Suezkanal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 163 Kilometer laange Suezkanal (Arabesch:قناة السويس, Qanāt as-Suwais, ass e kënschtleche Waasserwee vum Mëttelmier an dat Rout Mier. De Kanal verbënnt déi zwou Hafestied Port Said a Suez mateneen; doduerch ass et net méi néideg datt Schëffer ronderëm Afrika fuere mussen, fir vun Europa bis an Asien ze kommen.
De Kanal gouf vun der franséischer Compagnie Universelle du Canal de Suez ënner der Leedung vum Ferdinand de Lesseps gebaut an 1893 fäerdeggestallt. D'Pläng stame vum éisträicheschen Eisebunnspionéier Alois Negrelli. Mat dem de Lesseps huet och de franséischen Ingenieur Voisin-Bey geschafft.
Fir d'Schëffer gouf de Kanal de 16. November 1869 fräiginn.
[Änneren] Bauwierker um Kanal
- den Ahmed-Hamdi-Tunnel
- eng grouss Hochspannungsleitung
- d'Bréck vun El-Kantara
- d'Dréibréck El Ferdan
- den El-Salam Kanal
[Änneren] Literatur
- Bey, Voisin Le canal de Suez (7 volumes + 1 atlas), Dunod, Paräis, 1902.
- Bory, Paul Les grandes entreprises modernes, Alfred Mame et Fils, éditeurs, Tours (Frankräich) , 1890; S. 11-87.
- Montel, Nathalie Le chantier du Canal de Suez (1859-1869), Presses de l'Ecole Nationale des Ponts et Chaussées, Paräis , ISBN 2-85978-299-0, 1998.
- Prieur, Ph. La protection des risbermes du canal de Suez par revêtements bitumineux [1. Deel], an "Travaux", November 1955, n. 253 .
- Prieur, Ph. La protection des risbermes du canal de Suez par revêtements bitumineux [2. Deel], an "Travaux", Dezember 1955, n. 254 .
- Reverdy, Georges Les Travaux Publics en France 1817 - 1847, Presses de l'Ecole des Ponts et Chaussées, Paräis, ISBN 2-85978-383-0, 2003; S. 217-228, 361-372.