Dänemark
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Dänemark ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
(Detailer) | (Detailer) |
National Devise: Guds hjælp, Folkets kærlighed, Danmarks styrke ("Dem Herrgott seng Hëllef, dem Vollek seng Léift, Dänemark seng Stäerkt") |
|
Offiziell Sprooch: | Dänesch, an de Gebidder vun däitschen Minoritéiten Däitsch; Färoesch op de Färoer Inselen Grönländesch a Grönland all Kéiers niewent Dänesch |
Haaptstad: Awunnerzuel: |
Kopenhagen 82.355 |
Kinnigin: | Margarethe II. |
Premierminister: | Anders Fogh Rasmussen |
Fläch: | 43.094 km² |
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op ?. Plaz 5,4 Milliounen (Stand 2004) 174,6/km² |
Onofhängegkeet: | |
Nationalfeierdag: | |
Währung: | Dänesch Kroun |
Zäitzon: | UTC+1 |
Internet TLD: | .dk |
International Virwahl: | 45 |
D'Kinnekräich Dänemark (dän.: Kongeriget Danmark) ass e Staat a Skandinavien am Norde vun Europa. Et bedeckt eng Fläch vu 43.000 km², wouvun ongeféier 1/3 aus Insele besteet. Déi gréissten Insele si Seeland (ronn 7.000 km²) a Fünen (ronn 3.000 km²): Opgrond vu sengen villen Inselen a senger onregelméisseger Fläch, huet dëst relativ klengt Land eng iwwerméisseg laang Küst: 7.314 km am ganzen. Den héichste Punkt läit op 173 m. Dänemark grenzt, vum Mier (Nordséi, Skagerrak, Kattegat a Ostséi ofgesinn, nach un Däitschland.
Zum Kinnekräich Dänemark, awer net zur EU, gehéieren déi zum groussen Deel autonom Gebidder: Grönland a Faröer.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
D'Hallefinsel Jütland stellt dat dänescht Festland duer a grenzt un Däitschland. Ëstlech vu Jütland, an ofgetrennt duerch d'Mier, läit d'Insel Fünen. Ofgetrennt vu Fünen duerch de grousse Belt, läit ëstlech déi gréissten Insel [Seeland] mat, ëstlech, zu Schweden hinn, der Haaptstad Kopenhagen.
A Grönland, mat der Haaptstad Nuuk, liewe méi wéi 55.000 Mënschen. Grönland war vun 1380 un eng dänesch Kolonie an ass zënter 1953 en Deel vun Dänemrk.
D'Faröer (Haaptstad: Torshavn, Fläch: 1.399 km², 44.800 Awunner) hu vun 1035 bis 1814 zu Norwegen gehéiert.
Vu Rohstoffer huet Dänemerk: Pëtrol, Äerdgas, Fësch, Salz a Kalleksteng.
[Änneren] Bevëlkerung
[Änneren] Sprooch
Déi offiziell Sprooch an Dänemark ass Dänesch, a Sønderjylland (Nordschleswig) och Däitsch, op de Färöer Färoesch a an Grönland Grönlännesch. Ausserdeem liewen am Süde vu Dänemark 80.000 Dänen, déi däitsch schwätzen. Haut ass Englesch déi wichtegst Friemsprooch an Dänemark, mä Däitsch a Franséisch ginn nach ëmmer gebraucht. D'Majoritéit vu deenen, déi an d'Schoul gi, léieren Däitsch.
[Änneren] Relioun
D' Majoritéit vu de Däne bekennen sech zur staatlech verankerte evangelesch-lutherescher "Folkekirke" (Vollekskierch), déi an der Reformzäit souzesoen ënner Opriichterhalung vun bal allen Traditiounen aus de fréieren kathouleschen Bistümer ervirgaang ass.
D'Katholiken (Bistum Kopenhagen) (35.000 oder 0,6%), d'Muslimen an d'Vertrieder vun anere reliéise Minoritéiten si meeschtens Immigranten.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Politik
Dänemark ass eng parlementaresch-demokratesch Monarchie. Staatschef, deen allerdengs nëmmen représentativ Funktiounen ausübt, ass d'Kinnigin oder de Kinnek. D'dänescht Parlament de Folketing, besteet aus 179 Députéierten, déi all véier Joer gewielt ginn. Ënner de 179 Députéierten sinn och 2 Députéierten aus Grönland a 2 Députéierte vu de Faröer-Inselen. Am Parlament si 6 Parteien vertrueden:
- d'Liberal Partei (Venstre)
- d'Sozialdemokratesch Partei (Socialdemokratiet)
- d'Dänesch Vollekspartei (Dansk Folkeparti)
- d'Konservativ Vollekspartei (Det Konservative Folkeparti)
- d'Sozialistesch Vollekspartei (Socialistisk Folkeparti)
- d'Sozialliberal Partei (Det Radikale Venstre)
- d' Eenheetsllëscht (Enhedslisten)
- d' Chrëschtdemokratesch Partei (Kristendemokraterne)
Die heiteg Regierung, geleet vum Anders Fogh Rasmussen, besteet aus der rechtsliberaler Partei Venstre an der Konservativer Vollekspartei.
[Änneren] Administrativ Ënnerandeelungen
Dänemark ass an 13 Ämter ann an 271 Gemengen agedeelt. Die 13 Ämter si:
- Århus Amt,
- Frederiksborgs Amt,
- Fyns Amt (Fünen)
- Københavns Amt (Kopenhagen),
- Nordjyllands Amt (Nordjütland),
- Ribe Amt,
- Ringkjøbing Amt,
- Roskilde Amt,
- Sønderjyllands Amt (Südjütland),
- Storstrøms Amt,
- Vejle Amt,
- Viborg Amt a
- Vestsjællands Amt (Westseeland).
Wichteg Stied sinn: Århus, Aalborg, Odense, Roskilde.
Gréisst Gemengen (Stand: 1. Juli 2005)
|
|
[Änneren] Infrastrukturen
[Änneren] Economie
[Änneren] Schoulsysteem
[Änneren] Kultur
[Änneren] Literatur
[Änneren] Film
[Änneren] Musek
[Änneren] Sport
[Änneren] Verschiddenes
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA