Gregorianesche Kalenner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gregorianesche Kalenner, benannt no dem Poopst Gregor XIII., ass hautzedaags deen am wéitste verbreete Kalenner.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Gregorianesch Kalennerreform
Den Éischte Konzil vun Nicäa huet am Joer 325 bestëmmt, datt Ouschteren ëmmer den éischte Sonnden no dem éischte Vollmound no dem Ufank vum Fréijoer (bezunn op Jerusalem) gefeiert soll ginn.
D'Primar-Äquinoktium (Fréijoer-Equinox) op der nërdlecher Äerdhallefkugel) war am Joer vum Konzil 325 den 21. Mäerz, an deemools huet nach kee fonnt datt déi Julianesch Regelung mat de Schaltdeeg verbesserungsbedürfteg wir. Den deemools gëltege Julianische Kalenner ass vun engem mëttlere Sonnejoer vun 365,25 Deeg ausgaang an huet déi Differenz (op 365 Deeg) vun ongeféier 6 Stonnen all véier Joer duerch d'Afügung vun engem Schaltdaag ausgeglach. Dogéint woar d'Realitéit (365 Deeg, 5 Stonnen, 48 Minutten a 46 Sekonnen, also genau 365,24219879 Deeg), 11 Minute méi kuerz ! Duerch dës Differenz war dePrimar-Äquinoktium am Joer 1582 schonn den 11. Mäerz. Dës Diskrepanz war scho laang bekannt an zënter dem 14.Joerhonnert sinn ëmmer erëm Virschléi gemeet gi fir de Kalenner ze reforméieren, ënner anerem vum Nikolaus Kopernikus. Säi Wierk De Revolutionibus Orbium Coelestium (Vun den Emdréihungen vun den Himmelskierper) an déi Prutenesch Tafelen vum Erasmus Reinhold ware schliisslech och d'Basis fir déi vum Poopst Gregor XIII. dekretéiert Reform.
Fir datt d'Fréijoer-Equinox erëm op den 21. Mäerz fält, a fir datt Ouschteren erëm konnt um richtegen Dag gefeiert ginn, huet de Poopst d'Iddi vum Dokter an Hobby-Astronom Aloisius Lilius ugeholl. An zwar sinn am Joer 1582 einfach zéng Deeg iwwersprong ginn : no dem 4. Oktober koum direkt den 15. Oktober (d'Wochendeeg sinn normal weidergaang)
Fir datt et net nees zu esou enger Differenz géing kommen, huet den neie Gregorianesche Kalenner 1 Sonnejoer op 365,2425 (amplaz 365,25) Deeg festgesat. Dofir ass d'Regel vum Julianesche Kalenner, wat d'Schaltdeeg ugeet, ëmgeännert ginn.
[Änneren] Schaltregel
- Ass d'Joereszuel duerch 4 deelbar awer net duerch 100, dann ass et e Schaltjoer mat 366 Deeg. Beispill: 1980, 1972, 1720
- Ass d'Joereszuel duerch 100 deelbar, awer net duerch 400, dann ass dat Joer e gewéinlecht Joer an huet nëmmen 365 Deeg, zum Beispill d'Joere 1700, 1800 an 1900, oder 2100
- Ass d'Joereszuel duerch 400 deelbar, ass dat e Schaltjoer.
[Änneren] Aféierung vum Gregorianesche Kalenner a verschiddene Länner
[Änneren] Charakteristika
[Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
- Ëmrechnung vum Julianeschen op de Gregorianesche Kalenner