ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Spéitantikitéit - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Spéitantikitéit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Spéitantikitéit ass eng modern Bezeechnung fir d'Epoch, wou d'Antikitéit an d'Mëttelalter iwwergeet. Wat d'Datéierung ugeet, sinn d'Fuerscher sech net ëmmer eens, mee ganz graff kann een dës Period vum réimesche Keeser Diokletian (284) bis zum byzantinesche Keeser Justinian I. (565) goe loossen.

Demno bezeechent d'Spéitantikitéit en eegestännegen Zäitraum, deen een net méi zur klassescher Antikitéit kann zielen, mee awer och nach net zum Mëttelalter. Als Haaptcharakteristike vun dëser Period gëllen d'Unerkennung vum Chrëschtentum, d'Reform vun der Arméi an der Administratioun vum Diokletian a vum Konstantin de Groussen. D'sakral Positioun vum Keeser gouf verstäerkt an duerch d'Vëlkerwanderungen déi de westlechen Deel vum Réimesche Räich grondleeënd verännert hunn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Datéierungsproblematik

D'Datéierung vun der Spéitantikitéit ass bei de Fuerscher en emstriddent Thema. Allgemeng gëtt de Regierungsuntrëtt vum Diokletian 284 als Ufank vun de Period unerkannt, wat d'Enn ubelaangt sin sech d'Fuerscher awer net ëmmer eenz. Meeschtens gëtt en Datum gewielt tëscht der Deelung vum Räich duerch den Theodosius I. (395) an dem Enn vum westréimesche Räich (476) oder dem Enn vun der Regierungszäit vum Justinian I. (géint 565). Verschidde Historiker gi souguer nach méi wäit, an setzen d'Enn vun der Spéitantikitéit mam Afall vun den Araber am Mëttelmier gläich (Pirenne-Thes).

D'Byzantinescht Räich huet zu gläicher Zäit bis zum Fall vu Konstantinopel (1453) weiderexistéiert.

An der eelerer Fuerschung gouf oft nach d'Meenung vertrueden, datt d'Spéitantikitéit eng Period vu moraleschen Verfall war (Edward Gibbon, Decline and Fall of the Roman Empire - Voltaire, Essai sur les moeurs et l'esprit des nations). Dës Theorie as hautdesdaags awer zimlech widerluecht, an et fënnt een se héchstens nach a Filmer.

[Änneren] Politesch Geschicht

[Änneren] Diokletian - Stabiliséierung a Reform

Mam Regierungsuntrëtt vum Diokletian ass d'Réimescht Räich a seng Spéitphas eragetrueden. No der Kris vun der Zäit vun den Zaldotekeeseren huet den Diokletian sech beméit, d'Räich ze stabiliséieren an ze reforméieren. Esou koum et dann och zu enger grondleeënder Reform vun der Administratioun mat enger méi staarker Zentraliséierung a Bürokratiséiserung déi sech och an engem méi restriktive Steiersystem gewisen huet. Fir eng besser Administratioun gouf d'Räich an Diozesen ënnerdeelt.

Och d'Arméi gouf reforméiert. Si gouf an eng Marsch- (Comitatenses) an eng Grenzarméi (Limitanei) opgedeelt, fir bei eventuellen Iwwerfäll un der Grenz méi séier ze konteren. Dës Reform gouf definitiv ënnert dem Keeser Konstantin beend, mee ganz nei war d'Iddi vun enger mobiler Arméi net. Am grousse Ganzen hun d'Reformen e gudden Dingscht geleescht an dem Chaos, deen nach während den Zaldotekeesere geherrscht huet, en Enn gesaat. Am Oste konnt sech Roum géint d'Persie vun de Sassanide behaapten, déi 297 vum Caesar Galerius geschloe goufen, an d'militäresch Reformen hunn d'Verdeedegung vun der Rhein- an Donaugrenz verstäerkt.

Manner Erfolleg hat den Diokletian allerdéngs mat senger Regierungsform, der Tetrarchie (Véiererherrschaft), déi zwee Seniorkeeseren (Augusti) an zwee Juniorkeesere (Caesares) virgesin huet, a reliéis duerch d'künstlesch "Adoptioun" vu Götter zementéiert gouf. Esou huet den Diokletian, deen och weiderhin an dësem System d'bestëmmend Figur war, de Bäinumm Iovius ugeholl, wat een ongeféier mat Schützling an Abkömmling vum Jupiter iwwersetze kann. Dëse System konnt sech awer net géint d'dynastesch Iddi duerchsetzen, wat d'Evenementer nom fräiwëllegen Zerécktriede vum Diokletian am Joer 305 beweisen.

[Änneren] De Konstantin de Groussen an den Duerchbroch vum Chrëschtentum

Konstantin I. de Groussen
Konstantin I. de Groussen

De Konstantin de Groussen, de Jong vum Tetrarch Constantius Chlorus, huet sech am Sträid ëm d'Muecht nom Diokletian sengem Récktrëtt 305 duerchgesat. Als éischt huet de Konstantin sech mam Maxentius ugeluecht, deen och de Jong vun engem Tetrarch wor (dem Maximian säin, dee sech suguer mam Konstantin senger Duechter bestued huet). An dësem Sträid ëm d'Muecht koum et 312 zur Schluecht bei der Milvescher Bréck an zur mysteriéiser "Bekéierung" vum Konstantin zum Chrëschtentum, well him anscheinend vrun der Schluecht e Kräiz erschéngt ass, an hien dann am Zeeche vum Kräiz d'Schluecht fir sech entscheede konnt. No 324 ass de Konstantin Allengherrscher am Räich, nodeems hien säi Konkurrent Licinius am Oste verdriwwen huet. Doropshin huet de Konstantin dat fäerdeg gemaach wat dem Diokletian seng Reformen ugefaangen haten, an der Verwaltung (nei Haffämter goufe geschaf, den Praefectus praetorio gëtt héchsten Zivilbeamten an et gin nei Steieren agefouert) a beim Militär (Kreatioun vum Titel Magister militum). Ënnert senger Herrschaft kënnt et och zum bedeitensde Schrëtt op laang Siicht säit der Aféierung vum Prinzipat duerch den Augustus: d'Förderung vum Chrëschtentum, och wann nach bis haut d'Relatiounen tëscht dem Konstantin an de Chrëschten ëmstridde sin. Ausserdem huet de Konstantin eng nei Haaptstad baue gelooss, Konstantinopel, d'Stad vum Konstantin an dat neit Roum. Domadder loung de Schwéierpunkt vum Räich definitif am Osten.

[Änneren] D'Enn vun der konstantinescher Dynastie

Nom Doud vum Konstantin am Joer 337 ass e bluddege Krich ëm d'Muecht ugaangen, deen d'konstantinesch Dynastie deziméiert huet. Dem Konstantin säi Jong Constantius II. konnt sech schliisslech 351 als Allengherrscher duerchsetzen. Allerdéngs koum et spéider zum Konflikt mat sengem bei der gallescher Arméi beléifte Neveu Julian. Dëse gouf 361 Nofolger vum Constantius II. an huet versicht, eng Renaissance vum Heedentum anzeleeden, mee ouni Erfolleg. Nom Doud vum Keeser Julian bei enger Campagne géint d'Sassaniden am Joer 363 blouf d'Chrëschtentum d'dominant Relioun a schonns dem Julian säi Nofolger, de Keeser Jovian, war Chrëscht. Den Osten gouf ëmmer méi staark christianiséiert, mee och de Westen, deen zu Zäite vum Konstantin nach wäitleefeg heidnesch war, huet sech ëmmer méi fir d'Chrëschtentum interesséiert (cf. Augustinus vun Hippo), och wann et nach zu enger Rei Ausenaanersetzunge komm ass (Donatismus, Arianismus, Monophysitismus am Osten).

Aussepolitesch war keng Rou ze erwaarden: am Norden a laanscht d'Donau sinn d'Germanen an d'Räich agefall, genee souwéi spéider d'Hunnen, an am Osten wor d'Gefor vun de Sassaniden reell.

[Änneren] Vum Valentinian I. bis zum Doud vum Theodosius dem Groussen - Vëlkerwanderung a Behaaptung vum Imperium Romanum

Vëlkerwanderung
Vëlkerwanderung

D'Réimescht Räich gouf zanter dem Valentinian I., deen dem Jovian säi Nofolger am Joer 364 gin ass, erëm vun zwee Keesere regéiert, fir der Situatioun Meeschter ze gin. Dozou koum och nach datt an de 70er Jore vum 4. Joerhonnert d'Vëlkerwanderungen ugefangen hun. D'Goten, déi iwwert d'Donau vrun den Hunne geflücht woren, an och ufanks am Réimesche Räich ënnerkoumen, sech dann awer no Repressalie revoltéiert hun, hun de Valens, dem Valentinian I. säi Brudder a Keeser am Osten, 378 an der Schluecht vun Adrianopel geschloen. De Valens koum bei dëser Schluecht ëm d'Liewen, an de Gratian, den eelste Jong vum Valentinian I. a säi Nofolger 375, huet 379 de Spuenier Theodosius I. als Keeser am Osten agesat. 382 huet dësen en Traité mat de Goten ënnerschriwwen, duerch deen si am Räich bleiwe konnten, an als Zaldoten (Foederati) an der réimescher Arméi dinge sollten, mee awer hier Autonomie behale kéinten. 387 regelt e Vertrag mat Persien de Sträit ëm Armenien. Den Theodosius, dee spéider de Bäinumm de Grousse kréie sollt, wéinst senger resoluter antiheidnescher Politik, huet dat Onméiglecht méiglech gemaach, an den Osten quasi stabiliséiert.

Am Westen ass d'Situatioun awer nach laang net esou roseg: nodeems de Gratian eng Partie erfollegräich Campagnen gefouert huet, wéi zum Beispill géint d'Alemannen, kënnt hie bei engem Opstand vu Britannien, deen sech och um Kontinent ausgebreed huet, 383 zu Lyon ëm d'Liewen. Nodeems sech den Theodosius an den Usurpateur Maximus eng Zäitchen eenz gi sin, léisst hien dësen awer 388 hiriichten. Doropshin huet hien dem Valentinian II., dem jéngste Brudder vum Gratian, de Westen iwwerlooss, mee och dëse kann sech net laang un der Muecht halen. 392 stierwt de Valentinian II., wahrscheinlech vu sengem Magister militum Arbogast an den Doud gedriwwen. Den Arbogast setzt den heidneschen Eugenius als Keeser an. Den Theodosius mecht sech alt erëm op de Wee an de Westen a schléit den Eugenius an der Schluecht um Frigidus 394. Den Eugenius kënnt bei dëser Schluecht ëm, an den Arbogast hëllt sech dodropshin d'Liewen. D'Heedentum, dat den Theodosius scho mat Gesetzer aus de Joren 380/81 staark limitéiert hat an duerch Gesetzer an de Joren 391 an 392 suguer verbueden huet, krut domadden säi politeschen Doudesstouss. Ënnert dem Theodosius kënnt et dann nach emol zu enger kuerzer Eenheet vum Räich, befir et 395 definitiv gedeelt gëtt, an dat tëscht senge Bouwen Honorius am Westen an Arcadius am Osten.

[Änneren] Vun der Deelung vum Räich (395) bis zum Iwwerfall vu Roum (410)

Réimescht Räich am Joer 395
Réimescht Räich am Joer 395

Am Osten huet eng Period vu relativem Fridden ugefaangen, dee geleeëntlech vu Kämpf un der Donaufront (Hunnen a Germanen) an am 5. Joerhonnert un der Ostgrenz vun de Sassanide gestéiert gouf. Eréischt an der zweeter Halschent vum 5. Joerhonnert huet sech d'Osträich erëm méi staark ëm d'Verdeedegung vu senge Grenze misse këmmeren. Wirtschaftlech ass den Osten weiderhin de staarken Deel vum Räich bliwwen, a konnt ëmmer nach grouss Zomme mobiliséieren; ausserdem konnt d'ostréimesch Diplomatie verschidde Kämpf no Westen deviéieren. Vrun allem konnt den Afloss vun de Magisti milita, déi dacks eng barbabesch Ofstamung haten, reduzéiert ginn. Den Arcadius a säi Jong, den Theodosius II. waren zwar net unbedingt kompetent Herrscher, mee d'Administratioun vum Räich huet trotzdem ouni allzegrouss Problemer funktionéiert, och wann et um Ufank vum Arcadius senger Regirungsperiod zu engem Konflikt mam Westräich koum, weem dann elo Illyricum gehéiert.

De Westkeeser Honorius hat souguer, op Urode vu sengem Magister militum Stilicho, fir eng Zäit wëlles, militäresch géint d'Osträich firzegoen. Dëst gouf awer ni duerchgefouert, zumools net méi nodeems 406 d'Rheingrenz definitif zesummegebrach ass, an d'Germanen agefall sinn. De Stilicho gouf 408 embruet, e Muerd iwwert deen den Honorius um Courant war. Domadde gouf erëm bewisen, datt d'Keeser zevill mächtege Militärleit net trauen - an dat och dacks zu Recht.

Am Weste gouf et keng Rou méi. Vu Germanen an Hunne bedroht, ëmmer an der Gefor vun engem Putsch duerch de Magister militum an ze dacks vun onfähege Kandkeesere (wéi den Honorius) regéiert, huet d'Westréimescht Räich no a no seng wichtegst Provënzen un d'Germane veluer. Ufanks vum 5. Joerhonnert ass dann och nach Britannie verluer gaangen, an d'westréimesch Arméi, an deeër vill Germane gedingt hunn, huet sech nom Doud vum Aetius de facto opgeléist. Am Westen hu sech um Territoire vum Imperium Romanum an der Halschent vum 5. Joerhonnert eng Rei germanesch Räicher gebild (Vandalen, Westgoten, Franken, Angelsachsen, Ostgoten a.a.) a 410 gouf Roum vun de Westgoten ënnert dem Alarich geplëmmt. Dëse war virdru schonn am Osträich aktiv, entweder als Alliéierte vum Stilicho oder och emol alleng. De Fall vu Roum war fir d'Heeden en eendeitegt Zeechen als Strof vun de Götter well si sech vum ale Glawe getrennt hunn. Den Augustinus vun Hippo schreift doropshi säi grousst Wierk De Civitate Dei (Iwwert de Gottesstaat) als direkt Entwert op dës Ënnerstellung.

[Änneren] Stabiliséierung am Osten an Zesummebroch am Westen

D'militäresch Katastroph war fir de Weste mam Zesummebroch vun der Rheingrenz 406 komplett. Déi wichtegst Provënze vun de westréimesche Keeseren (déi säit dem Honorius zu Ravenna gewunnt hun) gounge verluer. D'Westgote goufe 418 an der Aquitaine ugesidelt, wou si e Staat am Staat erriicht hun, allerdéngs mam Averständnis vun der lokaler Aristokratie - am Weste gouf et souwisou keng fäheg Arméi méi, fir deem eppes entgéint ze setzen. D'Westgoten hu kuerz drop mat de Sueben Hispanien a Besëtz geholl. D'Vandale gin 429 an Africa an huelen domadden dem westréimesche Keeser seng räichste Provënz ewech, sou datt dësen eigentlech nëmme nach iwwer Italien an Deeler vu Südgallie regéiert huet. D'Gefor vun den Hunnen ënnert dem Attila konnt zwar duerch de Magister militum 451 néiergeschlo gin, mee dofir hun d'Réimer missen op germanesch Foederati zeréckgräifen. Trotzdem huet de Keeser Valentinian III., de läschte Keeser aus der theodosianescher Dynastie, de Generol 454 ëmbrénge gelooss, aus Angscht vru sengem Afloss. Dëst huet de Keeser misse mam Liewe bezuelen.

Seng Nofolger waren net vill méi kompetent, wat de Fall vum Magister militum Ricimer weist, deen 472 de facto d'Westräich dirigéiert huet. De Ricimer konnt och eng Partie Erfolleger fir sech verbuchen, wat d'Ofwier ubelaangt, mee och hie konnt net verhënneren, datt Roum 455 vun de Vandale geplëmmt gouf. Eng gemeinsam Operatioun vu West an Ost 468 géint d'Vandalen wor en Echec, deen zur Unerkennung vum Vandaleräich duerch Byzanz gefouert huet.

Den Osten konnt seng Grenze stabil halen. De Keeser Markian, deen 450 Nofolger vum Theodosius II. gouf, huet refuséiert, den Hunne Tribut ze bezuelen, an huet et fäerdeg bruecht, datt si sech éischter op de Weste konzentréieren.

Mat der Depositioun vum Romulus Augustus am Joer 476 duerch den Odoaker ass d'Westréimescht Räich u sengem Enn. De läschte legitime Keeser war allerdéngs de Julius Nepos († 480), wat awer zanter der Deelung an zumools nom Zesummebroch vun der Rheingrenz nëmmi liewensfäheg war.

[Änneren] Vun der antiker Welt an d'Mëttelalter

D'Réimescht Räich am Joer 450
D'Réimescht Räich am Joer 450

D'wirtschaftlech méi staarkt a méi bevëlkert Ostréimescht Räich konnt sech am Géigesaz zum Westréimesche Räich behaapten. De Keeser Leo I. konnt mat Hëllef vum spéidere Keeser Zenon de gotesche Magister militum Aspar ausschalten. Den Anastasios I. hannerléisst senge Nofolger de gréisste Staatsschatz an der réimescher Geschicht. Ënnert dem Keeser Justinian I. koum et souguer zu enger Restauratio imperii, obschonns dëse Versuch d'Imperium erëm ze restauréieren nëmme kuerzfristeg Erfolleger opweises hat. Am byzantinesche Räich ass d'Réimescht Räich staatsrechtlech um Liewen erhale ginn - d'Kultur vun der Antikitéit huet hei weidergelieft, obschonns d'kulturellt Liewen zu Byzanz an de folgende Joerhonnerten eng Transformatioun matmécht a Byzanz scho kuerz nom Justinian I. seng eege Weeër geet.

Am Westen entsteet eng germanesch-romanesch Welt: um Enn vum 5. Joerhonnert léisst sech de Frankekinnek Clovis deefen an huet sou d'Ierfschaft vum Réimesche Räich a Gallien ugetratt, an Italien féiert de Got Theoderich de Groussen weiderhi säi Räich no réimeschem Muster. D'Fréimëttelalter huet sech an de folgende Joerhonnerte lues awer sécher entwéckelt, allerdéngs koum et dozou parallel am Westen zu engem kulturelle Niddergank (Réckgank vun der Literalitéit a Verfall vun de Stied). Eréischt no a no koum et erëm zu enger Redecouverte vun den antiken Auteuren bis zum Corpus iuris civilis.

[Änneren] Sozio-kulturell Aspekter

[Änneren] Kulturellt Liewen

An der spéitantiker Literatur fannen sech keng Zeeche vun enger Dekadenz. An der syrescher Literatur fënnt een eng Parti wichteg Wierker erëm, an an der laténgescher Literatur wieren ënner anerem den Ammianus Marcellinus, de Boethius, den Augustinus vun Hippo, den Ausonius, an de Cassiodor ze ernimmen. Am griicheschen Osten muss ee besonnesch den Libanios erfirhiewen, an bei de Neoplatonisten gin och eng jett Wierker geschriwwen. D'Buch setzt sech géint de Schrëftrullo duerch, an an der Architektur gin nei Bautypen erfonnt (Basilika). D'Mosaikkonscht entwéckelt sech och weider. An der Konscht dominéieren awer einfach Formen am Verglach mat der "klassescher Antikitéit".

Am Westen huet sech Latäin quasi ganz duerchgesat. D'griichesch-sproocheg Gebidder an Italien an op Sizilie verschwannen. Eréischt no der Eroberung vum Justinian I. koum et zu enger "Griichiséierung" vun dëse Gebidder. Am Oste wor Griichesch d'dominant Sprooch, a Latäin gouf nëmmen an de Arméi, der Administratioun an an Deeler vun Thrakie geschwat. Allgemeng kann een awer feststellen, datt d'Sproochkapazitéit vun den Eliten zeréckgeet, fir de Westen d'griichescht a fir den Osten d'laténgescht.

[Änneren] Economie

Am Westen ass en Réckgang vun dr Bevëlkerung festzestellen, deen allerdéngs eréischt am 5. a 6. Joerhonnert däitlech gëtt. Déi grouss Stied, am Weste Roum a Karthago, am Oste Konstantinopel, Antiochia, Alexandria, woren ëmmer nach grouss Zentren, an hu réischt (fir de Westen) u Bedeitung no der Eroberung duerch d'Germane verluer. Ënner anerem duerch dësen Afall vun de Germanen koum et am Westen zu engem wirtschaftleche Réckgang. Dem Oste goung et donierwt vill besser, vrun allem och well déi wichteg Industrie- an Handelszentren am Oste loungen, wou och d'Strooss vun der Seid opgehalen huet, a mat de Perser gehandelt gouf.

D'privat Verméigen wor ënnert enger klenger Uewerschicht opgedeelt, déi sech ëmmer méi a grandios Villen um Land zeréckgezunn huet. De gréissten Deel vun der Bevëlkerung war also éischter arm, an huet vum Dagesloun geliewt. Um Land woren d'Pächter an der Regel un hier Land gebonnen. Hei (vrun allem a Gallien) koum et och emol zu Opstänn, ënner anerem deem vun de Bagauden. Wat d'Sklaven ugeet, streiden sech d'Fuerscher gären, mee et gëtt allgemeng ugeholl, datt sech wéineg geännert huet an der Praxis, an d'Sklaven also weiderhin eng net onwichteg Roll gespillt hun.

[Änneren] De spéitréimesche Staat an d'wuessend Bedeitung vun der Kierch

De Keeser huet am spéitréimesche Räich eng Stellung ugeholl, déi deeër vun engem Vizekinnek vu Gott op der Erd geglach huet, woubäi hien nach ëmmer un den alréimesche Prinzip vun der Fiirsuerg gebonne war, an e neie Keeser nach ëmmer duerch Akklamatiounen agesat gouf. Innepolitesch mierkt een de staarke Wëlle vun enger Zentralisatioun vun der Administratioun. D'Bürokratie huet zougeholl an d'Arméi gouf am Westen ëmmer méi vernoléissegt a barbariséiert, wat schlussendlech zur Opléisung am 5. Joerhonnert gefouert huet. Dem Westen hunn och d'finanziell Mëttel gefeelt, fir dës Arméi z'ënnerhalen.

D'Kierch ass am Westen op déi Plaz geréckelt, déi de Staat net méi erfëlle konnt. Hier Stellung gouf ëmmer méi gefestegt. Et koum awer zu e puer Kontroversen, engersäits duerch d'Heedentum, wat am 5. a 6. Joerhonnert nach aktiv war, mee och Differenzen an der Kierch selwer (Arianismus, Monophysitismus) hunn eng Festegung schwiereg gemaach. Dobäi koum de Schock vu 410 (Plëmmung vu Roum), op deen den Augustinus, den Orosius an anerer literaresch reagéiert hunn. An der Spéitantikitéit entwëckelt sech och de Bëschof vu Roum zum Poopst, während an Egypten d'Mënchtum seng éischt Schrëtt wot. Dës verstäerkte Positioun vun der Kierch huet och dozou gefouert datt sech verschidde Perséinlechkeeten géint de Staatsdingscht a fir den Dingscht fir d'Kierch entscheed hunn (Ambrosius).

[Änneren] Kulturelle Wandel

Am Westen huet schonn am 5. Joerhonnert en Transformatiounsprozess ugefaangen, dee lues a lues zum Fréimëttelalter gefouert huet, natierlech bedingt duerch d'germanesch Präsenz am Réimesche Räich. D'Germanen hunn awer ni versicht, d'réimesch Kultur ewechzekréien, wéi dem Theoderich dem Grousse seng Administratiounspraxis oder och nach de Westgoten hir Rechtspraxis weist. D'Grenze sinn awer fléissend. Am Oste koum et ni zu engem Evenement wéi 476 - allerdéngs leet déi modern Fuerschung net méi sou e grousst Gewiicht op den Ënnergank vu Westroum, wéi dat nach virdrun dacks de Fall war. Den Abroch vun den Araber um Ufank vum 7. Joerhonnert mécht der Eenheet vun der Mëttelmierwelt definitiv en Enn.

[Änneren] Chronologie

  • 284: Regierungsuntrëtt vum Diokletian. Reform vum Räich a Stabiliséierung vun de Grenzen.
  • 285: De Maximian gëtt zum Caesar ernannt.
  • 286: De Maximian gëtt zum Augustus am Westen ernannt.
  • 293: De Constantius Chlorus gëtt am Westen, de Galerius am Osten zum Caesar ernannt (Tetrarchie).
  • 1. Mee 305: Den Diokletian trëtt zeréck an zwéngt de Maximian dat selwecht ze maachen.
  • 306: † Constantius Chlorus. De Konstantin de Groussen gëtt zu York zum Keeser ausgeruff. Zesummefall vun der tetrarchescher Uerdnung.
  • 308: Keeserkonferenz vu Carnuntum, ouni Resultat.
  • 28. Oktober 312: Schluecht bei der Milvescher Bréck: Dem Konstantin seng Truppen schloen dem Maxentius seng, an de Konstantin huet säi "Bekéierungserliewnes".
  • 324: Allengherrschaft vum Konstantin no der Victoire iwwert de Licinius bei Chrysopolis.
  • 325: Konzil vu Nicäa I.
  • 337: Daf an Doud vum Konstantin zu Achyrona, bei Nikomedia. Doropshi kënnt zu enger Rei vun Ermuerdungen, déi d'konstantinesch Dynastie deziméieren. De Constantius II. kritt 338 den Ostdeel vum Räich, seng zwee aner Bridder (Constans und Konstantin II.) de Westen.
  • 340: Constans ass Allengherrscher am Westen, gëtt awer 350 vum Magnentius embruecht.
  • 351: Victoire vum Constantius II. bei Mursa iwwert den Usurpateur Magnentius. Nom Suizid vum Magnentius 353 ass de Constantius II. Allengherrscher.
  • 361: De Julian Apostata zitt géint de Constantius, deen allerdéngs virdru stierwt an de Julian zu sengem Nofolger ernannt huet. Lescht grouss Renaissance vum Hedentum.
  • 363: De Julian während sengem Persiefeldzuch. De Jovian gëtt säi Nofolger a schléisst Fridde mat de Sassaniden.
  • 364: De Valentinian I. gëtt Keeser. Hie féiert erfollegräich Feldzich géint d'Germanen um Rhein a setzt säi Brudder Valens als Keeser am Osten an.
  • säit 375: Ufank vun der Vëlkerwanderung am engere Sënn. D'Hunnen zerstéieren d'Räich vun den Ostgoten a Südrussland. De Gratian gëtt Keeser am Westen.
  • 376: D'Gote ginn iwwert d'Donau a gin an d'Réimescht Räich opgeholl.
  • 378: Schluecht von Adrianopel. Vernichtung vum gréissten Deel vun der réimescher Arméi am Osten an Doud vum Valens.
  • 379: De Gratian setzt den Theodosius als Keeser am Osten an.
  • 382: Gotenvertrag. Den Theodosius siedelt d'Donaugoten op réimeschem Buedem un.
  • 383: Ermuerdung vum Gratian. 388 léisst den Theodosius den Usurpateur Maximus hiriichten an iwwerdréit dem Valentinian II. de Westen.
  • 392: † Valentinan II. 394 marschéiert den Theodosius an de Westen a schléit den Opstand néier. Et kënnt fir eng läschte Kéier zu enger Eenheet vum Räich.
  • 17. Januar 395: Doud vum Theodosius de Groussen an Deelung vum Räich. Säi Jong Arcadius kritt den Osten, säin anere Jong Honorius de Westen. Doropshi kënnt et zu latente Spannungen tëscht deenen zwee Deeler. D'Goten ënnert dem Alarich I. iwwerfalen a verwüsten um Balkan.
  • Neijoerschdag 406/407: Zesummebroch vun der Rheingrenz. D'Germanen falen a Gallien a Spuenien an.
  • 24. August 410: Plünderung vu Roum duerch dem Alarich seng Goten.
  • 418: D'Westgote loossen sech an der Aquitaine néier.
  • 439: Karthago gëtt vun de Vandalen ageholl an domadden ass d'Provënz Africa definitiv verluer.
  • 451: D'Hunne falen an de Weste vum Réimesche Räich an. Den Aetius stoppt den Attila a Gallien.
  • 455: Plünderung vu Roum duerch d'Vandalen.
  • 476: De Romulus Augustulus gëtt oofgesaat. Enn vum westréimesche Räich.
  • 527-565: Justinian I.

[Änneren] Zu de Sourcen an dem aktuelle Stand vun der Fuerschung

D'Quellelag vun der Spéitantikitéit ass wuel déi bescht vun der gesamter Antikitéit, vrun allem duerch déi vill monumental Quellen. Déi wichtegst Source ass den Ammianus Marcellinus. Da kënnt mat groussem Ofstand de subjektiven Heed Zosimos a verschidde Kierchendinger (Eusebius, Ambrosius, Augustinus). Dozou kommen nach de Jordanes a Fragmenter vun aneren Historiker. Fir d'Datéierung vum Enn vun der Spéitantikitéit ass de Prokopios von Caesarea eng gudd Source. Weiderhi sin d'Riede vum Libanios a Themistios an eng Onmass vun Urkunden vu Bedeitung. Dozou kommen nach de Corpus iuris civilis, Inscriptiounen, Papyri an alles wat d'Archäologie eis liwwere kann.

D'Erfuerschung vun der Spéitantikitéit wor problematesch, vrun allem wéinst dem fléissenden Iwwergang an d'Mëttelalter. D'eeler Fuerschung huet an der Spéitantikitéit vrun allem eng Zäit vun Dekadenz a Verfall gesin (beaflosst duerch Montesquieu a Voltaire). Nach am 19. Joerhonnert gouf des Theorie ugeholl. Eréischt d'Studie vum John B. Bury an aneren hun zu enger neier Siicht op des Period gefouert, déi net méi als reng Verfallszäit kann ugesi gin. Wéiwäit de spéitantike Staat en "Zwangsstaat" war, bleiwt weiderhin ëmstridden, och wann déi haart Meenung vun der eelerer Fuerschung net méi sou ouni weideres akzeptéiert ka gin. De Peter Brown huet a sengen Aarbechten op d'Metamorphose vun der antiker Welt an dëser Epoch opmierksam gemaach, woubäi hien sech vrun allem mat de reliéisen a kulturelle Verännerunge beschäftegt.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • SEECK Otto, Geschichte des Untergangs der antiken Welt, Stuttgart, 1921.
  • CAMERON Averil (Hrsg.), The Cambridge Ancient History, Bd. 13 a 14, Cambridge, 1997.
  • BRANDT Hartwin, Das Ende der Antike. Geschichte des spätrömischen Reiches, München 2004, ISBN 3406519180
  • BROWN Peter, Die letzten Heiden, Berlin, 1986.
  • BROWN Peter, Die Entstehung des christlichen Europas, München, 1999, ISBN 3406440231
  • DEMANDT Alexander, Geschichte der Spätantike, München, 1998, ISBN 3406441076
  • FUHRMANN Manfred, Rom in der Spätantike, Zürich, 1994, ISBN 3760810888
  • JONES Arnold H. M., The Later Roman Empire 284-602. A Social, Economic and Administrative Survey, Oxford, 1964.
  • MARTIN Jochen, Spätantike und Völkerwanderung, München, 2000, ISBN 3486496840

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

  • Ënnergang vum Westréimesche Räich
  • Lëscht vun de réimesche Keeser

[Änneren] Extern

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com