A (Sënnesorgan)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
An dësem Artikel geet et iwwer d'Sënnesorgan A. Fir aner Bedeitunge vum Wuert A kuckt w.e.g. A.
En A (lat: Oculus) ass e Sënnesorgan, dat Luucht erkennt.
[Änneren] Anatomie
[Änneren] Funktiounen
[Änneren] Aen an di verschidde Liewiesen
Et gëtt, bei der Diversitéit vun de Liewewiesen, och eng Rëtsch ënnerschiddlech liichtempfindlech Organer. Déi einfachst Aen (z.B. bei Schleeken), kënne just "gesinn", op hir Ëmgéigend hell oder däischter ass. Vill komplex Organismen, dorënner verschidde Mamendéieren (och de Mënsch), Vullen, Reptiller a Fësch, hunn 2 Aen, deenen hiert Bléckfeld sech zum Deel iwwerschneit ("binokular Vue"), an déi esou erméiglechen, en dräidimensionaalt Bild ze erfaassen. Bei aneren, wéi de Kanéngercher oder de Chameleonen, hunn déi zwéin Aen ënnerschiddlech Bléckfelder, a produzéieren esou 2 verschidde "Biller" ("monokular Vue").
Bei deene meeschte Wierbeldéieren a verschiddene Mollusken fonctionnéiert d'A doduerch, datt d'Liicht an et erakënnt an do hannendrann op eng Netzhaut aus liichtempfindlechen Zelle fält. Do gëtt d'Luucht erkannt, an elektresch Signalen ëmgewandelt an iwwer den opteschen Nerv an d'Gehir transportéiert. Dës Aen hunn typescherweis méi oder manner d' Form vun enger Kugel, si mat enger duerchsiichteger, jellizecher Flëssegkeet gefëllt, mat vir enger Lëns, déi d'Schäerft vun der Vue astellt, an dacks enger Iris, déi d'Intensitéit vum Liicht, dat erakënnt, reguléiere kann.
Facettenae gëtt et bei Glidderfüssler (Arthropoda). Si sinn aus einfache Facetten zesummegesat, déi all eng eege Lëns an eege liichtemfindlech Zellen hunn, an erginn eng Zort zesummegepixelt Bild. Verschidden Aen hu bis zu 28.000 Facetten, an erlaben eng bis zu 360-Grad-Vue.
Sprangspannen hun einfach Aen, déi relativ grouss sinn, an déi ergänzt gi vun enger Rëtsch méi klengen Aen, sou datt se dat, wat se joen a fänke kënnen, zu all Moment "am A" behale kënnen.