Weltwonner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi Siwe Weltwonner si berühmt Bau- a Konschtwierker aus der Antikitéit. D'Historiker sinn sech eeneg ginn, datt ët der siwe sinn an zwar:
- Pyramide vu Gizeh, Gizeh (Egypten), goufen ëm 2590-2470 v.Chr. gebaut a sinn nach erhal.
- Zeusstatu vum Phidias Olympia (Griicheland),am 5.Jahrhonnert. v.Chr.gebaut, 262 n. Chr. duerch Brand zerstéiert.
- Artemis-Tempel vun Ephesus (Tierkei), am 6. Jh. v.Chr. gebaut, 262 n.Chr. zerstéiert.
- Mausoleum vun Halikarnassos (Tierkei), ëm 325 v.Chr. gebaut, ganz zerstéiert .
- Hänkeg Gäert vu Babylon (Irak), Baujahr onnbekannt, ganz zerstéiert.
- Koloss vu Rhodos Rhodos (Griicheland), 292-280 v.Chr. gebaut, 224 v.Chr. zesummegebrach .
- Liichttuerm vu Pharos, Alexandria (Egypten), 270 v.Chr. 1375 gebaut, duerch en Äerdbiewen zerstéiert.
[Änneren] Déi Siwen Nei Weltwonner
Well vu den historesche siwen Weltwonner nëmmen nach d'Pyramide vun Gizeh iwwerlieft hunn, huet kierzlech e Schwäizer, de Bernard Weber, d'Initiativ ergraff, fir siwen nei Weltwonner duerch de Publikum iwwer Telefon oder Internet ze bestëmmen. D'Pyramide vu Gizeh stongen dobäi nimmi zur Wahl. D'Resultat, dat allerdengs ëmstridden ass a vu deem d'UNESCO sech distanzéiert huet, ass de 7.Juli 2007 zu Lissabon bekannt gemeet gi. Vu deene 21 Objetën déi a Fro koumen, goufen der siwen als Nei Weltwonner gewielt:
- Mexiko: Chichén Itzá Mayaruinen op der Hallefinsel Yucatán
- China: Chinesesch Mauer
- Brasilien: Christo Redentor Christusstatu zu Rio de Janeiro
- Italien: Kolosseum réimeschen Amphitheater
- Peru: Machu Picchu Inkaruinestad an den Anden
- Jordanien: Petra Fielsestad
- Indien: Taj Mahal Grafmonument