Zënsausgläichsteier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Zënsausgleichsteier oder op Amerikanesch Interest Equalization Tax (IET), ass 1963 op dem US-amerikanesche Marché agefouert ginn an taxéiert d'Zënsakommes vun all de Pabeiere mat 15% déi net an den USA investéiert ginn. Heimat sollt erreescht ginn, datt US-amerikanesch Suen am Land selwer sollten investéiert ginn. D'Zënsausgleichsteier huet bestane bis 1974.
Dës Moossnam, déi ënnert dem President Kennedy agefouert ginn ass, muss een am economesche Kontext vun deer Zäit verstoen. Et war eng vu ville Mossnamen déi vun den Amerikaner an de 60er Joren agefouert ginn ass, well de weltwäite Währungssystem, bestëmmt durch Bretton-Woods, ugefaangen huet aus allen Néit ze platzen.
Duerch de Bretton-Woods-System (no 1945) waren all (westlech) Währungen un den US-amerikaneschen Dollar gekoppelt an den US-Dollar war un d'Gold gekoppelt (nämlech mat 35 $ fir eng Onz Gold). Dat heescht, et konnt nom Zweete Weltkrich internationalen Handel bedriwwe ginn ouni ze fäerten datt ee grouss Risike mat de Währungen huet. Duerch de fixe Bretton-Woods-System konnt iwwerhaapt de phenomenale Relancement nom Zweete Weltkrich stattfannen.
Problematesch gouf déi Saach eréischt Enn de 50er, wéi den amerikaneschen Handelsdefizit ëmmer méi grouss ginn ass. Et sinn ëmmer méi Dollaren an d'Ausland gefloss. D'Iwwerangebot un Dollaren hätt eigentlech misse säi Wert falen doen. Dat konnt awer net geschéien, well d'Währunge fest uneneegestréckt waren.
[Änneren] Firwat ass d'Zënsausgläichsteier agefouert ginn?
Well bis dohin déi meescht Obligatiounen zu New York gehandelt gi sinn, hunn d'US-amerikanesch Autoritéiten geduecht, se kéinten en Erausfléisse vun US-amerikanesche Suen verhënneren, wann auslännesch Obligatiounen géifen zousätzlech besteiert ginn.
Mee als Konsequenz doropper si ganz vill Marchéen fir esou Pabeieren op anere Plazen entstanen z.B. zu London, Lëtzebuerg, etc.
Doduerch ass den Eurodollarmarché (deen eigentlech do scho bestanen huet) eréischt lancéiert ginn.