ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Sëtz (Europäesch Institutiounen) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Sëtz (Europäesch Institutiounen)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Fro vum Sëtz vu den Europäeschen Institutiounen ass eng Fro iwwert déi an der Vergangenheet vill geschriwwen an och gestridde ginn ass.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] De Sëtz vu der Montanioun

Op enger Réunioun vu de Ministeren, déi den Traité vum Schumanplang ënnerzeechent haten, gouf an der Nuecht vum 25. op de 26. Juli 1952 eng Decisioun iwwert den Aarbechtssëtz vu sengen Organe geholl. Laang an haart Diskussioune waren deem Choix virausgaang. Am Fong ass nëmmen décidéiert gin:

  • Datt d'Decisioun iwwert de Sëtz méi spéit vun de 6 Ausseministeren soll geholl ginn an datt
  • an der Tëschenzäit déi Héich Autoritéit an de Geriichtshaff vun der CECA zu Lëtzebuerg hir Aarbecht sollten ophuelen, an zwar den 10. August, no knappe 14 Deeg also.

Dës Diskussioun huet stattfonnt virum Hannergrond vun der Europäiséirung vu der Saar. Saarbrécken hat an där Perspektiv seng Kandidatur schonns den 11. Juni 1951 gestallt, ma si ass als verfréit ugekuckt ginn, well d’Fro vum Statut vu der Saar nach net geléist war. Et louch och d'Kandidatur vu Léck (Liège) fir, déi zwar an deem Moment keng Chancen hat, iewer aus elektorale Grënn vum belschen Ausseminister Paul van Zeeland hartnäckeg ënnerstëtzt gouf. Bréissel war och am Gespréich. Lëtzebuerg war sengersäits zwar um Sëtz interesséiert an hat am Hannergrond seng Jalongen gesat. An den Discusiounen huet de Joseph Bech sech iewer zeréckggehal, d'Bipolarléisung Turin-Stroossbuerg (Héich Autoritéit zu Turin an d'Parlament zu Stroossbuerg) war och eng Méiglegkeet, déi vill Gefale fonnt hat, an déi och bal zeréckbehal gi war, hätt de Jean Monnet net an deem Fall mat engem Verzicht op d'Presidentschaft vu der Héijer Autoritéit gedreet.

Well awer no laange Verhandlungen keen Accord fonnt ginn ass, huet de Joseph Bech d'Noutléisung proposéiert, da sollt alt fir unzefänken d'Héich Autoritéit zu Lëtzebuerg hir Aarbecht ufänken. A well d'Angscht vum: "Il n’y que le provisoire qui dure" och an der Loft louch, (de Konrad Audenauer huet se geäussert) hu verschidden Delegatiounen verstanen, Lëtzebuerg géif sech da net ëm den endgültegen Sëtz bewerben. Liest den Beitrag vum Edmée CROISÉ-SCHIRTZ : "La bataille des sièges (1950-1958)" iwwert dës schwiereg Verhandlungen.

[Änneren] Plädoyer fir e "Siège unique" an d’Schafung vun engem "District fédéral"

Vun deem Moment un, wou d'Europäesche Integratioun weidergedriwwe ginn ass, an d'Schafung vun neien Europäeschen Institutiounen an der Luucht louch, ass d'Fro vum Siège méi akut ginn.

De Jean Monnet huet den Optakt ginn. Seng Stellung war vun Ufank u kloer. A senge Mémoiren bezeechent hien d'Decisioun vum 25. Juli 1952 iwwert de Siège, no 18 Stonnen opreiwend Verhandlungen als eng histoire peu glorieuse. Hie fiert virun :

Je n’avais pas de préférence pour tel ou tel lieu en Europe, l'important était que ce lieu fût le siège unique de toutes les institutions à créer et qu’il fût érigé en territoire européen, préfiguration du district fédéral de l'avenir.

Dem Jean Monnet huet d'Création vun engem District fédéral zu Fontainebleau bei Paräis virgeschwieft. D'Stëmmen, déi fir e Siège unique an een District fédéral plädéiert hunn, sinn ëmmer méi heefeg ginn, besonnesch wéi de Victor Larock, deemolege President vum Ministerrot vun der EG, d’Presidente vu den Europäeschen Institutiounen opgeruff huet, fir hiren Avis iwwert de Siège ofzeginn. Och d'Europadéputéierten hu sech zu dësen Iddien bekannt.

Et bleift trotzdeem wouer, datt d'Iddi vum District fédéral ni richteg verdéift ginn ass an och kee Land eeschtlech dru geduecht huet, fir en Deel vu sengem Territoire opzeginn an en enger internationaler Autoritéit ze ënnerstellen.

[Änneren] D'Lëtzebuerger Positioun

D'Lëtzbuerger Regierung ass vun Ufank un fir d'Erhalung vum Siège vu der CECA agetratt an hat och schonn op Initativ vum Albert Wehrer, deen un de Verhandlungen iwwert de CECA-Vertrag deelgeholl huet, eng diplomatesch Viraarbecht an deem Sënn gemeet. Et trëfft trotzdeem zou, dat verschidde Kreesser am Ufank net iwwerglécklech iwwer dës Decisioun waren. Als Argument huet ët geheescht: D’Präsenz vun deene villen internationale Beamte géif zu engem Opdriff vun de Präisser an de Léin féieren. D'Iwwerfriemung an d'Verbreedung vun engem ze vill liberale Geescht gouf vun aneren gefaart. Et ass iewer ni nogewise gin, vu wou dës Befierchtungen, déi net allgemeng gedeelt gi sinn, ausgange sinn.

Engt steet allerdengs fest: Lues a lues ass d’CECA zu engem wichtege politeschen a wirtschaftspolitesche Standbeen zu Lëtzebuerg ginn, op dat kee méi bereet war, ze verzichten. Weeder de Joseph Bech nach seng Vertrieder an den Europäeschen Assembléeën hu sech spéider fir en District fédéral begeeschtert an hunn och net fir e Siège unique plädéiert, ma fir eng Dezentraliséierung vu den Institutiounen a fir d'Erhale vum Sëtz vu den Institutiounen déi zu Lëtzebuerg zënter 1952 implantéiert waren. Dat ass och aus der Iwerzeegung eraus geschitt, datt am konktrete Fall d'Regierungen sech ni op eng an déi selwescht Stad als Siège unique eeneg gi kënnten, wat och agetratt ass.

D'Lëtzebuerger Candidatur
D'Lëtzebuerger Candidatur

Dat erkläert och, firwat Lëtzebuerg sech spéider méi staark fir d'Erhale vum Status quo agesat huet wéi fir d'Implantatioun vun zousätzlechen europäeschen Institutiounen. Zwar huet de Joseph Bech spéider wësse gedon, datt Lëtzebuerg bereet wier, all nei Institutiounen opzehuelen, am Fall wou d'Regierungen d'Solutioun vum Siège unique géifen zereckbehalen, ma datt hien och eng aner Solutioun wéi déi vum Siège unique akzeptéiere kënnt. An deene Konditiounen huet och Lëtzebuerg seng Kandidatur fir sämtlech Institutiounen du gestallt, bewosst, datt d'Chance vu Lëtzebuerg als Siège unique net all ze grouss wieren.

[Änneren] D'Europäesch Parlamentarier mëschen sech an

D'Europaësch parlamentaresch Versammlungen haten zwar keng direkt Kompetenz wat de Sëtz vun den Institutiounen ugeet, ma konnten bestëmmen wou se hir Sëtzungen géiwen ofhalen, mat Ausnam vun hiren Plenarsëtzungen zu Stroossbuerg. Ma si hunn ëmmer versicht zum Audrock ze brengen:

  • datt eng Decisioun iwwert de Sëtz en urgente Charakter hätt,
  • datt se majoritär fir d'Bezeechnung vun engem Siëge unique wieren an
  • datt se d'Iddi vun der Schafung vun engem District fédéral géife begréissen .

Verschiddentlech hunn d'Europadéputéierten dat och a Résolutiounen zum Ausdrock bruecht. Op d’Résolutioun, déi d'Europadéputéierten den 21. Juni 1958 gestëmmt hunn, gëtt an deem Kontext ëmmer rëm higewisen. Bei där Geleeënheet hu se och zum Audrock bruecht, wéi enge Stied se hir Preferenze géife ginn, an zwar an éischter, zweeter an drëtter Positioun. Hei d’Resultat vu deem Vote:

EP-Gebäi zu Stroossbuerg vun der Ill aus gesinn
EP-Gebäi zu Stroossbuerg vun der Ill aus gesinn
  • An éischter Positioun :
    • Bréissel : 46
    • Stroossbuerg : 31
    • Mailand: 30
    • Nice: 11
    • Lëtzebuerg : 5
  • An zweeter Positioun,
    • Nice: 46
    • Lëtzebuerg: 28
    • Stroossbuerg:26
    • Mailand: 16
    • Bréissel: 7
  • An drëtter Positioun:
    • Mailand: 33
    • Nice: 28
    • Lëtzebuerg : 28
    • Bréissel: 18
    • Stroossburg:16

Fir Lëtzebuerg, dat duerch Bréissel, Stroossbuerg, Nice a Mailand geschlo gouf a nëmmen 5 Stëmmen an éischter Preferenz kritt huet, war dat Resultat net besonnesch schmeechelhaft. D'Impressioun hat sech nämlech bei den Europäeschen Parlamentarier aus den anere Länner verbreet, Lëtzebuerg hätt net déi noutwänneg Infrastrukturen a wier och net um Sëtz vu den zousätzlechen Europäeschen Institutiounen eeschtlech interesséiert.

[Änneren] Choix vum Sëtz vu den Institutiounen, an der Ministerréunioun vum 6. a 7. Januar 1958 zu Paräis

D'Diskussiounen iwwert de Sëtz vun den neien Europäeschen Institutiounen waren 1958 nach méi haart an hunn nach zu manner Resultate gefouert wéi 1952, trotz der Tatsaach, dat déi nei Commissiounen, déi vum Marché Commun an déi vun Euratom, schonns den 1. Januar 1958 hir Aarbecht sollten ophuelen. Et gouf nëmme beschloss:

  • De Prinzip vum Siège unique gouf affirméiert
  • D'Ministeren sinn iwwerneen kom, fir een Avis vu de Präsidenten vu de bestoenden Institutiounen ze froen.
  • Eng Expertecommissioun sollt mat der Préifung vu de Candidaturen chargéiert ginn (D’Aarbechte vu dëser Expertecommissioun hunn iewer net zu Resultate gefouert).
  • D'Parlament sollt zu Stroosbuerg seng Sëtzungen hunn.

Wat de Sëtz vu de Commissiounen vum Marché commun a vun Euratom ugeet, hunn d'Ministeren beschloss, hire Presidenten no ze leeën, si sollten hir Réuniounen am Domaine vu Val Duchesse, zu Auderghem bei Bréissel, an zu Lëtzebuerg aberuffen. Dës Decisioun ass awer net respektéiert ginn; d'Bureauraimlechkeeten, déi d'Héich Autoritéit zu deem Zweck an hirem Gebai zu Lëtzebuerg an der Aldringerstrooss reservéiert hat, sinn ni benotzt ginn.

An dunn ass näischt méi geschitt bis 1965.

Lëtzebuerg: D'Gebailechkeeten vu den Europäeschen Institutiounen um Kierchbierg aus der Loft gesi, copyright Europaparlament
Lëtzebuerg: D'Gebailechkeeten vu den Europäeschen Institutiounen um Kierchbierg aus der Loft gesi, copyright Europaparlament

[Änneren] 1965 sinn d'Europäesch Institutiounen opgespléckt ginn

Lëtzebuerg: d'BEI, copyright Europäesch Investitiounsbank
Lëtzebuerg: d'BEI, copyright Europäesch Investitiounsbank
Lëtzebuerg: den Europäesche Geriichtshaff, copyright Europaparlament
Lëtzebuerg: den Europäesche Geriichtshaff, copyright Europaparlament

Eréischt 1965 hunn d'Regierungsvertrieder d'Heft erëm an d'Hand geholl an an hirer Decisioun vum 8. Abrëll 1965 ee provisoresche Sëtz vu den Europäeschen Institutiounen bestëmmt. Dat huet bedeit:

  • Fir Bréissel: d'Schafung vun enger rechtlecher Grondlag fir de Sëtz vu den Institutiounen, déi sech de facto do niddergelooss haten;
  • Fir Lëtzebuerg a Stroossbuerg: d'Confirmatioun vun der Decisioun vum 25. Juli 1952, wat de Sëtz vu gewëssen Schumanplang-Institutiounen ugeet.
  • En Novum war et och datt bestëmmt Vocatioune festgehal si ginn fir d'Implantatioun vu den Institutiounen, déi an Zukunft geschafe géifen.

Et war eng Opspléckung vun den Institutiounen, déi am Géigesaz zum ëmmer erëm gefuerderten Siège unique stong. Des Opdeelung huet folgendermoossen ausgesinn:

  • Prinzip: Lëtzebuerg, Bréissel a Stroossbuerg bleiwen déi provisoresch Aarbechtszentre vun den Institutioune vu der Communautéit. Bréissel gëtt provisoresche Siège vun allen Instutiounen mat folgenden Ausnahmen:
  • Zu Lëtzebuerg:
    • D'Generalsekretariat vun der Assemblée parlementaire
    • Den Europäesche Geriichtshaff an aner juristesch a quasi juristesch Servicer, déi schonns bestinn oder geschaf wäerte ginn;
    • Den Europäesche Rechnungshaff;
    • D'Europäesch Investitiounsbank;
    • Den Office Statistique vun den Europäesche Communautéiten ("Eurostat")
    • Den Office vun den Amtleche Publikatioune vun den Europäesche Communautéiten ("OPOCE")
    • Déi finanziell Interventiounsservicer vun der CECA an eng Rei aner Servicer, déi präziséiert goufen;
    • D'Ofhale vu de Ministerrotssëtzungen an de Méint Abrëll, Juni an Oktober;
    • D'Ofhale vu de Sëtzunge vum Comité monétaire zu Lëtzebuerg an zu Bréissel (eng Bestëmmung, déi net agehale gouf);
    • Bereetschaft fir aner finanziell Organen an Servicer, déi scho bestinn oder geschaf ginn, zu Lëtzebuerg ze localiséieren (Bei der Schafung vum Fonds de Coopération monétaire (1973) a vun der Europäescher Zentralbank (1998) ass dës Assurance awer net respektéiert ginn).
Stroosbuerg: D'Gebeilechkeete vum Europaparlament, copyright Europaparlament
Stroosbuerg: D'Gebeilechkeete vum Europaparlament, copyright Europaparlament
    • Zu Stroossbuerg: Ofhale vun de Sëtzunge vun der Parlamentarescher Assemblée, spéider dem Europaparlament (Dës Bestëmmung gouf net agehal, wéi och Plenarsëtzungen zu Bréissel ofgehal gi sinn).

[Änneren] Den Europäesche Geriichtshaff tranchéiert

Well d'Decisioun vun 1965 iwwert de Sëtz net integral respectéiert ginn ass an haaptsächlech d'Parlament Beamte vu Lëtzebuerg no Bréissel transferéiert huet, ass d'Parlament vu der Lëtzebuerger Regierung ugesicht ginn. Den Europäesche Geriichtshaff huet awer a sengem Arrêt vum 10. Februar 1983 dee Recours verworf, d’Bestëmmungen iwwert de Sëtz relativéiert a festgehal, datt d'Parlament och déi praktesch Noutwedegkeeten beim Ofhale vu Sëtzungen zu Bréissel kënnt berücksichtegen.

[Änneren] Den Europäesche Conseil vun Edinburgh

Bréissel: Berlaymont-Gebei vu der Commissioun, copyright Europaparlament
Bréissel: Berlaymont-Gebei vu der Commissioun, copyright Europaparlament
Bréissel: Gebeier vum Europapaparlament (Quartier Léopold), copyright Europaparlament
Bréissel: Gebeier vum Europapaparlament (Quartier Léopold), copyright Europaparlament

Eng endgülteg Decisioun iwwert de Sëtz gouf eréicht den 12. Dezember 1992 um Sommet vun Edinburgh geholl. Am weesentlechen gouf d’Opdeelung, sou wéi se 1965 décidéiert gi war, bestägt, mat der Ausnam:

  • Datt keng Assurance iwwert d'Implantatioun vu neien finanzpoliteschen Institutiounen méi zereckbehal gin ass an datt
  • D'Recht vu Stroosbuerg op 12 Plenarsëtzungen vum Parlament beschränkt gouf.

Lëtzebuerg huet dës Decisioun ugeholl, ma zum Ausdrock bruecht, datt dës Bestëemmungen am Geescht vu der Ofmaachungen vun 1965 ze interprétéieren wären.

Den Traité vun Amsterdam, deen den 1. Mee 1999 a Kraaft getrueden ass, huet an engem Zousatzprokoll d'Bestëmmungen vum Sommet vun Edinburgh iwwerholl.

Wat d'Fro vun de Servicer vun der Europäescher Kommissioun betrrëfft, déi zu Lëtzebuerg sinn, sou ass hire Status an engem Accord tëschent dem deemolege Vizepresident vun der Commissioun, dem Neil Kinnock, an der Lëtzebuerger Ausseministesch, der Lydie Polfer vum 24. Mäerz 2003 präziséiert a consolidéiert ginn. Doranner gouf als Neierung festgehalen, dass den Iwwersetzerdéngscht vun de Sproochen vun deene Länner, déi 2004 der EU bäigetruede sinn, op Lëtzebuerg kéim.

[Änneren] Fazit

Méi wéi 40 Joer hat et gedauert, bis d'Sëtzfro um Regierungsniveau definitiv geléist gouf.

Aus der Analys vun der Sëtzfro geet zesummefaassend ervir:

  • Bei der Grënnung vu de Europäescher Unioun huet ët bei de Decisiounen iwwert hire Sëtz u Klorheet gefeelt:
  • Bei der Schafung vu der Héijer Autoritéit gouf beschloss, datt si hir Aarbecht zu Lëtzebuerg sollt ophuelen. Et gouf duerfir verschiddentlech vun engem Siège provisoire oder och précaire geschwat.
  • Bei der Créatioun vu de Commissiounen vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft a vun Euratom gouf nëmme festgehal, dat se hir Réuniounen ofwiesselnd zu Bréissel an zu Lëtzebuerg sollten ofhalen, eng Decisioun, de ni respektéiert ginn ass.
  • Duerch d'Fusioun vu den Organen vu der Europäescher Gemeinschaft ass d’Fro vum Sëtz vun den Instutiounen, déi schonn een éischt Standbeen haten, méi komplex ginn.
  • Iwwert de Siège Unique , deen zwar vu ville Säite préconiséiert ginn ass, gouf zwar vill geschwat, ma et gouf ni vu Regierungssäiten een eeschte Schrack an déi Richtung gemeet.
  • Dat selwecht trëfft fir d’Iddi vum District fédéral zou, eng Iddi, déi zwar an der Loft louch, ma ni konkreet Formen ugegoll huet a kee Land eng seriös Kandidatur an deem Sënn gestallt a verdeedegt huet.
  • D’Lëtzebuerger Positioun, déi drop erausgelaf ass, fir d’Erhalung vum Status quo (CECA-Sëtz) sëcherzestellen, ma net mat Nodrock fir d'Bezeechnung vu Lëtzebuerg als Siège unique plädéiert huet, ass net gutt ukomm. Besonnesch d'Europadéputéierten haten den Androck, Lëtzebuerg hätt nëmme materiell Interessen a wir net eeschtlech un engem Sëtz, wéi ënnert aneren d’Parlament sech e virgestallt huet, interesséiert.
  • D'Decisioun iwwer de Sëtz vu den Europäeschen Institutiounen vun 1965 ass net voll respektéiert ginn an duerfir waren Korrekturen an Nobesserungen néideg.
  • 1993 gouf d'Sëtzfro bis op weideres geléist an ass duerch d'Eriwwerhuele vun deem Accord an den Traité vun Amsterdam, 1999, a Betong gegoss ginn.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com