Kings Canyon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kings Canyon ass déi gréissten a déifste Schlucht an Zentralaustralien. E leit am Northern Territory, 420 km südwestlech vun Alice Springs. De Kings Canyon huet sech zu enger vun de gréissten Touristenattraktiounen am Northern Territory entwéckelt. Seng Klippe sinn 270 m héich.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
De Kings Canyon leit am Wattarka Nationalpark, deen 300 km südwestlech vun Alice Springs leit.
[Änneren] Geologie
E gëtt och de klenge Grand Canyon vun Australien genannt. Eng spektakulär Schlucht, déi iwwer 270 Meter héich an 1 km laang ass. D’Fielse liichten an alle Faarwe vu giel, iwwer gro bis zu rouden Téin.
[Änneren] Flora a Fauna
Dës Schlucht ass eng vun de wichtegste Gebieder am Rouden Zentrum. Zirka 600 Planzenarten, dorënner vill Reliktplanzen aus den Urzäiten déi duerch déi fiischtropesch Vegetatioun erhale bliwwe sinn. Um dréchene Buedem vum Canyon wuesse grouss Floss-Eukalypten. Am Dall vum Canyon stinn uraal Palmfarnen a laanscht Strooss fir an de Canyon fënnt ee Wüsteneechen a verschiddenen Alterskategorie.
Et gi vill Zorte Vulle wéi Wellensittiche, Zebrafënken, Diamantdeiwecher a Kingfisher. Mat Chance kann ee fréi mueres och Fielsenkänguruhe gesinn.
[Änneren] Wanderen
Et gi verschidde Wanderweer, wéi de Kings Canyon Track deen 8 km laang ass an deen duerch d’Palmenoas Valley of Eden féiert, oder e strammen Tour, duerch an iwwert d’Schluchten, vun 6 km, wou d’Gesamtdifferenz vun der Héicht 150 Meter huet. Den einfachsten Tour duerch d’Flossbett, de Kings Creek Walk, geet ënnert risegen Eukalyptusbeem laanscht an dauert ongeféier eng Stonn.