Malta
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Detailer) | (Detailer) |
National Devise: Duerch de Courage an d'Konstanz | |
Offiziell Sprooch: | Maltesesch, Englesch |
Haaptstad: Awunnerzuel: |
Valletta 396.851 (Juli 2004) |
President: | Edward Fenech Adami |
Chef vun der Regierung: | Lawrence Gonzi |
Fläch: | 315,6 km² |
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op 165. Plaz 398.530 (2005) 1.263/km² |
Onofhängegkeet: | vu Groussbritannien 21. September 1964 |
Nationalfeierdag: | 21. September |
Währung: | Maltesesch Lira |
Zäitzon: | UTC+1 |
Internet TLD: | .mt |
International Virwahl: | 356 |
D'Republik Malta (malt.: Repubblika ta'Malta) ass dee klengsten europäeschen Inselstaat am Mëttelmier a klengste Memberstaat vun der EU.
[Änneren] Geschicht
Déi éischt Mënsche sinn ongeféier 5000 v. Chr. vu Sizilien aus zu Malta ukomm. 4000 - 3000 v. Chr. sinn d'Megalith-Tempelen gebaut ginn. Malta stong ënner dem Afloss vun ville Kulturen. Fir d'éischt waren Phönizer do, duerno d'Griichen, da bis 218 v. Chr. d'Karthager. Vun 218 bis 201 v. Chr. huet den Zweete Punesche Krich gedauert an d'Réimer hunn d'Muecht zu Malta iwwerholl. Am Joer 60 ass den Apostel Paulus zu Malta ukomm an huet d'Insel évangeliséiert. Dunn ass d'Insel an d'Hänn vun de Vandalen iwwergaangen, duerno an déi vun de Goten. Dës goufe vun de Byzantiner verdriwwen an esou war Malta bis 870 vum byzantineschem Räich besat. 870 war d'Invasioun vun den Araber op der Insel. Si koumen vu Sizilien eriwwer. 1090 hunn d'Normannen d'Muecht iwwerholl, du koumen d'Aragonier, bis 1530 d'Osmanen ugefaangen hunn, Malta unzegräifen. D'Insel, déi zu deem Zäitpunkt vum Malteseruerden regéiert gouf, konnt sech géint d'Ugrëff vun den Tierken behaapten.
Malta ass vum 21. September 1964 vu Groussbritannien onofhängeg. Den 1. Mee 2004 ass Malta an d'EU bäigetratt.
[Änneren] Geographie
Malta läit um Mëttelmier, 90 km südlech vu Sizilien. De maltesesche Staat besteet aus dräi bewunnten Inselen, Malta, Gozo a Comino souwéi dräi onbewunnten Inselen, Cominotto, Filfla a St. Pauls Island. Malta huet 245,6 km², Gozo 67 km² an de Rescht vun den Inselen 3 km². Déi gréisste Längt vu Malta huet 27 km, an déi gréisste Breet 14 km. Zu Gozo sinn et 14 km Längt an 7 km Breet. Malta huet keng Bierger a keng Flëss. Un der Küst sinn Häfen, Sandplagen a kleng Fielsebuchten. Gozo a Camino kann ee mat der Fähr errechen.
[Änneren] Klima
Malta huet Mëttelmierklima. De Wanter geet vu Mëtt November bis Enn Mäerz. Wann et reent oder wa Wand ass, dann héchstens 2 Deeg hannerteneen. De kaalste Mount ass den Februar wou d'Temperature bis op 10 Grad Celsius an der Nuecht kënne falen. Meeschtens reent et just kuerz a staark. De Summer geet vu Mee bis September. Duerchschnëttstemperatur am Summer ass 23,5 Grad Celsius. Am Summer reent et bal ni an d'Temperaturen erreechen och seelen 40 Grad am August. Malta zielt zu de Länner op der Welt wou et am mannste reent.
[Änneren] Andeelungen
D'Haaptinsel Malta ass a fënnef Bezierker agedeelt, Gozo a Comino sinn zesummen de sechste Bezirk. Zënter 1993 ass Malta an 68 lokal Verwaltungseenheeten agedeelt:
Insel Malta | Gozo | ||
|
|
|
|
[Änneren] Politik
Malta huet sech den 13. Dezember 1974 zu enger parlamentarescher Republik erklärt. Vum 21. September 1964 ass Malta vu Grousbritannien onofhängeg, ass awer nach am Commonwealth. Et ginn zwou grouss Haaptparteien: d'Nationalist Party (konservativ) an d' Malta Labour Party (sozialdemokratesch). D'Walbedeelegung läit traditionell bei iwwer 90 %. D'Parlament huet 65 Sëtz. Malta ass seit 1964 onofhängeg vu Groussbritannien an ass och EU-Member.
[Änneren] Bevëlkerung
D'Bevëlkerung bedréit 398.530 Leit. D'Gebuerterot ass déi nidderegst a ganz Europa a leit bei 12,4 pro Dausend. Op Camino, di klengste bewunnten Insel, wunnen just 3 Malteser.
[Änneren] Relioun
Zirka 96 % vun der Populatioun si réimesch-kathoulesch. Doniewt ginn et nach Judden a Protestanten.
[Änneren] Sprooch a Schrëft
D'Landessprooch ass Maltesesch, eng semitesch Sprooch mat arabeschem a romaneschem Aschlag. Mä och Englesch gëtt als zweet Amtssprooch benotzt. Als drëtt Sprooch léieren d'Malteser Italienesch an der Schoul.
Maltesesch ass en arabeschen Dialekt mat staarkem Afloss vun der italienescher Sprooch, awer och vum Franséischen, Engleschen a Spueneschen. Et ass eng semitesch Sprooch, an ass déi eenzeg semitesch Sprooch déi mat laténgesche Buschtawe geschriwwe gëtt.
[Änneren] Economie
D'offiziell Währung ass déi Maltesesch Lira (MTL) a besteet aus 100 Cents.
1 € = 0,41 MTL (Stand Mäerz 2005)
Malta beschäftegt sech mam Opbau vun der Industrie an dem Tourismus, nodeems déi britesch Marine ofgezu ginn ass, fir esou de finanziellen Deel ze kompenséieren.
Opdeelung vum Bruttosozialprodukt: 25 % Industrie, 72 % Dingschtleeschtungssecteur (dovunner 35 % Tourismus) an 3 % Lanwirtschaft.
Exportgidder sinn: Elektronik, Autodeeler, Textil- a landwirtschaftlech Produkter.
[Änneren] Kultur
[Änneren] Kuckeswäertes
- Megalithesch Tempelen
- Blo Fënster vu Gozo
- Tempele vu Ggantija
- Fort St. Elmo zu Valetta
[Änneren] Infrastruktur
[Änneren] Fotosalbum vu Malta
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern
Antigua a Barbuda - Australien - Bahamas - Bangladesch - Barbados - Belize - Botswana - Brunei - Kamerun - Kanada - Zypern - Dominica - Fidschi - Gambia - Ghana - Grenada - Guyana - Indien - Jamaika - Kenya - Kiribati - Lesotho - Malawi - Malaysia - Malediven - Malta - Mauritius - Mozambique - Namibia - Nauru - Neiséiland - Nigeria - Pakistan - Papua Neiguinea - Saint Kitts a Nevis - Santa Lucia - Saint Vincent an d'Grenadinen - Samoa - Seychellen - Sierra Leone - Singapur - Salomon Inselen - Südafrika - Sri Lanka - Swaziland - Tanzania - Tonga - Trinidad an Tobago - Tuvalu - Uganda - Vereenegt Kinnekräich - Vanuatu - Zambia