ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch? - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch?

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch ?

Geleeëntlech sicht deen Een oder deen Aneren no engem lëtzebuergesche Wuert. Dës Säit soll de Wikipedianer dozou déngen, no Begrëffer ze froen an dobäi vun Anere gehollef ze kréien.
Eeler Ufroë stinn an de respektiven Archiver. Kuckt dofir als éischt do no, op d'Fro net scho gestallt ginn ass.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Aus dem Däitschen

Archiv fir däitsch Begrëffer

[Änneren] Eiserner Vorhang

Ech hu beim Jean-Paul II. mol e bësse verbessert an den "Eisenen Virhang" wéi en do stung als "Eisene Riddo" verbessert. Huet een e bessere Virschlag? Harry-PC 22:32, 26 Februar 2007 (UTC)

Tipp topp. Dat ass et . --Cornischong 22:48, 26 Februar 2007 (UTC)

[Änneren] aufblühen

Was heißt auf luxemburgisch: "Comenius blüht auf."?

Ich habs mal hierher verschoben. Ich bitte ebenfalls um eine Antwort darauf. :o) --Thogo (Diskussion) 23:14, 10 Januar 2007 (UTC)

"De Comenius blitt op." Bitte schön. --Cornischong 23:17, 10 Januar 2007 (UTC)

Danke, auch im Namen des anderen Benutzers. >:O) --Thogo (Diskussion) 23:21, 10 Januar 2007 (UTC)

[Änneren] Sieg

Am Artikel Lordi hänken ech u folgendem Saz: "...für den ersten finnischen Sieg beim...". Wéi léisst sech "Sieg" op lëtzebuergesch iwwersetzen? Gewënn? merci am viraus ^^ --JimHawk 10:07, 5 Mäerz 2007 (UTC)

Am Sport asw. gëtt jo meeschtens "Victoire" geholl, well "Siisch" esou schéi fuerchtbar kléngt. Deemno hei: "Déi éischt finnesch Victoire..." oder vläit, nach besser, einfach ëmschreiwen: "Déi éischt Kéier, wou d'Finne beim/am ... gewonnen hunn". --Zinneke 10:15, 5 Mäerz 2007 (UTC)
Den DLW proposéiert Victoire an den DFL (niewent der Victoire) och nach de Sig. --Pecalux 10:14, 5 Mäerz 2007 (UTC)
Merci, fir déi séier Hëllef :) ech giff soën, ech huelen dann léiwer "Victoire", well am nächste Saz geet et nach eng Kéier em d'Victoire an do gëtt et schon ëmschriwwen... zweemol emschriwwe hannerteneen liest sech och net gudd --JimHawk 10:20, 5 Mäerz 2007 (UTC)

[Änneren] Leuchtturm

Den DLW seet "Liichttuerm", den DFL seet awer "Leuchttuerm". Solle mer de Frang geheie fir gewuer ze gi wee Recht huet? Oder hunn se um Enn allen zwee Recht? --Pecalux 12:28, 13 Juni 2007 (UTC)

Mär hunn hei Liichttuerm, e redirect gëtt gläich gemaach. --Zinneke 12:52, 13 Juni 2007 (UTC)
Gudde Moien
Wa mer d'Wiel hunn zeien ech Liichttuerm vir. Dat klengt op jiddferfall méi lëtzebuergesch.
Ech hat emol bei de Redakteren vun deenen zwéin Dictonnairen nogefrot wou déi Ënnerscheeder hier géife kommen, well awer kengem déi Äntwert zoumudden. Mer sinn nach wäit vum perfekte Lëtzebuergesch ewech, och an den Dictionnairen, soulaang wéi déi sech net konsequent bleiwen an net an den neisten Editiounen op d'Verännerungen hiweisen an erkläre firwat geännert gouf. Eng wëssenschaftlech Basis schéngt op jiddferfall bei sou Tricken net ze existéieren Les Meloures 12:52, 13 Juni 2007 (UTC)
Moien,
natierlech gëtt et keng wëssenschaftlech Basis: et gëtt keng Norm, keng Akademie a kee Gesetz (an et soll menger Meenung no och keng ginn!) fir ze soen, wat "richteg" ass. Ech huelen un, mat deenen zwee Dictionnairë mengs de den Däisch-Lëtz an de Frz.-Lëtz. Dës sinn allebéid d'Resultat vun der impressionanter Benediktineraarbecht vun een, zwee Leit, déi dat aus eegener Initiativ (an op Basis vun hirem Sproochgefill - à la riguer, andeems se ronderëm sech gefrot hunn wéi "een" dofir seet) geschafen hunn.

Dofir si mer hei nach ëmmer mat Redirecten, a wann néideg, Ëmschreiwungen, gutt gefuer, a sollten dat och weider sou maachen, ouni eis de Kapp zevill ze zerbriechen, wat dann elo "richteg" ass a wat net.

--Zinneke 13:02, 13 Juni 2007 (UTC)

PS: D'Äntwert op deng Bréifer gif mech nawell interesséieren. Du däerfs mer se deemno gären elektopostalesch "zoumudden" ;-)

Salut gëtt gemaach Les Meloures 13:08, 13 Juni 2007 (UTC)


D'Verkrätzung vum Lëtzebuergeschen ass un dësem Beispill gutt ze gesinn. Wann dat esou ass, datt den DLW "Liichttuerm" ugëtt, an den DLF "Leuchttuerm", da gëtt et Zäit, datt mer eis Gedanke maachen. Ganz duuss ausgedréckt, dat "Leuchttuerm" fannen ech komplett niewendrun. E Vollek, datt joerzéngtelaang mat sproochleche Monstere wéi dem "Vaterunser" mëll geklappt gouf, soll, wéi et schéngt, weider aus deem Trach friessen. Jëssesmariajousebett. --Cornischong 13:10, 13 Juni 2007 (UTC)

[Änneren] Ventil

Dass "Ventil" op lëtzebuergesch "Ventil" (oder Soupape) heescht, ass kloer. Net esou kloer ass, op et "dee Ventil", "déi Ventil" oder "dat Ventil" ass. Den DLW, op dee mer eis jo eng zäitlaang verlooss hunn, behaapt dass et weiblech wier, also "déi Ventil". Den DLF schreift par contre dass et souwuel männlech wéi weiblech an och nach sächlech wier. Kann dann elo jidderee schreiwe wat e perséinlech fir richteg hällt oder eenege mer eis op eng bestëmmte Form? --Pecalux 06:03, 17 September 2007 (UTC)

Well keen d'Autoritéit huet, et virzeschreiwen (fir mech perséinlech ass 'et' sächlech), proposéieren ech, am Artikel uewe kuerz dëse Geschlechterkuddelmuddel unzeginn ("En oder eng Ventil ass...", dann awer ze probéieren, am Artikel eenheetlech ze bleiwen (watfireen och ëmmer) a grammatkalesche Crossdressing z'évitéieren. --Zinneke 09:03, 17 September 2007 (UTC)

Ech kennen dat Déngen nëmmen als Neutrum, wéi et och am Däitschen ass. --Cornischong 10:15, 17 September 2007 (UTC)

Fir méi gewuer ze ginn kuckt do : Ventil oder do Soupape :-) 81.244.174.129 10:34, 17 September 2007 (UTC)

[Änneren] Karlskirche

Bonjuer, ech wollt emol ufänken, eppes iwwert d'Karlskirche vu Wien ze schreiwen an hunn mech gefrot, op een déi och eventuell "Charelskierch" nenne kinnt (sou wéi mer och d'Mëchelskierch hunn), zum Beispill als Redirect op Karlskierch? Wat mengt dier? merci am virraus --JimHawk 08:38, 25 September 2007 (UTC)

Moien. Well et där Karlskierchen bestëmmt nach gëtt, wier et besser d'Wuert "Wien" mat anzebauen. Also "Wiener Karelskierch", Karelskierch Wien", "Karlskirche Wien" (wéi se "am Original" heescht). Dat sinn einfach emol Virschléi. Fuer mol einfach lass, dat ass d'Haaptsaach. Wann s de valabel Fotoen dovun hues, wier dat ganz gutt. Fotoe vun der Freskemolerei wieren natierlech formidabel. --Cornischong 08:57, 25 September 2007 (UTC)
Ok, merci emol fir déi séier Äntwert. Fotoen hunn ech der eng gudd Rëtsch matbruecht, deelweis besserer wéi an der däitscher wiki --JimHawk 08:59, 25 September 2007 (UTC)
Wéi nenns de dann elo deng Kierch? Mat de Fotoe sinn ech natierlech gespaant, well ech nach ni do war. --Cornischong 09:06, 25 September 2007 (UTC)
Ech giff den Artikel "Karlskirche (Wien)" nennen, well "Karlskirche" den "offiziellen" Numm ass a "(Wien)" den Zousaz ass, fir se vun anere Kierchen, déi dem Hellege Karel/Charel/Karl/Carlos/... geweit sinn, z'ënnerscheeden. Am Artikel kanns de se da menger wärreg "Karelskierch", "Charelskierch" oder wéi och ëmmer nennen. --Zinneke 12:19, 26 September 2007 (UTC)

[Änneren] Elben (Lord of the Ring)

Majo, ech sinn grad am gaangen, e puer Artikelen iwwert Mythologeschen Figuren ze schreiwen. Well mer fir esou Figuren awer aal lëtzebuergesch Nimm hunn (wéi Zwak am plaz vun Zwerg) wollt ech froën, wéi mer do mat den Figuren/Vëllker aus dem Tolkien senge Geschichten verfuere sollen? A orignal heescht déi next Gestalt, déi ech mer virknäppe wollt, Elf. Am däitschen hu mer d'Bezeechnung Elb. De Virwierder a senge Bicher no, huet den Auteur "Elb" och favoriséiert an et bedauert, datt et dat am engleschen net gëtt.

Lo hunn mer awer schon zënter 6, 7 Joer eng offiziell lëtzebuergesch Ausgab vum "Klengen Hobbit", an déier sech den Auteur d'méih gemaach huet, aal lëtzebuerger Ausdréck dofir ze fannen (Beispill Baudessen etc.). Hei fënnt een fir Elb also "Ellef" (sing.) resp. "Elwen" (méizuel) an d'adjektiv "elwesch". Wéi solle mer dann elo domadden verfueren? Vu datt et fir ganz vill Elementer ueral lëtzebuerger Ausdréck ginn, misst dat jo schon eng gewësse relevanz hunn, sou datt een net unbedingt op déi englesch Ausdréck poche muss, oder wat meng dier? --JimHawk 08:50, 16 November 2007 (UTC)

Flott, datt dee Rayon hei sou lues gerëscht gëtt. Wa mer schonns eng Iwwersetzung hunn, dann déite mer, no menger Meenung, am beschten d'Ausdréck vun do ze gebrauchen. Fuer duer. --Cornischong 10:29, 16 November 2007 (UTC)
Sinn der selwechter Meenung. Mir däerfe just net vergiessen dat eent oder anert am Portal:Middle-earth z'änneren, ugefaang mam Numm. Flotten Artikel iwwert d'Zwaken iwweregens! Kaffi 17:41, 16. Nov. 2007 (UTC)

[Änneren] Gaube

Eng ausgebaute Fënster am Daach. Kuckt an der de-Wiki de Lemma "Dachgaube" ; an dësem Fall ass et eng "Giebelgaube". Merci am viraus. --Cornischong 20:24, 16. Jan. 2008 (UTC)

Mansardsfënster? --Z.

[Änneren] Köhler

De fréiere Beruff "Köhler", deen Holzkuele gemaach huet a sengem "Meiler", an deen nach haut am Spaghettisrayon ze fannen ass "Spaghetti alla carbonara". Et ass mer, wéi wann ech mol "Kieler" begéint hätt. --Cornischong 21:55, 10. Mäe 2008 (UTC)

A méngem Daggislëtzebuergesch ass de Köhler e Kuelebrenner an dovunner ofgeleet de Fuuss deen en donkle Pelz huet, dien dann och Kuelebrenner genannt gëtt.
E Kieler ass dat Stéck Geschirr dat d'Päerd ëm den Hals geluecht kritt, op däitsch Kummet an och Kumt genannt, op franséisch Collier. Les Meloures 22:51, 10. Mäe 2008 (UTC)

[Änneren] Aus dem Franséischen

Archiv fir franséisch Begrëffer

[Änneren] Dot

Wéi nennt een dann eng Dot (op däitsch "Mitgift") op lëtzebuergesch ? Also dat, wat de Mann vun der Famill vun der Fra kritt, wann e si bestued ? Ech hunn am Danton-Artikel emol "Matgëft" geschriwwen, fir net e ganzen Artikel wéinst engem Wuert falen ze loossen, wat an dësem Kontext awer wichteg ass, well duerch déi Suë konnt hien sech eng wichteg Charge um Haff kafen... Mee ech si mer net sécher wéi "lëtzebuergesch" dat ass :) --βρισεισDisk 12:05, 8 Februar 2007 (UTC)

Gudde Moien:
Op lëtzebuergesch ass dat eng Aussteier Les Meloures 12:20, 8 Februar 2007 (UTC)
An am DFL steet niewent der Aussteier och nach Dott. --Pecalux 16:49, 8 Februar 2007 (UTC)
Wéi berouegend ass et datt de Josy Braun och "Dot" an "Dotten" a sengem Bichelche stoen huet (13. Oplo S.51).

[Änneren] Joresofschloss a Kollegen

Bei mengem leschten Artikel hunn ech alt e puermol misse keimen an ech zécken, dat wat ech am éischten Äifer eng gutt Iwwersetzung fonnt hunn, esou bäizebehalen, mee et fält mer soss net vill a fir Comptes annuels (Joresofschloss) a Compte de profits et pertes (Gewënn- a Verloschtkonten). A bei engem Ausbau vum Artikel hänken ech direkt un engem ganze Quascht: Commissaire aux comptes, Réviseur d'entreprises, Liquidateur (Liquidator), Parts sociales (Geschäftsundeeler), Assemblée générale extraordinaire (Aussergewéinlech Generalversammlung) a Capital social (Stammkapital). Kéint een dat esou stoeloossen oder awer léiwer net? --Otets 21:01, 21 Mee 2007 (UTC)

Moien, et ass Fachvokabular, deemno giff ech dat esou nennen, wéi déi, déi dermat hantéieren, och soen, d.h. meeschtens ass dat de franséischen Ausdrock. Dat soll net dervun ofhalen, dës fir Net-Initiéiert dacks esoteresch Begrëffer an "normaler" Sprooch z'erklären, resp. ze paraphraséieren.
--Zinneke 21:10, 21 Mee 2007 (UTC)
De Problem ass eben, datt je no Background vun deem deen dermat hantéiert alles eng franséisch, däitsch oder souguer englesch Touche kritt. Ech hu versicht do ze tranchéieren a mech éischter op déi germanophone Säit geschloe fir datt et net ausgesäit wéi wann een einfach ze faul gewiescht wier fir nom richtegen Terme ze sichen, mee z.B. mat Haaptversammlung aplaz Generalversammlung mengen ech grad an de Contraire ofgerutscht ze sinn, dofir hunn ech dat emol nees ritgebéit. Ech wëll just sécherstellen datt et och fir de Rescht net zevill "Preisesch" klengt, besonnesch wann d'Ëmgangssprooch aus dem Veräinsliewen fäerdeg Begrëffer hätt (wat ech awer elo leider net onbedingt weess). --Otets 21:38, 21 Mee 2007 (UTC)

[Änneren] Aus dem Engleschen

Archiv fir englesch Begrëffer

[Änneren] Minor orders

Minor orders (dt. niedere Weihe) fir Priester ze ginn? Myriam 11:21, 29 Juni 2006 (UTC)

[Änneren] Goal/Gol

Ass et de Goalkeep(er) oder de Golkipp? Oder iere Goalkipp? DFL, DLW anyone? Ech gi mer net mat mer selwer eens a soen alt scho Merci fir deen deen nokucke kann! Kaffi 22:28, 14 August 2007 (UTC)

Salut,

No villem Gesichs a Gediskutéiers um Telefon fannen de Cornischong an de Les Meloures datt Golkipp déi beschte Léisung wier. D'Lëtzebuerger Schreifweis baséiert op der Aussprooch. Les Meloures 22:54, 14 August 2007 (UTC)

N'Owend,
Jo, Golkipp ass och menger Meenung no nëmme logesch, mee misst een dann net och konsequent sinn a Gol amplaz Goal schreiwen (an et ongeféier 2000 hei op der wiki ännere goen)? Abee, et ass fir mar. Merci jiddefalls! Kaffi 23:14, 14 August 2007 (UTC)

[Änneren] Jazz

Wéi gëtt "Jazz" op lëtzebuergesch ausgeschwat: djaas (wéi am franséischen), djääs (wéi am engleschen) oder Jatz (wéi ech et schonn zënter 60 Joer zu Lëtzebuerg nennen). Et ass wichteg wéinst der Uwendung vun der Äifeler Regel. --Pecalux 08:50, 30 September 2007 (UTC)

Wéi s de selwer sees, ginn et déi 3 Méiglegkeeten, an domatter der 2, de mobilen N ze scheiwen - oder net. Soulaang et am Artikel duerchgängeg ass, gesinn ech kee Probleem. Well awer an der Chronologie vun "amerikaneschen Jazz-Museker" doruechter riets geet, hätt ech perséinlech eng liicht Preferenz fir déi englesch Aussprooch. Mee wéi gesot: Fuer emol duer, méi wichteg as et, emol en Artikel doriwwer ze hunn ;-) --Zinneke 09:05, 30 September 2007 (UTC)
Artikel. A wat dreems de nuets? --Cornischong 09:48, 30 September 2007 (UTC)
D'Fransousen hunn do wéineg auszeschwätzen, de Fall "Mosar" amplaz vu Mozart, ass bekannt. Et ass d'djääs. De Josy Braun geet ausdrécklech op dee Fall an, (op der Säit 30 an der 13. Oplo), nodeems een aus der Wiki hien dorops ugeschwat hat. Nach deeër Wierder: den Job, den Cent (do ass et en "t"). Den "Duden-Aussprachewörterbuch" vun 1962 (!) ass derselwechter Meenung, an dat fir en däitschsproochegt Wierderbuch. Wéi een et doheem am Gespréich mat sengem Dackel seet, geet mech natierlech näischt un :-) --Cornischong 09:09, 30 September 2007 (UTC)

[Änneren] Iwwerhaapt

  • De "Waasserspäizer" u ville Kathedralen (am Franséischen "gargouille"). Merci. --Cornischong 16:12, 1 September 2006 (UTC)
Déi eenzeg Kathedral, déi zu Lëtzebuerg ass, huet bekanntlech deer Denger keng. Ech perséinlech soe "Gargouille", op Englesch heescht dat jo och bal esou ("gargoyle"). "Waasserspäizer" versteet zwar sécher och jiddereen, dee Lëtzebuergesch versteet, mee d'Wikipedia ass jo leider net déi Plaz, fir Saachen z'erfannen, a wieren se nach esou giedelech. Ech roden deemno, déi Creatioun héchstens am Artikel aus stilistesche Grënn, an a Kursiv, ze benotzen. Wa mer 100.000 Artikele beieneen hunn, kënne mer jo e Site opmaache fir déi "stomm" Begrëffer am Lëtzebuergeschen, wou jiddereen nei Virschléi maache kann.  ;-)--Zinneke 19:59, 1 September 2006 (UTC)

Ech giff och hei eng verlëtzebuergescht Iwwersetzung aus dem däitschen huelen (Wasserspeier). Wann ee Gargull seet da kéint ee mengen et giff ee vun de Gargullen an den Trottoiren schwätzen. Bei de Fransousen asset zwar esou déi hun dee selwechte Numm fir déi zwee. Waasserspäizer schengt mer richteg hei. Les Meloures 20:05, 1 September 2006 (UTC)

Wann d'Wikipedia "leider net déi Plaz, fir Saachen z'erfannen" ass, da loossen ech den Artikel iwwer déi Basilika mat den 123 Dénge léiwer sinn. Dat wäert och de Grond sinn, firwat et der all Dag hei manner ginn. --Cornischong 00:32, 2 September 2006 (UTC)
Dass d'Wikipedia net di Plaz ass fir igenwellech Dommheeten ze erfannen domaat kann ech d'accord sinn mee wann een dann op der Wikipedia Lëtzebuerg op Erklärungssäit liest et kéint een wann et keen typescht lëtzebuergescht Wuert gëtt, eng verlëtzebuergescht Iwwersetzung aus dem däitschen oder franséische gebrauchen da wir trotzdem hei Waasserspäizer dat richtegt. Wann daat engem nit passt da soll och déi aaner Erklärung aus der Wiki verschwannen. 81.243.165.241 07:16, 2 September 2006 (UTC)
Dajee, Cornischong, net esou defaitistesch ;-) Dat mat "Erfannen" hunn ech op d'Lemma selwer bezunn, wou mer nun eemol virsichteg musse sinn. Bei enger Be- oder Ëmschreiwung kann a muss een awer roueg kreativ sinn. Deemno giff ch den Artikel "Gargouille" nennen an ufänken mat: Eng Gargouille (och alt Gargull) ass eng Zort Waasserspäizert, deen, virun allem bei Kathedralen, dozou déngt, d'Reewaasser vun de Grondmaueren ewechzeleeden. Gargouillën hunn oft speziell Formen,..." Natierlech dann e Redirect vu "Gargull" a menger wärreg och "Waasserspäizert".
Ech sinn op däin Artikel gespaant ! --Zinneke 09:31, 2 September 2006 (UTC)
  • Wéi ass d'Méizuel vu Vulkan? Vulkaner oder Vulkanen doer ? (D'Fro stellt sech wéinst eise Kategorien). --Robby 14:44, 7 Oktober 2007 (UTC)
Gudden Owend. Vulkaner. Den "Trend" geet iwwerhaapt a Richtung -er. Vill Wierder, déi soss eng -en Endung an der Méizuel haten, passe sech lues a lues dem "Trend" un. Den DLW, dee jo un der Spëtzt vum fortschrëttleche Progrès steet, ass och mat de Vulkaner mat derbäi :-)) --Cornischong 16:57, 7 Oktober 2007 (UTC)
Ass dat wichteg fir d'Category
Wann déi eng oder aner Schreifweis passt, solle mer dann elo 2 Cats maachen oder wéi?? An eise Categorys ass vill méi ee grousse Kuddelmuddel wéi eng Schreifweis vun de Vulkaner ass dat nachg kengem opgefall.
Mer hunn:
op d'mannst 4000 Biller déi keng cat hunn
7 Cats déi net Kategoriséiert sinn
1001 Schablounen déi net kategoriséiert sinn
74 Artikelen déi net kategoriséiert sinn
3407 Säiten ouni Interwikilinken
Les Meloures 17:21, 7 Oktober 2007 (UTC)

PS: ech hunn och elo zimmlech Zäit gebraucht fir erauszefannen datt déi Fro nëmmen am Zesummenhank vun de Méizuel war, an net datt et esou wichteg wéinst der Kategorie war, déi stoung nämlech an der richteger Méizuel do (no DLW an DFL).

Et wier also schonns gutt wann een d'Froe géif mat den Zesummenhäng alleguer stellen, datt een och wees wou soll verbessert ginn. Les Meloures 18:24, 7 Oktober 2007 (UTC)


An der Tëschenzäit gouf d'Lëscht vun de Vulkanen op Vulkaner geréckelt, d'Linke verbessert an de Lemma mat der falscher Schreifeis geläscht Les Meloures 18:32, 7 Oktober 2007 (UTC)

[Änneren] Strickliesel

Wéi heescht dat Déngen do [1] op Lëtzebuergesch? Gebraucht gëtt et fir den Heekelcrochet -Artikel. --Cornischong 12:12, 23 Mäerz 2007 (UTC)


Ech kennen dat als "Stréckgréidel" (Schiertz Roger)

Moien a Merci. --Cornischong 13:42, 23 Abrëll 2007 (UTC)
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com