Alfred de Groussen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alfred de Groussen. ëm 849 – 26. Oktober 899 |
||||||
Kinnek vu Wessex | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
Den Alfred (och Ælfred), gebuer ëm 849 a gestuerwen de 26. Oktober 899, war Kinnek vum südlechen angelsächsesche Kinnekräich vu Wessex vun 871 bis 899. Den Alfred gouf bekannt duerch d'Verdeedegung vum Kinnekräich géint d'Dänen (Wikinger), wat him am Volleksmond d'Epithète de Groussen abruecht huet. Detailer vu sengem Liewen sinn haaptsächlech duerch d'Wierk vum waliseschen Asser, Bëschof vu Sherborne bekannt. Als gebildete Mann huet den Alfred d'Educatioun ënnerstëtzt an d'Gesetzgebung vum Kinnekräich verbessert.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Kandheet
Den Alfred koum tëscht 847 an 849 zu Wantage, Berkshire (haut an Oxfordshire) op d'Welt, als véierte Bouw vum Kinnek Ethelwulf a wahrscheinlich deem senger éischter Fra Osburh. 871 gëtt hien den Nofolger vu sengem Brudder Ethelred I. als Kinnek vu Wessex a vu Mercien.
Iwwert hie gëtt erzielt datt hie schonn als Kand villverspriechend gewierkt huet. Sou soll hien als fënnefjäregen op Roum geschéckt gi sinn, wou hie vum Poopst Leo IV. d'Konfirmatioun krut, an dëse soll hie suguer schonn als Kinnek gesalbt hunn. Spéider Schrëftsteller hunn dëst schonn als virleefeg Kréinung ugesinn, déi seng Trounbesteigung op den Troun vu Wessex preparéiert huet. Dëst konnt ëm d'Joer 853 allerdéngs nach net virausgesot ginn, ëmmerhinn hat den Alfred dräi eeler Bridder.
[Änneren] Ëffentlecht Liewen
Wärend der kuerzer Herrschaft vu sengen zwee eelere Bridder Ethelbald an Ethelbert héiert een näischt vum Alfred. Mee mat der Trounbesteigung vu sengem drëtte Brudder, dem Ethelred am Joer 866 fänkt hie säi grousst "Wierk" un, England vun den Dänen ze befreien. Den Asser vergëtt dem Alfred den eenzegartegen Titel secundarius, wat mam kelteschen tanist ka gläichgesat ginn, also en unerkannten Nofolger, eng verbonne mam Prënz dee regéiert. Et ass zimlech warscheinlech datt dëst mam Averständnis vun dem Witenagemot geschitt ass, fir Trounstreidereien ze vermeiden falls den Ethelred am Kampf ging falen. Dëst Arrangement fir een Nofolger schonn als Co-Kinnek ze kréinen ass zimlech bekannt bei de germanesche Stämm, bei de Franken a bei de Schweden (kuckt dozou och Duebelherrschaft).
868 bestid sech den Alfred mat der Ealhswith, Duechter vum Aethelred Mucill, Ealdorman vun de Gaini, engem Stamm an der Géigend vu Gainsborough, Lincolnshire. Si wor d'Enkelin vun engem Kinnek vu Mercien. Si hate fënnef oder sechs Kanner, wouvunner eng Duechter, d'Ethelfleda, spéider Kinnigin vu Mercien wäert ginn.
Am selwechte Joer versicht den Alfred ouni Erfolleg Mercien vun den Dänen ze befreien. Zanter zwee Joer wor Wessex dogéint relativ roueg, mee um Enn vum Joer 870 kënnt et zu engem gewaltegen Eklat an 871 ass bekannt als dem Alfred säi Joer vun de Schluechten.
Néng grouss Schluechte goufe geschlo, mee vun zwou felen eis Plaz an Datum. Eng Victoire an der Schluecht vun Englesfield, Berkshire (31. Dezember 870) follegt eng batter Néierlag an der Schluecht vu Reading (4. Januar 871). Véier Deeg méi spéit ass den Alfred awer nees erfollegräich an der Schluecht vun Ashdown bei Compton Beauchamp, Shrivenham Hundred (8. Januar 871). Den 22. Januar ginn d'Englänner zu Basing awer nees geklappt. Eng weider Néierlag mussen si den 22. Mäerz zu Marton, Wiltshire astiechen.
[Änneren] Trounbesteigung
Am Abrëll stierft den Ethelred, an den Alfred iwwerhëllt den Troun. Wärend den Alfred mat dem Begriewnis an den Zeremonien déi dozou gehéiere beschäftegt ass, klappen d'Dänen d'Englänner, an nach eng zweete Kéier zu Wilton am Mee wou den Alfred derbäi ass. Doropshinn gouf e Friddensvertrag ënnerschriwwen, a fir fënnef Joer war Rouh. D'Däne waren an aneren Deeler vun England beschäftegt, an den Alfred huet gréisstendeels d'Grenze geséchert. Mee am Joer 876 gräifen d'Dänen ënner engem neie Leader, dem Guthrum, Wareham un. Vun do aus ginn si Ufank 877 no Weste gezunn, an hunn Exeter ageholl. Hei konnt den Alfred si stoppen, Verstäerkung duerch eng Flott gouf duerch e Stuerm opgehalen, an d'Dänen hunn sech missen a Mercien zeréckzéien. Mee am Januar 878 ginn d'Eroberunge weider an si huelen Chippenham an, eng kinneklech Festung wou den Alfred d'Chrëschtdeeg verbruecht huet. Den Alfred an e puer vu senge Männer kommen dervun, a riichten sech laut der Chronik zu Athelney nei an.
Eng Legend erzielt wéi den Alfred als Flüchtling an de Suppe vun Athelney bei North Petherton am Somerset vun enger Bauerefra opgeholl gouf, déi net wosst ween si virun sech hätt. Beschäftegt mat de Problemer vum Kinnekräich léisst den Alfred Kichelcher ubrennen, op déi en hätt sollen oppassen. D'Bauerefra ass natierlech alles anescht wéi begeeschtert, mee nodeems si mierkt wee virun hir steet, entschëllegt si sech. Den Alfred insistéiert awer drop, datt et un him ass, fir sech ze entschëllegen. Datt den Alfred en hëlleflose Flüchtling wärend sengem Réckzuch zu Athelney war, berout alleng op der Legend vun de Kichelcher. A Wierklechkeet huet hien eng Revanche geplangt.
[Änneren] Reorganisatioun
[Änneren] Relatioune no baussen
[Änneren] Chrëschtentum a Literatur
[Änneren] Doud
[Änneren] Dem Alfred säi Bijou
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Virgänger: - |
Kinnek vun England |
Nofolger: Edward den Eeleren |
Virgänger: Ethelred |
Kinnek vu Wessex |
|
Virgänger: Ethelred |
Bretwalda |
Nofolger: - |