Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
Dëse Geographiesartikel zu Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Cádiz ass d'Haaptstad vun der Provënz Cádiz. Si gehéiert zur autonomer Regioun Andalusien am Süde vu Spuenien. Cádiz läit op enger Landzong am Süde vu Spuenien an huet 131.813 Awunner (2005). D'Bucht vu Cádiz selwer bild e klengen Deel vum Golf vu Cádiz. Cádiz huet een ausgesprachenen andaluseschen Charakter. Palmen an al Gummibeem, déi angeeblech vum Christoph Kolumbus geplanzt gi sinn, drécken dem Stadbild hire Charakter op.
Cádiz ass eng typesch spuenesch Hafestad an zielt zu denen eelste Stied vun Europa.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Kathedral aus dem 18. Jorhonnert
- Kierch vum hellege Kräiz (Iglesia de Santa Cruz) - al Kathedral
- Oratorium San Felipe Neri aus dem 17. Jh. (D'Plaz wou déi éischt Spuenesch Verfassung ausgeschafft gouf)
- Déi Helleg Hiel (La Santa Cuerva) aus dem 18. Jh. (Mat Tableauen vum Goya)
- D'Kastellen San Sebastian und Santa Catalina
- Plaza España
- Plaza de Mina
- Theater (teatro Manuel de Falla)
- Verschidde Muséën