Kelmis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu der Belsch ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
La Calamine |
|
---|---|
Land: | Belsch |
Regioun: | Wallounien |
Communautéit: | Däitschsproocheg Communautéit |
Provënz: | Léck |
Gemeng: | Kelmis |
Awunner (Gemeng): | 10.000 |
Kelmis (fr: La Calamine) ass eng Gemeng an den Ostkantonen an der belscher Provënz Léck an eng vun den néng Gemengen vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.
Kelmis läit am Dräilännereck Belsch – Holland – Däitschland am Dall vun der Gueule (oder Göhl) 8 km vun Oochen a vum hollännesche Vaals ewech. Uertschaften an der Gemeng sinn Hergenrath, Kelmis (fréier Neutral-Moresnet) an Neu-Moresnet.
[Änneren] Geschicht
Den Numm vun der Uertschaft leedt sech vum Äerz Galmei (Zénkspat) of, deen an der Géigend als Kelms oder Kelmes bekannt ass an zënter dem fréie Mëttelalter do ofgebaut gouf.
D'Gebitt ronderëm d'Zénkgrouf Vieille Montagne war tëscht 1816 an 1919 een als Neutral-Moresnet bekannten Territoire, dee vu Preisen an Holland (spéider vun der Belsch) zesummen administréiert gouf, well se sech nom Wiener Kongress net eens konnte ginn, ween dëst Gebitt (an d'Buedemschätz drënner) kréie géif.
Den 1. Januar 1977 hunn d'Gemengen Neu-Moresnet an Hergenrath mat Kelmis fusionnéiert, wouduerch d'Fläch elo 18,2 km² bedréit. Mat ronn 10.000 Awunner ass Kelmis déi zweetgréisste Gemeng vun der Däitschsproocheger Communautéit.
[Änneren] Um Spaweck
|
|||
Amay | Amel | Ans | Anthisnes | Aubel | Awans | Aywaille | Baelen | Bassenge | Berloz | Beyne-Heusay | Blégny | Braives | Büllingen | Burdinne | Burg-Reuland | Bütgenbach | Chaudfontaine | Clavier | Comblain-au-Pont | Crisnée | Dalhem | Dison | Donceel | Engis | Esneux | Eupen | Faimes | Ferrières | Fexhe-le-Haut-Clocher | Flémalle | Fléron | Geer | Grâce-Hollogne | Hamoir | Hannut | Héron | Herstal | Herve | Huy | Jalhay | Juprelle | Kelmis | Léck | Lierneux | Limbourg | Lincent | Lontzen | Malmedy | Marchin | Modave | Nandrin | Neupré | Olne | Oreye | Ouffet | Oupeye | Pepinster | Plombières | Raeren | Remicourt | Saint-Georges-sur-Meuse | Saint-Nicolas | Sankt Väit | Seraing | Soumagne | Spa | Sprimont | Stavelot | Stoumont | Theux | Thimister-Clermont | Tinlot | Trois-Ponts | Trooz | Verlaine | Verviers | Villers-le-Bouillet | Visé | Waimes | Wanze | Waremme | Wasseiges | Welkenraedt |
|||
Belsch | Provënzen | Gemengen |