ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Naturschutzgebitt Prënzebierg - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Prënzebierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Prënzebierg-Giele Botter
Prënzebierg-Giele Botter

Prënzebierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemengen Déifferdeng a Péiteng. An engem fréierem Äerzofbaugebitt tëscht Fond-de-Gras, Nidderkuer a Péiteng erstreckt sech haut e variéiert Gebitt mat verschiddene Vegetatiounsstadien, wouvun zirka 255 ha zënter 1991 ënner Naturschutz stinn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Wéi et entstanen ass a Geologesches

Am Südweste vum Land tëscht Diddeleng a Rodange an zum Deel a Loutrengen westlech vun der Musel erstrecke sech ënnert dem Buedem Couchen aus eisenhaltege Steng, déi op lëtzebuergescher Säit an de Bassin Esch-Uelzecht an an de Bassin Déifferdeng ënnerdeelt gi sinn. Am geologeschem Zäitalter vum Lias an Dogger virun ongeféier 175 Millioune Joere gouf de Paräiser Bassin bis an eis Géigende vun engem Mier iwwerschwemmt. Um Fong vun dësem Mier hu sech an eiser Regioun eng ronn sechzeg Meter Sedimenter ofgesat, déi räich un Eise waren an am Laf vun der Zäit d'Couche vun eiser Minette forméiert hunn. Verschidde wëssenschaftlech Aarbechte bezeien, datt dës Sedimenter vu Flëss aus dem nërdlech geleeënem Festland an d'Mieresbucht Tréier-Lëtzebuerg ageschwemmt goufen, wou se bei noloossender Stréimung zur Oflagerung koumen.

Um Prënzebierg ass 1870 mam Ofbau vun der Minette an ënnerierdesche Galerien am Beräich vum Giele Botter (Schlammebierg) ugefaang ginn. Nodeems 1879 d'Thomasverfahren erlaabt huet dem Eisen de Phosphor ze entzéien, ass et mat der Siderurgie richteg lass gaang. Nom Zweete Weltkrich am Joer 1964 huet een um Giele Botter wéinst dem technesche Fortschrëtt mat der Exploitatioun ënnert fräiem Himmel ugefaang. Ier déi eisenäerzhalteg Steng konnte gefördert ginn, hu fir d'éischt misse mergeleg a kallekhalteg Schichten iwwert der Minette ofgedroe ginn. Dëst sinn (vun uewen no ënnen):

Schichten um Giele Botter
Schichten um Giele Botter
  • de Kallek Haut-Pont: e raschtegbrongen (a frëschem Zoustand hellbloen) zerfalene Kallek, dee liicht sandeg ass a sech aus renge Brochstécker vu kalleklegen Haartdeeler vu Liewewiesen (Muschelschuelen) zesummesetzt. (2 m déck)
  • d'Sonninia-Schicht: eng Wiessellagerung vu groem Mergel a giel-brongen zerfalene Kallekbänken.
  • eng blo-gro, liicht kallekeg Tounschicht, déi Glimmermergel genannt gëtt a wäisse Glimmer (Muskowit) enthält. Dës waasseronduerchlässeg Schicht huet verhënnert, datt d'Waasser an d'Galerien duerchsickere konnt. Si war awer wéinst Rutschungen am Tagebau éischter onbeléift.

Eréischt ënnert dëse Schichten, fänken d'Minette-Schichten un, déi sech an eng kallekeg, rout Schicht an drënner an eng kiseleg, gro Schicht ënnerdeelen a räich u Fossilie sinn. Déi kallekeg ënnerscheed sech vun der kieseleger duerch e méi héije Kalzium-Gehalt an un engem méi klengen Eisenundeel. D'Exploitatioun huet sech als eng grouss Terrassementscarrière presentéiert, déi den eenzele Minette-Schichten entsprach huet. Déi verschidden Terrasse si mateneen iwwer Rampe verbonnen, déi dem Transport vun den exploitéierte Steng gedéngt hunn. Nach haut erënneren déi al Buggi- a Schinnentrassen am Gebitt un déi fréier Zäit.

Mam Stopp vum Minetteofbau am Juli 1977 um Giele Botter huet d'Natur, iwwer verschidde Vegetatiounsstadien (Sukzessioun), ugefaang sech séier aus der ähnlecher Moundlandschaft nees z'erhuelen. Gläichzäiteg sinn eng Partie Bauprojeten op de Frichen envisagéiert ginn. No jorelaangem Asaz vun Naturschutzorganisatiounen ass schliisslech mam groussherzoglechem Reglement vum 20. November 1991 d'Gebitt mat 165,14 ha an enger 90,16 ha grousser Pufferzon zum Naturschutzgebitt erkläert ginn. Am Kader vun der EU-Habitatdirektiv (92/43/CEE) gehéiert d'Reserv mat 1156 ha gläichzäiteg dem europäeschem Netz Natura 2000 un.

[Änneren] Ökologie

Déi grouss Varietéit vu verschiddene Liewensraim, déi duerch d'Exploitatioun vun der Minette entstan sinn, mécht dëst Gebitt eenzegaarteg a schützenswäert. Während op den zulescht ofgeschotte Steng sech éischt Flechten a Moos niddergelooss hunn, hu sech op de Plazen, déi als éischt opgi si ginn, deelweis schonns Pionéierbëscher entwéckelt. Op engem hannerloossenem Tipp, aus der Zäit wou d'Eisen nach mat der Hand ofgebaut an d'Schlak mat klenge Weenercher gekippt gouf, hu sech wéinst der extremer Buedemaarmutt un Humus an der Existenz vun engem besonneschem Mikroklima, charakteriséiert duerch schwaach Temperaturënnerscheeder an duerch d'Erhale vun enger bestëmmter Loftfiichtegkeet op Buedemhéicht, e fantastescht Paradäis entwéckelt, dat de Biergcharakter huet an zum Deel aus Meleesen (Larix decidua), Schwaarzkiferen (Pinus nigra) a rare Fare besteet.

An de Minettekaulen huet sech schonns kuerz no Enn vun der Exploitatioun wéinst hirem liichten a fluchfäege Geseems d'Bierk (Betula pendula) a Weeden (Salix caprea) op de Broochflächen ausbreede kënnen. Dës Pionéierplanze beräicheren duerch d'Dekompositioun vun hire Blieder de Buedem mat Humus a preparéieren en esou fir méi exigent Beem. Op den närstoffaarme Bëschränner, Dréchewisen a Fiichtwisen sinn eng 21 verschidden Orchideeënaarten nogewiese ginn. Ënnert hinnen d'Pyramidenorchidee (Anacamptis pyramidalis), déi typesch fir Dréchewisen ass an déi charakteristesch Fiichtwisen-Orchidee Dactylorhiza incarnata.

Déi räich an diversifiéiert Planzewelt zitt eng grouss Zuel un Insekten un, ënnert hinnen eng 171 Päiperlekszorten, déi zum Deel rar a bedréit sinn. An den hannerloossene Kaulen hu sech aarteräich Dëmpele mat der Zäit entwéckelt, déi Liewensraim fir d'Grouss Waasserederes (Triturus cristatus) an d'Réngelnatter (Natrix natrix) bidden. Déi fréier Minegalerie sinn eng gär gesinnen Iwwerwanterungsplaz vun de Flantermais. Eng zéng vun den nonzéng Aarten, déi zu Lëtzebuerg virkommen an all geschützt sinn, logéieren an der Reserv. Ënnert hinnen ass d'Grouss Hufeisennues (Rhinolophus ferrumequinum), d'Waasserflëntermaus (Myotis daubentoni) oder déi Kleng Flëntermaus (Pipistrellus pipistrellus).

[Änneren] Naturléierpied

An der Reserv sinn zwee Léierpied amenagéiert ginn. De 7 km laangen Entdeckungspad Prënzebierg - Giele Botter féiert zum Deel duerch déi fréier Minière ënner fräiem Himmel an informéiert mat zwielef verschiddene Panneauen iwwert d'Geschicht an d'Fauna an d'Flora vum Gebitt. Op den ale Buggitrasse kann ee sech e Bild vun der fréierer Gewannung vum Eisen a gläichzäiteg iwwert Sukzessioun maachen.

De geologesche Léierpad Giele Botter féiert iwwer 2,5 km laanscht d'Ofbauwänn vun der fréierer Exploitatioun vum Giele Botter. An Zesummenaarbecht mat der Forstverwaltung, dem Naturmusée an der A.s.b.l. Circuits Culturels Interdisciplinaires du Bassin Minier sinn eng néng Statiounen entstan, déi den Naturfrënd iwwert d'Entsteeung, d'Eegeschaften an den Ofbau vun der Minette informéieren.

[Änneren] Referenzen

  • Brochure: Sentiers thématiques de la réserve naturelle du Prënzebierg. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2002.
  • Depliant: Réserve naturelle Prënzebierg - Circuit géologique Giele Botter.
  • Françoise Rollinger: Giele Botter-Tiresbierg-Prënzebierg: Rückblick und Ausblick. Zäitschrëft Regulus N°3 2000, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, S. 8-9.

[Änneren] Kuckt och

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com