Amel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Amel (fr.: Amblève) ass de Numm vun enger belscher Gemeng an Uertschaft a Wallounien, Provënz Léck. Et ass eng vun de 9 Gemenge vun der Däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch. Amel gehéiert och zu de Gemengen an den Ostkantonen, déi eréischt 1919, nom Traité vu Versailles, bei d'Belsch koumen.
Amel huet 5.244 Awunner (2004), a séng Fläch ass 125,15 km², wat eng Bevëlkerungsdensitéit vun 41,90 Awunner op de km² mécht.
De Floss Amblève (oder Amel) leeft duerch d'Gemeng.
[Änneren] Geschicht
Den Numm Amel kënnt vun engem keltesche Wuert fir Waasser. D'Sidlung ass un ener Réimerstrooss entstan, deer vu Reims op Köln. Ëm 800 ass d' Via Mansuerica, déi vu Maastricht op Tréier goung, derbäi komm. 1868 goufen d'Reschter vun enger 75 × 30 m grousser réimescher VIlla fonnt. Géint 670 gouf Amel fir d'éischt schrëftlech ernimmt. 716 gouf et hei eng Schluecht tëschent Austrasien an Neustrien, bei deeër de Karl Martell de Gewënner war.
[Änneren] Aner Uertschaften an der Gemeng
Schoppen, Stephanshof, Iveldingen, Eibertingen, Montenau, Born, Deidenberg, Medell, Möderscheid, Hepscheid, Heppenbach, Halenfeld, Mirfeld, Valender, Wereth, Meyerode an Herresbach.
[Änneren] Um Spaweck
|
|||
Amay | Amel | Ans | Anthisnes | Aubel | Awans | Aywaille | Baelen | Bassenge | Berloz | Beyne-Heusay | Blégny | Braives | Büllingen | Burdinne | Burg-Reuland | Bütgenbach | Chaudfontaine | Clavier | Comblain-au-Pont | Crisnée | Dalhem | Dison | Donceel | Engis | Esneux | Eupen | Faimes | Ferrières | Fexhe-le-Haut-Clocher | Flémalle | Fléron | Geer | Grâce-Hollogne | Hamoir | Hannut | Héron | Herstal | Herve | Huy | Jalhay | Juprelle | Kelmis | Léck | Lierneux | Limbourg | Lincent | Lontzen | Malmedy | Marchin | Modave | Nandrin | Neupré | Olne | Oreye | Ouffet | Oupeye | Pepinster | Plombières | Raeren | Remicourt | Saint-Georges-sur-Meuse | Saint-Nicolas | Sankt Väit | Seraing | Soumagne | Spa | Sprimont | Stavelot | Stoumont | Theux | Thimister-Clermont | Tinlot | Trois-Ponts | Trooz | Verlaine | Verviers | Villers-le-Bouillet | Visé | Waimes | Wanze | Waremme | Wasseiges | Welkenraedt |
|||
Belsch | Provënzen | Gemengen |