Radio Latina
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Radio Latina ass eng kommerziell Radiosstatioun zu Lëtzebuerg. Si gouf de 5. Oktober 1992 vun der Societé Européenne de Communication Sociale lancéiert, enger Sàrl no Lëtzebuerger Recht, an deeër sech Persounen, Entreprisen (dorënner saint-paul luxembourg) a Veräiner zesummefond hunn.
Zil ass et, de romaneschsproochege Communautéiten zu Lëtzebuerg, enger geschaten 150.000 Leit, an an den Nopeschregiounen e Radiosprogramm an hire Sproochen ze bidden. Dat si virun allem Portugisesch, mee och Spuenesch, Italienesch a Franséisch. Ausgestraalt gëtt de Radio Latina iwwer 4 Senderen op de Frequenzen 101,2 an 103,1 FM.
12 Leit schaffe fest bei Radio Latina, dobäi kommen eng 60 fräi Mataarbechter. De Comité de Gérance gëtt vum Marcel Glesener presidéiert, Gérentë sinn de Luis Barreira an de Jean Vanolts, de Luis Barreira ass och Generaldirekter.