ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Internet - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Internet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Internet (Ofkierzung fir Interconnected Networks) déngt der Kommunikatioun an dem Austausch vun Informatioun. Et ass eng weltwäit Verbannung vu verschiddene Computernetzwierker, déi op de verschiddensten Technologië berouen. Dëst Netz vun Netzer kënnt dem Benotzer awer mat Hëllef vun enger komplexer Internet-Software, déi all Detailer verstoppt, als eenheetlecht homogent Netz vir. Aus deem Gronn gëtt och dacks vun engem virtuellen Netz geschwat.

Iertëmmlecherweis gëtt d'Wuert "Internet" dacks als Synonym fir de World Wide Web genotzt, deen awer just ee vu ville Servicer vum Internet ass.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Gebuertsstonn vum Internet

Gebuertsstonn vum Internet geet zréck op 1969, wéi véier amerikanesch Universitéiten (Stanford, Santa Barbara, Los Angeles an Utha) matenee vernetzt goufen. Dëst Netz wor ënnert dem Numm ARPANET bekannt a gouf vun der Advanced Research Projet Agency (ARPA) vum amerikaneschem Verdeedegungsministère ënnerstëtzt. D'ursprénglecht Zil vum Projet stoung am Hannergrond vum Kale Krich, fir ee verdeelte Kommunikatiounssystem opzebauen, dat am Fall vun engem Atomkrich eng Kommunikatioun ouni Stéierungen erlabe géif. D'ARPANET ass séier gewuess a gouf schonns gläich drop an ee militärescht genotzten a wëssenschaftlecht, zivilt genotzte Netz opgedeelt. Nodeems 1983 dunn d'ARPANET op d'TCP/IP Protokollfamill adaptéiert ginn ass, huet lues a lues sech och den Numm Internet duerchgesat.

Zënter ufanks den 1990er Joren, huet awer de World Wide Web an déi éischt einfach benotzbar graphesch Webbrowseren dem Internet zu sengem risegem Erfolleg a weltwäiter Verbreedung verhollef.

[Änneren] Opbau a Funktiounsweis vum Internet

[Änneren] Vernetzung

Schemateschen Opbau vum Internet
Schemateschen Opbau vum Internet

Computere loosse sech zu Netzwierker zesummeschléissen. Esou Netzer sinn ënner anerem:

  • Firmenetzwierker, iwwer déi d'Computeren aus enger Firma verbonne sinn,
  • Providernetzwierker, un deenen d'Computere vun de Clientë vun engem Internet-Provider ugeschloss sinn oder
  • Universitéitsnetzwierker.

Dës Netzwierker ginn no hirer raimlecher Ausdehnung klassifizéiert:

  • Lokal Netzer (Local Area Networks, LAN) gi just iwwert kleng Distanzen a sinn an der Regel privat Netzer. Si hunn eng symmetresch Struktur a baséieren allgemeng um Broadcasting-Prinzip. Wichteg Technologien am LAN-Beräich sinn Ethernet oder zum Beispill Token Ring.
  • Wäitverkéiersnetzer (Wide Area Networks, WAN) iwwerbrécke gréisser Distanzen a sinn allgemeng op Netzwierkbedreiwer ugewisen. Si besëtze meeschtens eng irregulär Struktur a baséieren op der Store-and-Forward Switching Method. Vertrieder am WAN-Beräich sinn zum Beispill ATM oder ISDN.

Gi verschidden Netzer zesummegeschalt, esou entsteet een Internet. Zesummeschalte vun Netzer weltwäit bezeechent een dann als d'Internet. Dës Zesummeschaltung geschitt iwwert Vermëttelungscomputeren oder Routere genannt. Si hunn un Hand vun enger eendeiteger Adress ze decidéieren iwwert wat fir ee Wee eng Noriicht weidergeleet gëtt.

[Änneren] Pakvermëttelung

Allgemeng gëtt eng Noriicht a Päck vun enger bestëmmte Gréisst opgedeelt (Fragmentéierung), déi dann eenzel an onofhängeg vun eneen iwwert d'Netz transportéiert ginn. Dobäi kënnen dës Päck iwwer ganz verschidde Weeër zum Destinataire geroden, deen dann Noriicht nees muss zesumme setzen. Sou huet all Benotzer ee gläichfairen Zougrëff op d'Netz an d'ass eng héich Ausfallsécherheet garantéiert. Duerch d'Verschécke vu klenge Päck kënnen Iwwerdroungsfeeler séier erkannt ginn a bei Bedarf musse just déi feelerhaft Päck nei verschéckt ginn.

[Änneren] Internetworking

Déi héich komplizéiert Technologie, déi et fäerdeg bréngt fir déi verschiddenst Hardware-Technologië a Prinzipie mateneen ze verbannen, datt eng Noriicht iwwerdroe ka ginn, gëtt als Internetworking bezeechent a baséiert op enger Rei vu Kommunikatiounsprotokollen. Dës Protokoller bauen op enger Partie vu streng festgeluegte Regelen op a ginn no engem Schichtemodell kassifizéiert. All Schicht aus dësem Modell adresséiert e bestëmmtent Deelproblem vun der Kommunikatioun. Am Internet schwätzt ee vum TCP/IP-Protokollstapel.

[Änneren] E puer Internetservicer

Service Protokoll Protokoll-Beschreiwung
Nummopléisung Domain Name Service (DNS) Déngt zur Opléisung vun Nimm (z.B. lb.wikipedia.org) an IP-Adressen
World Wide Web (WWW) Hypertext Transfer Protocol (HTTP) Déngt zur Iwwerdroung vu Websäiten
Elektronesch Post (E-Mail) Simple Mail Transfer Protocol (SMTP),
Post Office Protocol (POP)
Interactive Mail Access Protocol (IMAP)
Déngt zum Verschécken an empfänke vun elektronesche Bréiwer
Dateitransfer File Transfer Protocol (FTP) Déngt zur Iwwerdroung vun Dateien
Remote Login Telecommunications Network Protocol (Telnet)
Secure Shell (SSH)
Déngt zur Benotzung vu Computeren aus wäiter Distanz

[Änneren] Literatur

Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com