Blauherd
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Blauherd ass en alpine Plateau op 2.751 m. Et ass d'Zwëschestatioun tëschend dem Sunnegga an dem Rothorn Paradise am Zermatter Skigebitt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Infrastruktur
De Blauherd ass e wichtege Verbindungspunkt tëschent dem Gornergrat-Gebitt an dem Rothorn-Gebitt. Niewt Liftgaren huet de Blauherd e Restaurant an niewt dem Skischoul-Snowpark e speziellen Ufänger Park fir Snowboarder, wou zwee magesch Teppecher d'Ufänger uewen op hir Trainingspist bréngen.
[Änneren] Skilifter um Blauherd
[Änneren] Sunnegga-Blauherd
Schonn 1952 ass e Skilift vun Sunnegga op de Blauherd gaang. 1961 gouf decidéiert, eng Loftseelbunn vun Sunnegga iwwer de Blauherd op d'Ennerrothorn ze bauen. Zënter 1967 ginn et Gondelkabinnen tëscht dësen zwee Punkten. Den Nationallift as den 1. Dezember 1965 opgaang a war bis den 4. Abrëll 1989 a Betrib. Op Kleeserchesdaag 1989 war um selwechten Tracé eng 4er Sesselbunn opgaang, déi souguer nach méi héich gaang ass wéi den Nationallift. Zënter 2005 fueren nei Panoramakabinnen op dëser Streck an tëschend all Kabinn fiert e Sessel. Sou kënnen engersäits Foussgänger transportéiert ginn an aanersäits Skifuerer ouni hir Ski mussen auszedinn. Vun der ieweschter Gare vun dëser neier Installatioun bréngt e Lift d'Leit direkt op d'Héicht vun der Dallgare vun der Rothornkabinn.
Den 13. Februar 1997 gouf et en Akzident op dëser Bunn. Duerch e festen Wandstouss ass d'Seel a Richtung Dall bei deenen ënneschten dräi Masten aus de Rulloen gerass ginn. E puer eidel Kabinnen si vum Seel gefall, verschiddener souguer bis op de Buedem. An deenen aaneren 22 Kabinnen, déi biergop gefuer sinn, a 7 Kabinnen, déi bieraf gefuer sinn, goufen 55 Persounen onverletzt gerett. Well d'Bedreiwergesellschaft onschëlleg war, krut kee vun de Bedreiwer Problemer, et ass just eng Oplo ginn, deen éischte Mast méi niddreg ze maachen, fir dass en dem Wand net esou ausgesat soll sinn. Fir dëst ze realiséieren, huet e weideren Mast missen installéiert ginn.
[Änneren] Beschneiung
Och zu Zermatt huet een erkannt, dass beim Klima, dat ëmmer méi waarem gëtt, d'Zukunft vu Skistatioune misst duerch Konschtschnéiproduktioun geséchert ginn. 1993 ass um Riedwee eng Drénkwaasserleitung gebaut ginn. Nom Verleeë vun enger neier Stroumleitung war och d'Installatioun vu Schnéikanounen um Gebidd Sunegga-Blauherd-Rothorn méiglech. D'Anlag tëscht Blauherd-Sunnegga ass 1984 a Betrib gaangen.
[Änneren] Blauherd-Rothorn Paradise
D'Konzessioun vum der Kabinn Sunnegga-Rothorn as den 26. Februar 1965 vum schwäizer Verkéiers- an Energiewitschaftsministär genehmegt gin.
Den 9. Oktober 1964 as d'Zermatter Rothorn-Bahn AG gegrennt gin. No engem ufänglechen Budget vun CHF 1 Millioun as schonn 1966 op 4 Milliounen erhéicht gin. Schon 1975 huet de Budget missen op 5.47 Milliounen erhéicht gin. No der Ouverture vun der Kabinn tescht Sunnegga-Blauherd as den 16. Juli 1967 d'Kabinn tescht dem Blauherd an dem Ennerrothorn opgaang. Leider waren d'Aarbechten am Hierscht firum Wanterabroch nit schnell genuch färdeg gin an duerfir sin d'Käschten vum Bau nach em eng hallef Millioun an d'Luucht gaang. Duerch di Tatsaach as d'Bierggare och aus äathetesche Grënn manner héich gebaut gin, wi fiergesin. D'Ufahrt an d'Gare war duerfir fir d'Passagéier ganz onbequem an haart. Aus desem Grond hu missen zousätzolech hydraulesch Pufferen agebaut ginn. Zudem as en elektresche Kabel, dien vum Blauherd op d'Rothorn gezu ginn as, futti gaangen. De Kabel as schon virun der Aweiung vun der Kabinn gerass sou datt en du schon huet missen erneiert gin. 1996 as di aal Kabinn demontéiert gin an an den 4. Dezember 1996 huet di nei Kabinn fir 150 Leit hiere Betrieb opgeholl.
[Änneren] Gant-Blauherd
Um Enn vum Joër 1970 gouf d'Konzessioun fir eng Kabinnebunn mat Emlafkabinn tëscht dem Dall zu Gant an dem Blauherd gin. Leider haten d'Ingenieuren awer Vermossungsfeeler gemaach sou datt d'Sockelen fir S'Stäipen hu missen méi brett gemaach ginn, wat d'Käschten an d'Luucht gedriwwen huet. Aus deem Grond kount dës Bunn eréischt am Februar vun der lafender Saison 1971 an de Betrib goen.