Rietspartei
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Rietspartei oder Rechtspartei (offiziell: Parti de la Droite) war tëschent 1914 and 1944 eng lëtzebuergesch Partei. Si war déi direkt Virgängerpartei vun der haideger CSV.
Déi konservativ Rietspartei gouf de 16. Januar 1914 gegrënnt. Bei der Grënnungsversammlung derbäi waren ë.a. den Émile Reuter, den Émile Prüm, de Mgr. Schiltz, den Albert Philippe, de Pierre Dupong, de Joseph Bech an de Mgr. Jean Origer. Haaptmotiv war, déi verspreete koservativ a klerikal Kräften ze bëndelen, fir kënne méi staark géint e puer Joer virdru gegrënnte Parteien opzetrieden, virun allem d'Sozialistesch Partei (1902 gegrënnt) an d' Liberal Liga (1904).
D'Rietspartei konnt sech geschwën eng Plaz etabléieren, a gouf ë.a. duerch d'Aféiere vum Allgemenge Walrecht 1918 gestäerkt. An der Tëschekrichszäit waren, ausser fir eng kuerz Period an der Mëtt vun den 1920er Joeren, d'Presidente vun der Rietspartei och gläichzäiteg Premierminister.
Dëst waren den Émile Reuter (1918-1925), de Joseph Bech (1926-1937) an de Pierre Dupong (1937-1944). Éischte Premierminister vun der Rietspartei war de Léon Kauffmann (1917-1918).
[Änneren] Sëtzer an der Chamber
Sëtzer an der Chamber Rietspartei 1918-1937 |
||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Joer | Sëtzer | vun am ganzen |
Prozentsaz vun de Stëmmen |
|||||
1918 | 23 | 53 | 43.40% | |||||
1919 | 27 | 48 | 56.25% | |||||
1922 | 25 | 48 | 52.08% | |||||
1925 | 22 | 47 | 46.81% | |||||
1928 | 23 | 52 | 44.23% | |||||
1931 | 26 | 54 | 48.15% | |||||
1934 | 25 | 54 | 46.30% | |||||
1937 | 25 | 55 | 45.45% |