Deneb (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Deneb ass den Eegennumm vum hellsten Stär (α Cygni) am Stärebild Schwan. Den Deneb ass een ganz waarme Iwwerris deen zu de bloe Rise gehéiert. Hie mëcht zesummen mat der Vega an dem Altair dat bekannten Summerdräieck. Distanz vum Deneb op eis Sonn léisst sech ganz schwéier bestëmmen lässt, well bei wäiten Objeeten d'Miessfeeler schons groussen Afloss op d'Resultat hunn. Bei geneeën Miessungen duerch de Satellit Hipparcos gouf eng Parallax vun nëmmen 1,01 Millibousekonnen ermëttelt, wat enger Distanz vun ca. 3200 Liichtjoer entsprëcht. D'Strahlungsenergie déi den Deneb aussend betréit ronn 1,2 × 1032W an ass domat ronn 3 mio mol méi staark wéi eis Sonn.
Den Numm Deneb, kënnt aus dem arabeschen a bedeit „Schwanz“.
[Änneren] Bezeechnungen
- Aner Nimm: Deneb, Deneb el Adige, Arided, Aridif, Gallina, Arrioph.
- Bayer-Bezeechnung : α Cygni
- Flamsteed-Bezeechnung : 50 Cygni
- Harvard Revised Photometry : HR 7924
- Katalog Henry Draper : HD 197345
- Katalog vum Smithsonian Astrophysical Observatory : SAO 49941
- Bonner Duerchmusterung : BD +44°3541
- Fifth Fundamental Catalogue : FK5 777
- Katalog vum Hipparcos : 102098