Alice Springs
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Alice Springs ass di eenzeg gréisser Stad am Zentrum vun Australien.
Alice Spings läit am Nërdlechen Territoire an huet 26.000 Awunner.
Et ass eng wichteg Destinatioun fir Touristen, déi haaptsächlech dohinner kommen fir den Ayers Rock ze gesinn. Aner touristesch Punkten an der Géigend vun Alice Springs sinn d'MacDonell Ranges an de Kings Canyon.
[Änneren] Kuckeswäertes
- den Alice Springs Desert Park gëtt e gudden Abléck an d'Fauna a Flora vun der zentralaustralescher Wüst.
- d' Old Telegraph Station Reserve, eng al renovéiert Telegrafestatioun, déi 1872 aus Fielsbléck erausgeschloe ginn ass.
- de Royal Flying Doctor Service, déi virun allem bei Autosaccidenter am Outback geruff ginn.
- d' School of Air, wou d'Kanner iwwert honnerte vu Kilometer ewech hier Schoul iwwert Funk gehale kréien.