Zollveräin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Zollveräin (Zollverein op däitsch) ass eng Zollunioun, déi duerch d'Zesummegoe vun däitsche Bundesstaten, Éisträich a Lëtzebuerg zustane koum. Dat ass opgrond vum Zollvereinigungsvertrag vum 22. Mäerz 1833 geschidd. Hien ass den 1. Januar 1834 a Kraaft getrueden. 1918, nom Éischte Weltkrich ass hien hifälleg ginn, a Lëtzebuerg, als klengt Land, huet sech no engem neie Wirtschaftspartner ëmkucke missen. D'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun gouf du gebuer.