Aloyse Schiltz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Aloyse Schiltz, gebuer 1918, war e Resistenzler a lëtzebuergeschen Offizéier. Hien ass de Brudder vum René Schiltz.
[Änneren] Seng Liewensgeschicht
- Als fréiere Member vun de Lëtzebuerger Scouten, déi vun de Nazie verbuede waren, huet hie sech a seng ganz Famill an der Resistenz engagéiert.
- Wéi d'Gestapo him op der Spuer war, huet hie mat der Hëllef vum Albert Ungeheuer d'Land verlooss an iwwer Frankräich, Spuenien a Portugal, London erreecht.
- Hien huet sech an der Arméi vum Generol de Gaulle (Cadets de la France Libre) engagéiert.
- Hie gouf an de franséischen Ardennen parachutéiert an huet mat de Partisane géint déi däitsch Ënnerdrécker gekämpft.
- Den 10. an 11. September 1944 war hie bei der Liberatioun vu Lëtzebuerg derbäi.
- Nom Krich war hie Kommandant vun der Groussherzoglecher Garde an huet an deeër Eegeschaft den Exekutiounsplotto kommandéiert, deen déi zum Doud veruerteelt Kollaborateuren higeriicht huet.
[Änneren] Literatur
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997