Reptiller
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Darendäiwel | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Ënnerstamm : | Wierbeldéieren | ||||
Iwwerklass : | Kiefermünder | ||||
Klass : | Reptiller | ||||
|
|||||
Reptilia | |||||
|
|||||
|
D'Reptiller, wéi d'Eidechsen, d'Schlaangen, d'Deckelsmouken an d'Krokodilen, sinn déi lescht Nofolger vun enger Déieregrupp déi viru laanger Zäit ob eiser Äerd gelieft hunn: den Dinosaurier.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Anatomie
D'Reptiller si mat Hornschuppe bedeckt an et si Wierbeldéieren déi duerch d'Longen ootmen. Si hunn eng ofwiesselnd waarm Kierpertemperatur, déi si awer net selwer regele kënnen, a planze sech duerch Eeër fort.
Hier Longe si méi kleng a manner komplizéiert opgebaut wéi déi vun de Vullen an de Mamendéieren, well se wéinst hirem nidderegen Energieverbrauch vill manner Loft brauchen. Och hiert Häerz ass méi kleng (2% vun hirem Kierpergewiicht) sinn den Ufuerderungen déi hirem Bluttkreeslaf gestallt ginn, ugepasst.
An enger waarmen Ëmgéigend ass hire Stoffwiessel séier genuch, mä esoubal d'Temperatur awer fält, fänke si u méi roueg ze ginn, si friessen näischt méi bis si dann eng Kéier ganz estarren. Dësen Zoustand kënne si iwwer Méint halen ouni iergendwéi Schied ze erleiden. Dëst ass den sougenanntene Wanterschlof. Well d'Reptiller esou staark vun enger héijer Temperatur an hirer Ëmgéigend ofhängeg sinn, liewen déi meescht vun den 5000 Aarten an deene waarme Länner. Obwuel déi meescht Fleeschfriesser sinn, ginn et verschidde Zorten déi och vegetaresch liewen, wéi déi grouss Mierechs vun de Galapagosinselen.
[Änneren] Fortbeweegung
D'Fortbeweegung vun de Reptiller ass och ganz ënnerschiddlech. En Deel kraucht mat hirem Bauch iwwert de Bueden (Schlaangen oder verschidden Eidechsenzorten), anerer kënnen ob hiren hënneschte Been lafen a mat hirem Schwanz steieren (Kragenechsen, Chlamydosaurus kingi), déi meescht ginn awer ob hire véier Patten (Krokodilen). Et ginn der esouguer déi schwamme oder duerch d'Loft gleite kënnen.
[Änneren] Ofstammung
Vun der geschichtlecher Entwécklung hir stamen d´Reptiller an d´Vulle vun den amphibesche Landwirbeldéieren of. Ausser den Amphibië gi si als Amniota bezeechent. D´Amniota ginn an zwou Gruppe gedeelt, déi sech ob d´Unzuel vun de Schädelëffnungen (ausser A, Nues an Oueren) baséieren: d´Synapsida (eng Ëffnung) an d´Diapsida (zwou Ëffnungen); d´Ur-Amniota (Anapsida)hate keng Ëffnungen. Zu de Diapsida ginn d´Reptiller an d´Vulle gezielt, mat verschiddene bekannten ausgestuerwe Gruppe wei d´Dinosaurier(Dinosauria) oder Flugsaurier (Pterosauria). D´Schildkröten allerdéngs weise keng Ëffnung, wouduerch si eigentlech miissten zu den Anapsida zielen. Verschidde Paläontologen mengen zwar dass dat duerch eng spéider Zeréckentwécklung vun de Diapsiden wier. Si zielen haut zu der Schwëstergrupp vun den Archosaurier aus der Famill vun de Reptiller duerch d´Lag vun hirer Halsoder an der Ausbildung vun hirer Aorta. D´Fossilsituation ass awer nach net endgülteg gekläert.
Déi éischt Reptiller triede virun ongeféier 300 Millioune Joer (Perm) ob. Eng éischt Opdeelung kënnt scho ganz fréi vir: déi oneigentlech Reptiller (Parareptilia) an déi eigentlech Reptiller (Eureptilia). Vertrieder vun de Parareptilia sinn déi am Trias ausgestuerwen Procolophonida, déi oft als no Famill vun de Schildkröten ugesi ginn, und déi am Perm ausgestuerwen Pareiasauria. D´Eureptilia ginn agedeelt an.: d´Archosauria, also d´Krokodilen, d´Flugsaurier an d´Dinosaurier (an haut och d´Vullen) an d´Leptosauria, wéi d´Eidechsen, d´Schlaangen, Duebelschleichen an d´Bréckenechsen dozougeheieren. Doniewent gëtt et och nach den ausgestuerwenen Aascht Sauropteriygia, déi grouss Mieresreptiller.
[Änneren] Systematik
D´Systematik vun de Reptiller ginn et an zwou Versiounen:
Versioun 1 (klassesch Versioun): Schildkröten als Anapsida
Dës Versioun stellt d´Reptiller als eng vollkomme kënschtlech Grupp duer (Polyphylum), well si souwuel d´ Synapsida (mat de Mamendéieren) wéi och d´ Vullen ausschléisst:
- Reptiller (Reptilia)
- Anapsida
- Deckelsmouken (Chelonia)
- Romeriida
- Diapsida
- Echsen (Sauria)
- Lepidosauromorpha
- Schuppereptiller
- Rhynchocephalia
- Archosauromorpha
- † Fëschsaurier (Ichthyosauria)
- † Plesiosaurier (Plesiosauria)
- Archosauria
- Krokodiller (Crocodylomorpha)
- Alligatoren (Alligatoridae)
- Echt Krokodiller (Crocodylidae)
- Gaviale (Gavialidae)
- † Flugsaurier (Pterosauria)
- † Dinosaurier (Dinosauria)
- Krokodiller (Crocodylomorpha)
- Lepidosauromorpha
- Echsen (Sauria)
- Diapsida
- Anapsida
Versioun 2: Schildkröten als Schwëstergrupp vun den Archosauria, Reptiller und Vullen als Sauropsida. An dësem Fall bilden d´Reptiller nach ëmmer keng vollstänneg natierlech Grupp, well si d´Vullen ausschléissen. D´Alternativ Sauropsida, déi d´Vullen als Deel vun den Dinosauria mat ëmfaasse sinn awer en echt Taxon:
- Sauropsida
- Lepidosauromorpha
- Squamata
- Rhynchocephalia
- Archosauromorpha
- † Fëschsaurier (Ichthyosauria)
- † Plesiosaurier (Plesiosauria)
- Schildkröten (Chelonia)
- Archosauria
- Krokodilen (Crocodylomorpha)
- Alligatoren (Alligatoridae)
- Echt Krokodilen (Crocodylidae)
- Gaviale (Gavialidae)
- † Flugsaurier (Pterosauria)
- † Dinosaurier (Dinosauria)
- † Vullebeckesaurier (Ornitischia)
- Echsebeckesaurier (Saurischia) mat de Vullen
- Krokodilen (Crocodylomorpha)
- Lepidosauromorpha