ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Réimescht Räich - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Réimescht Räich

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Als Réimescht Räich (Imperium Romanum) bezeechent ee generell de réimesche Staat an de Joerhonnerten no der Reorganisatioun duerch den Augustus. Am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt den Ausdrock Réimescht Räich och benotzt fir d'Gebitt ze beschreiwen, dat vu Roum vum 6. Joerhonnert v. Chr. bis zum 5. Joerhonnert eiser Zäit beherrscht gouf, am Wuertsënn vun imperium romanum versteet een dodrënner allerdings just d'Vollmuechte vum Imperator, also dem Keeser.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Begrëffsbestëmmung

Obschonns Roum och scho virum Augustus Länner eruewert hat déi vu Roum als Provenz verwalt goufen, oder als Klientelstaaten hu misse Tribut bezuelen, gëtt de réimische Staat nëmmen fir die Zäit ab der Arichtung vum Augustus sénger Autokratie Imperium Romanum genannt, fir die Zäit virdrun dogéint schwetzt een léiwer vun der Réimescher Republik. Die willkürlich Ënnerscheedung tëscht réimeschem Räich a réimescher Republik hun nofolgend Generatiounen gemeet fir erauszesträichen dass Rom ab dann eng Monarchie wor. D'Réimer aus deer Zäit selwer hu sech dogéint drop behaapt d'Republik géif weider bestoën, och wann die aner Völker daat nie sou gesinn hunn.

Déi gréissten Ausdeenung hat d'Réimescht Räich zur Zäit vum Keeser Trajan, wou d'Gebidder ronderëm d'Mëttelmier, Gallien, Deeler vu Britannien a Lännereie ronderëm d'Schwaarzt Mier zum Räich gezielt hunn.

Réimescht Räich am Joer 117 n. Chr.
Réimescht Räich am Joer 117 n. Chr.

D'Réimescht Räich hat e groussen Afloss op d'Gebidder wou et sech ausgebreed huet, an esouguer iwwert d'Grenzen eraus. Am Oste vum Räich huet sech de réimeschen Afloss mat griichesch-hellenisteschen an orientaleschen Elementer vermëscht, während de Weste latiniséiert gouf.

Aus der laténgescher Sprooch hu sech die modern romanesch Sproochen (italienesch, franséisch, spuenesch, portuguisesch a rumänesch) entwëckelt, op d'Entwëcklung vun anere Sprooche wéi daat däitscht huet sie groussen Afloss gehaat. Vrun allem daat europäischt Rechts- a Staatswiesen ass enorm vum Réimesche Räich geprägt ginn.

D'Geschicht vum Réimesche Räich léisst sech a verschidden Phasen mat fléissenden Iwergäng ënnerdeelen, wobäi mir der un deser Plaaz 6 upziele wëllen:

  • Kinnekszäit (753-510)
  • Réimesch Republik
  • spéit Réimisch Republik (mat sech oofwieselnde Biirgerkricher zenter 133 v. Chr.)
  • Prinzipat (Réimescht Keeserräich säit 27 n. Chr.)
  • Spéitantikitéit, och Dominat (Réimescht Keeserräich säit 284)
  • Ënnergang vum westréimesche Räich an Iwwergank zum byzantineschen oder ostréimesche Räich (zënter 395)

[Änneren] Réimesch Kinnekszäit a fréi Republik

De Stadstaat Roum, deen um Ufank ënnert etruskescher Kinneksherrschaft stoung, krut ëmmer méi Afloss an Italien, nodeems en sech ca. 500 vun den Etrusker lassgeléisst hat. Et ass och zu dëser Zäit wou d'Kinnekräich an eng Republik ëmgewandelt gëtt, déi vun zwee Konsulen pro Joer, déi vum Senat gewielt goufen, regéiert gouf. Als éischten, einegermoosse festen Punkt, kann een d'Zwölftafelgesetz vun 451 notéieren.

Roum huet mat enger Expansioun a Mëttelitalien ugefaangen, mee huet nieft Succèsen och Néierlage missen astiechen. Dorops folgen d'Samnitekricher (343-290) an de Latinerkrich (340-338). Roum huet sech en Alliancesystem geschaf, andeems d'Kolonien op strategesch wichtege Plaze gegrënnt goufen. Ausserdem goufen Uniounen mat den italienesche Stämm geschloss, woubäi dës Awunner awer net d'réimescht Biergerrecht kruten.

[Änneren] Den Opstig vu Roum - D'Expansioun an Italien an am Mëttelmierraum

Am 3. Joerhonnert v. Chr. setzt sech Roum géint d'Samniten an aner italienesch Stämm duerch. No an no ass déi ganz Hallefinsel ënnert réimesch Herrschaft gefall, mat der Ausnahm vun Ueweritalien, wat spéider annexéiert gouf. Am Süde goufen d'griichesch Stadtstaaten ageholl. Dës Expansioun huet zu engem Konflikt mam bis dohinner friddleche Karthago gefouert, an dëst zu de Punesche Kricher.

Am Éischte Punesche Krich (246-241) huet Roum eng Flott opgebaut, fir sech Karthago entgéintzestellen. No verschiddene Néierlage konnt Roum sech a Sizilien etabléieren. Datt dëst Karthago net gepasst huet ass kloer, an sou koum ët zum Zweete Punesche Krich, wou den Hannibal Roum ellen un d'Ziddere bruecht huet, besonnesch duerch d'réimesch Néierlag bei Cannae. Allerdéngs ass et dem Hannibal net gelongen, den italieneschen Allianzsystem ze zerstéieren, an de réimesche Feldhär Scipio gëtt dem Hannibal 202 bei Zama Meeschter. Karthago huet hir Muecht verluer an Roum, nieft Spuenien, gewënnt un Afloss.

De Sieg iwwer Karthago an den zwee éischte Punesche Kricher huet d'Stellung vu Roum am westleche Mëttelmier ofgeséchert. Vun 200 mëscht sech Roum och an d'Muechtspill vun den hellenistesche Räicher an. Do waren d'Groussmuechten net an der Lag, friddlech zesummenzeliewen. D'Folleg ware Konflikter mat den Antigoniden wou Roum a Griicheland intervenéiert ass, fir de makedoneschen Afloss zeréckzedrängen. E weidere Krich gouf géint d'Seleukiden gefouert, an e Ruff ëm Hëllef hat e Krich géint den Antiochos III. zur Folleg. Domadder gouf Roum de facto d'Haaptmuecht am ëstleche Mëttelmier. D'Versich vu Makedonien, hir Hegemonie oprecht ze erhalen, hunn zu weidere Kricher gefouert, woubäi Makedonien 148 de Kiirzere gezunn huet, an zu enger réimescher Provenz gouf. Dat selwecht Schicksal gëllt fir Griicheland 146, an, no der Zerstéierung vu Karthago am Drëtte Punesche Krich, fir d'nei Provenz Africa. Nëmmen Ägypten, wat an e réimescht Protektorat ëmgewandelt gouf, a Pergamon konnten hir Onofhängegkeet fir eng Zäit sécheren. Pergamon gëtt 133 zu enger réimescher Provenz. 64/63 gëtt de Rescht vum Seleukideräich duerch de Pompeius zur Provenz Syria.

[Änneren] D'Revolutiounszäit an d'Biirgerkricher

Zënter der Mëtt vum 2. Joerhonnert v. Chr. befënnt sech d'Republik an enger innepolitescher Kris déi zu de réimesche Biirgerkricher féiere wärt, an zu enger Reform vum politesche System féiere wärt. D'Reform vun de Gebridder Tiberius Gracchus a Gaius Gracchus, d'Gracchesch Reform, soll och den ärmste Schichte vun der Bevölkerung hëllefen, zu Land ze kommen. Obwuel dës Reform net duerchgesat konnt ginn, huet si dach e Konflikt opgeworf, deen esoubal net ophale sollt: d'Optimates an d'Populares maache sech géigesäiteg d'Liewe schwéier, fir hir Politik duerchzesetzen. Mee och an Italien huet et gebrodelt, an den Allianzsystem koum un d'Wackelen, wat zum Bundesgenossekrich gefouert huet, no deem och all d'Allianzpartner d'réimescht Biirgerrecht kruten.

Am Senat geet de Sträit monter weider, an Ufanks kann de Sulla sech als Diktator behaapten. No sengem Doud bekriche sech den Julius Cäsar an de Pompeius, woubäi de Pompeius de Kiirzeren zitt. Mee och den Cäsar ka sech als Diktator net behaapten a gëtt 44 v. Chr. ermuerd.

Nom Doud vum Cäsar ass et de Republikaner awer net gelongen, déi al Verhältnisser erëm hirzestellen, an den Octavian, de spéideren Augustus, setzt sech schlussendlech duerch.

[Änneren] D'fréi Keeserzäit (Prinzipat)

Als dem Cäsar säin Ierwen huet den Octavian et Ufanks zimlech schwéier. Mee en huet aus de Feeler vu sengem Virgänger geléiert, a geet seng Reform méi douce un, fir de Senat net ze bruskéieren. Emmerhin ass jo bekannt, wat dem Cäsar geschitt ass, an de Octavian well sécherlech net, datt et him genausou ergeet. Hie léisst also Ufanks déi republikanesch Konstitutioun a Kraaft, a séchert sech seng Positioun duerch eng ganz Partie Ämter. De Senat gesäit am Octavian dann och kee Kinnek, mee den Princeps, den éischte Bierger. De Regime, dee vum Octavian agefouert gouf, gëtt dowéinster och Prinzipat genannt. Am Joer 27 eiser Zäit kritt hie vum Senat den Titel mat deem hien an d'Geschichtsbicher agoe wärt, Augustus.

D'Keeser ware Meeschter iwwert de gesamte Mëttelmierraum, an och de Westen a Süden vu Germanien gehéiert zum réimesche Räich. Am Nordosten ginn d'Réimer allerdéngs am Joer 9 gestoppt (Varusschluecht). Ënnert dem Keeser Claudius kennt Britannien zum Räich a spéider och Thrakien. Déi gréissten Ausdeenung hat d'Räich zur Zäit vum Keeser Trajan am Joer 117. Och d'Zäit vum Keeser Hadrian, deen zwar déi östlech Eroberungen vum Trajan opgëtt, ass eng gutt Zäit fir d'Räich.

An der Mëtt vum 2. Joerhonnert schengt d'Räich op sengem Héichpunkt ukomm, mee schonn ënnert dem Marcus Aurelius kommen déi éischt Problemer op d'Réimer duer (Kämpf mat de Germanen a Parther). An de folgende Joerzingten ass keng Rou am Räich. D'Grenze ginn ëmmer méi dacks ugegraff an och innepolitesch ass d'Situatioun net roseg. Am 3. Joerhonnert konnten d'Severer d'Lag liicht stabiliséieren, mee och si konnten e Krich mat de Sassaniden net verhënneren. Doropshin kommen d'Zaldotekeeser un d'Muecht, déi de Streidereie Meeschter ginn an Palmyra ennerwerfen (272).

[Änneren] D'spéit Keeserzäit (Dominat)

284 gi mer mam Diokletian an d'sougenannte Spéitantikitéit. Hien huet d'Verwaltung reforméiert an de System vun der Tetrarchie agefouert. No dësem System gëtt et ëmmer zwee Senior-Keeser (Augusti) an zwee Junior-Keeser (Caesar). D'Räich war scho laang fir een alleng ze grouss ginn, mee de Gedanken d'Unitéit opzegi koum net a Fro.

Dem Konstantin de Groussen war dat allerdéngs net genuch. Hien huet seng Rivalen aus dem Wee geraumt a war 324 erëm eenzege Keeser. An d'Geschichtsbicher agangen ass hie vrun allem duerch d'offiziell Erlabnis vum Chrëschtentum an duerch d'Grënnung vu Konstantinopel, wouduerch sech den Haaptschwéierpunkt vum Räich méi no Osten geriicht huet.

Ennert dem Valentinian I. gëtt d'Räich aus Verwaltungsgrënn dann trotzdem opgedeelt, eng Deelung déi nom Doud vum Theodosius I. definitiv wärt sinn. No der Néierlag vun Adrianopel konnt hien d'Goten a Schach halen, andeems hie Veträg mat hinnen ënnerzeechent huet.

[Änneren] Den Ënnergang vum westréimesche Räich

Am Laf vum 5. Joerhonnert ass allerdéngs d'westréimescht Räich zerfall, iwert d'Ursaachen get zenterhier gestridden. Eng dovunner war sëcherlich d' Völkerwanderung, die eleng awer sëcher net decisif war, wou d'Räich den Ustuerm vun de Barbaren virdrunner dach zwee Joerhonnerten lang paréiere konnt! Als wahrscheinlichsten Ursaach kinnt een, mat dem Michael Grant d'Zesummespill vun folgende Fait'en nennen:

  • Well Roum huet missen géint d'Germanen an d'Perser gläichzäitig Krich féieren, koum et zu enger Militariséierung vun der Gesellschaft. En plus guff et am Schnëtt all puer 20 Joër Throunfolgekricher, fir d'Militär kënnen ze bezuelen hunn dauernd missten d'Steieren erhéischt ginn.
  • Gläichzäitig guff et gréisser Peschtwëllen am ganze Räich. Doduercher ass d'Bevölkerungszuel ëmmer méi eroof gaangen.
  • D'Chreschtentum war mëttlerweil Staatrelioun, a grad des Relioun huet eng Moral gefördert, die de Mensch säi Séilenheel am Jenseits fanne léisst, derweil et no der klassischer réimischer Moral fir de Bierger näicht méi wichtiges ass wéi daat gemeinsamt Uleies, d'res publica, also de Staat guff. Daat spéit Keesserräich huet räiche Bierger an Intellektuellen kéng Chance méi gebueden fir Karriere ze maachen, sie hunn (wéi z.B. den Augustinus) hier Energie da léiwer der Kiirch zur Verfügung gestallt. Den Interessi um Staat ass ëmmer manner ginn.
  • En plus waren wirtschaftlich a sozial Changementer am gaangen: Zwar haat zënter dem Caracalla all Awunner d'réimischt Biergerrecht, als Bierger die fir de Staat géifen antrieden hu sech awer ëmmer manner Leit kënne gesinn. Als Colonnen hu sech ëmmer méi Leit an d'Oofhängigkeet vun engem Patron beginn. Dofir konnte sie nit méi zum ongeléiwte Militärdingscht gezwonge ginn. Des Entwëcklung sollt am Mëttelalter an de Feudalismus münden.
  • Wëll kee Réimer méi wollt Zaldot ginn, hunn d'Réimer op Germanen an aner Auslänner zréckgegraff. Dest hätt kinnten een Auswee sinn aus der Kriis, wëll d'Germanen hu Roum bewonnert wëll Roum hinnen eng Karriär bidden konnt. Die Neibierger waren um Staat interesséiert, wéi die vill germanisch Beamten beweisen. Mee de spéitréimische Rassismus huet eng Integratioun vun de Germane verhënnert, sie guffen zréckgewiesen.

No der Schluecht vun Adrianopel 378 goung ëmmer méi d'Kontroll iwwert déi westlech Provenze verluer. Vrun allem de Verloscht vun Africa war e schwéiere Schlag. De Regierungssëtz war op Ravenna verluecht ginn, mee och an Italien hunn d'Germanen ëmmer méi un de Grenze geréckelt. 410 erueweren d'Westgoten Roum, 455 zéien d'Wandalen no. D'réimesch Arméi, déi zu engem gréissten Deel aus Söldner bestanen huet, hat deem wéineg entgéintzesetzen, an innepolitesch war scho laang net méi alles wéi et sollt sinn. 476 setzt den Odoaker, de letzten aus der Réih vun de germanischen héige Beamten am réimische Sold, de westréimesche Keeser Romulus Augustulus of, erklärt awer e giff den ostréimesche Keeser als nominell iwert hien gestallt ugesinn.

Am Osten war d'Situatioun méi roseg, an d' Byzantinescht Räich besteet nach bis an d'15. Joerhonnert eran.

[Änneren] Nofolger

D'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun huet sech als Nofolger vum Westréimesche Räich ugesinn, während de russeschen Zar iwwert d'byzantinesch Ierwschaft och d'Keeserkroun revendikéiert huet. D'Begrëffer Keeser an Zar sinn dann och vum réimeschen Caesar ofgeleed.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Alfred Heuss, Römische Geschichte, Schöningh, 2003. ISBN 3506739271
  • Theodor Mommsen, Römische Geschichte, Deutscher Taschenbuchverlag, 2001. ISBN 3423590556
  • Klaus Bringmann, Geschichte der Römischen Republik, München 2002.
  • Karl Christ, Geschichte der Römischen Kaiserzeit, München 2002.
  • A.H.M. Jones, The Later Roman Empire 284-602, Oxford 1964.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com