25. Abrëll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 25. Abrëll ass den 115. Dag (116. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Mäe – Abrëll – Mee | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1792: De Rouget de l'Isle schreift e Lidd wat spéider zu der Marseillaise sollt ginn.
- 1859 : Éischte Spuete-Stéch fir de Bau vum Suezkanal duerch de Ferdinand de Lesseps.
- 1945: Zu Torgau un der Elbe feiere sowjetesch an US-amerikanesch Zaldoten hiert Zesummekommen an Däitschland.
- 1953: De Francis Crick an den James Watson publizéieren hir Entdeckung vun der Duebelhelixstruktur vun der DNA.
- 1974: D'Oeillets-Revolutioun bréngt d'Militärdiktatur a Portugal un en Enn.
- 1979: D'Sinai-Hallefinsel gët vun Israel un Ägypten hannescht ginn.
[Änneren] Gebuer
- 1599: Oliver Cromwell, Lord Protector vun England, Schottland an Irland.
- 1827: Jean-Antoine Zinnen, Lëtzebuerger Komponist (Ons Heemecht).
- 1874: Guglielmo Marconi, italienesche Physiker a Nobelpräisdréier.
- 1918: Ella Fitzgerald, US-amerikanesch Jazz-Sängerin.
- 1927: Albert Uderzo, franséische Comic-Zeechner (ë.a. Astérix).
- 1940: Al Pacino, amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent.
- 1941: Bertrand Tavernier, franséische Filmregisseur.
[Änneren] Gestuerwen
- 1595: Torquato Tasso, italieneschen Dichter.
- 1744: Anders Celsius, schwedeschen Astronom, Mathematiker a Physiker.
- 1944: George Herriman, US-amerikanesche Karikaturist a Comic-Zeechner.
- 1960: August Kopff, däitschen Astronom.
- 1976: Carol Reed, englesche Regisseur.
[Änneren] Feierdeeg
- Portugal: Dia da Liberdade
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |