eng ähnlech "E Land, zwee Systemer" Reegelung gëllt och fir déi fréier britesch Kolonie Hongkong, déi nëmmen eng 70 km vu Macau ewech läit, an déi ëmmer en immens wichtege Partner fir den ale portugiseschen Iwwerséiterritoire war.

[Änneren] Bevëlkerung

Eng 95 Prozent vun den Awunner sinn haut ethnesch Chinesen. De Rescht setzt sech aus Portugisen an hiren Nokommen zesummen, si bilden am Macau vun haut eng kleng awer aflossräich Minoritéit. Dernieft kommen all Dag Dausende vun Hongkong-Chinesen op Macau fir hiert Gléck am Casino ze versichen oder fir einfach mol een Dag der Mega-City ze entkommen.

[Änneren] Sprooch

Déi chinesch an déi portugisesch Sprooch sinn zu Macau gläichberechtegt offiziell Sproochen. Si gi vun der Regierung an allen offiziellen Dokumenter benotzt an d'Staatsbeamte musse se beherrschen. Dat Portugisescht ass en Iwwerrescht vun der joerhonnertelaanger portugisescher Präsenz zu Macau; allerdéngs gëtt et hautdesdaags nëmmen nach vun enger klenger Elite geschwat. Dofir hält d'Regierung et fir wichteg, datt d'Portugisescht nees konsequent an de Schoule geléiert gëtt, fir datt d'Identitéit vun den Awunner vu Macau, net verluer geet.

Nieft deenen zwou offizielle Sproochen iwwerhëllt och d'Englescht ëmmer méi eng wichteg Positioun, virun allem an de Beräicher Commerce an Tourismus, mee och als Kommunikatiounssprooch tëscht Portugisen a Chinesen.

All d'Schëlter an d'Stroossennimm zu Macau sinn zweesproocheg
All d'Schëlter an d'Stroossennimm zu Macau sinn zweesproocheg
Den ale Liichttuerm um Hiwwel "Guia", den héichste Punkt vun der Insel
Den ale Liichttuerm um Hiwwel "Guia", den héichste Punkt vun der Insel
D'Zeremonie vum Muechtwiessel den 20. Dezember 1999: de portugisesche Fändel gëtt erofgeholl an duerch de chineseschen ersat. 450 Joër Kolonialgeschicht ginn op en Enn: fir vill macanesesch Awunner e schwéiere Moment an e Bléck an eng ongewëss Zukunft; fir anerer e Grond fir ze feieren.
D'Zeremonie vum Muechtwiessel den 20. Dezember 1999: de portugisesche Fändel gëtt erofgeholl an duerch de chineseschen ersat. 450 Joër Kolonialgeschicht ginn op en Enn: fir vill macanesesch Awunner e schwéiere Moment an e Bléck an eng ongewëss Zukunft; fir anerer e Grond fir ze feieren.

[Änneren] Relioun

Eng 15 Prozent vun der Populatioun gehéieren dem kathoulesche Glawen un, wat natierlech mat der kolonialer Vergaangenheet zesummenhänkt. Macau war vun Unfank un eng Missionärsstatioun a stoung am Mëttelpunkt vun der Christianisatioun an Asien. Dernieft gëtt et nach e gewëssene Prozentsaz vu Buddhisten, mee déi grouss Majoritéit vun de Mënschen (bäigewandert Festlandchinesen) ass atheistesch, wat an der kommunistescher Volleksrepublik wäit verbreet ass.

D'kathoulesch Kierch huet allerdéngs nach ëmmer e groussen Afloss zu Macau; si leescht vill karitativ Hëllef a gët doranner vun der Regierung ënnerstëtzt. Bis op den heitegen Dag ass den Territoire och de Sëtz vun engem Bëschof. Wichteg kathoulesch Fester wéi Chrëschtdag oder Ouschteren ginn ëmmer mat grousser Begeeschterung gefeiert. De religiéisen Hannergrond vu Macau ass och un deene ville klassizistesche Kierchen a Kapellen an der Stad ze erkennen. Net ëmsoss heescht d'Stad mam offiziellen Numm "Cidade do Santo Nome de Deus de Macau"; portugisesch fir "Stad vum hellegen Numm Gottes Macau".

[Änneren] Kultur

Macau ass kulturell absolut eenzegaarteg well et déi eenzeg Plaz op der Welt ass, wou déi portugisesch an déi chinesesch Kultur sech géigesäiteg beräichert a beaflosst hunn. 442 Joer portugisesch Präsenz hu vill Spuren hannerlooss: net nëmmen an der Architektur, virun allem och am soziokulturelle Kontext. Wann een duerch d'Alstad vu Macau trëppelt mat senge ville Gebaier am Kolonialstil, vergësst ee séier dat een a China ass, an et fillt ee sech éischter wéi wann een zu Lissabon oder Porto wier. D'Portugisesch Hären hunn hiren Iwwerséiterritoire ganz nom Virbild vun der aler Heemecht opgebaut: eng portugisesch Stad matzen an Asien, mat allem wat dozougehéiert. An dat gesäit een nach haut. Dofir sinn déi historesch Quartieren vu Macau am Joër 2005 an d'UNESCOslëscht opgeholl ginn. Nieft de Quartieren am portugisesche Stil ginn et och chinesescher, déi deelweis scho virdrun do waren, oder awer vun Immigranten aus Festlandchina opgeriicht goufen.

Och d'Kiche vu Macau ass weltwäit eenzegarteg an e Resultat vun der kolonialer Vergaangenheet. Si verbënnt portugisesch a chinesesch Elementer: d'Portugisen haten hir Kachkënschten an heemesch Zutaten mat op Macau bruecht a se hei mat der lokaler chinesescher Kichen kombinéiert. Awer si haten net nëmme portugisescht Iessen matbruecht mee och Saachen aus de villen deemolege Kolonien an Afrika an an Indien. Déi speziell macanesesch Kichen ass deemno eng Kombinatioun aus portugiseschen, afrikaneschen, indeschen a chinesche Spezialitéiten: eng Mëschung déi anescht nimols zu Stane komm wier. En typesche macanesesche Plat ass zum Beispill "Minchi" oder afrikanesche Poulet. Natierlech ginn et och "reng" portugisesch Platen, wéi z.B. dee guttbekannte "Bacalhau" deen iwwerall zu Macau gären zervéiert gëtt.

Eng weider Besonnerheet ass natierlech d'Bevëlkerung vu Macau: d'Macanesen. Si gëllen als déi agebuer vu Macau a si quasi e "Mëschvollek" mat portugiseschen a chineseschen Originen. Anescht wéi z.B. zu Hongkong wor et de portugisesche Siedler zu Macau erlaabt, lokal chinesesch Fraën ze bestueden. Op dës Manéier huet sech iwwer d'Joërhonnerte lues a lues eng macanesesch Bevëlkerung entwéckelt. Haut sinn d'Macanesen allerdéngs just eng kleng Minoritéit; eng 10.000 liewen der haut nach an der Stad a si hunn et ëmmer méi schwéier, sech géint déi chinesesch Majoritéit ze behaapten an hir Kultur ze schützen. D'Macanese fille sech am allgemengen an deenen zwee Kulturkreeser, dem portugiseschen an dem chineseschen, gläichermoossen doheem. Och beherrschen se an der Regel déi portugisesch an déi chinesesch Sprooch, wat zu Macau bal kee konnt: d'Portugisen aus der Administratioun hunn ni chinesesch geléiert, an déi bäigewandert Festlandchinesen woren der portugisescher Sprooch net mächteg. Dofir hunn d'Macanesen ëmmer eng wichteg Roll an der Verwaltung gespillt, quasi eng Vermëttlerroll tëscht der portugiseschsproocheger Administratioun an der chineseschsproocheger Bevëlkerungsmajoritéit. (D'Portugise woren iwweregens vun Ufank un ëmmer an der Minoritéit zu Macau gewiescht.)

Vill vun de Macanese woren dergéint datt Portugal si u China zréckginn huet. Déi meescht fille sech awer éischter als Europäer wéi als Chinesen (obwuel vill vun hinnen Europa, respektiv Portugal, nach ni gesinn hunn) a ginn elo ënnert der neier chinesescher Administratioun nëmméi sou gutt eens wéi virdrun.

Traditioun a Moderne Hand an Hand: d'Jongfra Maria mat dem moderne Macau Tower am Hannergrond
Traditioun a Moderne Hand an Hand: d'Jongfra Maria mat dem moderne Macau Tower am Hannergrond

[Änneren] Infrastruktur

D'Infrastruktur zu Macau war schonn ënnert der portugisescher Administratioun immens gutt ausgebaut. All eenzel Strooss ass asphaltéiert, de Verkéier leeft gutt, obwuel d'Stroossen dacks ganz enk sinn. Mëttlerweil gëtt et nach eng drëtt Bréck tëscht der Haaptstad an der Insel Taipa (d'SAI VAN Bréck), an zanter kuerzem och eng weider Grenz mam chinesesche Festland. Den internationale Fluchhafen gouf schonn 1995 inauguréiert an huet am Joer 2005 e Verkéiersrekord erreecht.

Fir 2007 ass en neien ëffentleche Transportsystem geplangt, nämlech eng Zort vun Tram, deen déi 40 (!) Buslinnen entlaaschte soll. Laangfristeg ass eng Autobunn duerch de ganze Perlflossdelta virgesinn, déi Hongkong, Macau a Kanton verbanne wäert. Bis haut ass déi eenzeg anstänneg Méiglechkeet fir vu Macau op Hongkong ze kommen déi (traditionell) Schnellbooter (den Dag iwwer am Véierelstonnentakt) oder awer den Helicopter (fir déi déi et sech leeschte kënnen).

Macau gehéiert zu deene Stied mat de meeschte Telefonsuschlëss (telefonéieren ass bannent dem Territoire gratis) an och den Internet gëtt vun der Bevëlkerung iwwerduerchschnëttlech vill genotzt.

D'Gesondheetswiesen ass gutt entwéckelt an op europäeschem Standard; et gi vill gutt ausgebild Dokteren, verschidde Spideeler a sougenannt Gesondheetszenteren (Centro de Saúde). Ausserdeem sinn eng sëlleg Spezialkliniken zu Hongkong schnell ze erreechen.

All Joer ginn nei Landstécker aus dem Mier gewonnen, fir Plaz ze schafen fir nei Gebaier an nach méi Infrastrukturprojeten ze realiséieren well de 27 km² klengen Territoire platzt elo schonn aus allen Néit mat senge villen Awunner an Touristen déi all Dag kommen.

[Änneren] Literatur

[Änneren] Um Spaweck


D'administrativ Andeelungen vun der Volleksrepublik China


Provënzen: Anhui  - Fujian  - Gansu  - Guangdong  - Guizhou  - Hainan  - Hebei  - Heilongjiang  - Henan  - Hubei  - Hunan  - Jiangsu  - Jiangxi  - Jilin  - Liaoning  - Qinghai  - Shaanxi  - Shandong  - Shanxi  - Sichuan  - Yunnan  - Zhejiang
Autonom Regiounen: Guangxi  - Bannescht Mongolei  - Ningxia  - Xinjiang  - Tibet
Regierungsonmëttelbar Stied: Peking  - Chongqing  - Shanghai  - Tianjin
Speziell administrativ Zonen: Hongkong  - Macau

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com