Statistik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Statistik gëtt grondsätzlech an zwou Gruppen agedeelt:
- Deskriptiv Statistik (Statistik déi eppes beschreift, empiresch Statistik), mat deeër graff Daten, an enger der Situatioun ugepasster Art a Weis beschriwwen an zesummegefaasst ginn. Mat de Methode vun der deskriptiver Statistik kompriméiert ee quantitativ Daten zu Tabellen, graphesche Presentatiounen a Kennzuelen.
- Induktiv Statistik (Statistik déi hir Schlëss aus eppes zitt, mathematesch Statistik), mat deer een aus graffen Daten, déi aus enger Stëchprouf gewonne goufen, op eng verstoppte Struktur schléisst, déi deenen Daten zu Gronn läit. D'Waarscheinlechkeetstheorie liwwert d'Grondlage fir déi néideg Schätz- an Testverfaren.
D'induktiv Statistik an d'Waarscheinlechkeetstheorie ginn ënnert dem Begrëff Stochastik zesummegefaasst.
Mat déi éischt Betriber déi Statistiken a groussem Moss ugeluecht hunn, waren d'Arméien. Fir déi war et ëmmer wichteg fir genee Zuelematerial zur Vefügung ze hunn. Se hunn d'Statistik och ausgenotzt fir Codéierungen ze entzifferen. Sou konnt d'Amerikanesch Arméi doduerch datt se genee den Takt vun de Morsezeechen vu verschiddene Funkeren notéiert huet, ëmmer feststellen wéini e Funker seng Plaz gewiesselt huet. Dat war nëmme méiglech duerch genee statistesch Wäerter, déi permanent matenee verglach goufen.