Vega (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Vega, α Lyrae, ass den Haaptstär vum Stärebild Lyra (Leier).
D’Vega mëcht zesummen mat den Haaptstären vun de Stärebiller Cygnus an Aquila dat sougenannten Summerdräieck. Dëse Stär ass de Nullpunkt vun de photometreschen Systemer an der Astronomie, a mat dem Spektralklass A0 Liichtkraaftklass V definitiounsgeméiss och Nullpunkt vum astronomesch-photometreschen Farwesystem. De Numm Wega bedeit "erofstoussenden (Adler)". Aner Nimm sinn "Wega", "Fidis" an "Harp Star".
- Schäinbar Hellegkeet: 0,04 mag
- Absolut Hellegkeet: 0,58
- Rektaszensioun (Äquinoktium 2000.0): 18 h 36 m 56,30 s
- Deklinatioun (Äquinoktium 2000.0): +38° 47' 01,0"
- Spektraltyp: A0V
- Uewerflächtemperatur: 9553 ± 111 K
- Liichtkraaft: ca. 56 fach Liichtkraaft vun eiser Sonn
- Distanz: 25,3 Lj
- Duerchmiesser: 2,734 fachen Sonnenduerchmiesser oder 3,8 Milliounen km
- Mass: ca. 2,5 - 3 Sonnemassen
Fuerschungen mat dem Interferometer CHARA vum Mount-Wilson-Observatoire a Kalifornien hunn erginn, datt d’Wega um Äquator ëm 2500K méi kaal ass ewéi op de Polen. D’Ursaach, datt d’Temperaturen op de Polen 10150K an um Äquator 7650K bedroen, läit un der schneller Rotatioun ëm d’Polachs bannen 12,5 Stonnen. Opgrond dëser schneller Rotatioun ass de Polduerchmiesser géiniwwer dem Äquatorduerchmiesser ëm 23% ofgeplatt. Daduerch, datt déi polar Fläch wiesentlech méi no um waarme Stärkär ass, léisst sech desen Temperaturënnerscheed erklären. Dësen Effekt gëtt als Schwéierkraaft-Ofdonklung bezeechent.
D’Vega ass mat engem Alter vun ongeféier 300 Milliounen Joer en zimlech jonke Stär. Zënter enger gewësser Zäit ass bekannt, datt ronderëm d’Wega eng Gas- a Stëppwollék ass. (E Stäresystem, dat eisem Sonnesystem ähnelt !)
D’Vega war den éischte Stär (ofgesinn vun eiser Sonn), vun déier Fotoen gemaach goufen. 1850 hunn de William Cranch Bond an de John Adams Whipple um groussen Refraktor vum Harvard-College-Observatoire eng Daguerreotypie vun der Wega gemaach.
Opgrond vun der Präzessiounsbewegung vun der Äerd, weist d’Äerdachs an 14000 Joeren a Richtung Vega. Awer d’Vega wäert ni esou no beim Himmelspol stoen wéi géigewäerteg de Polarstär.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Literatur
- I. Ridpath, W. Tirion: Der große Kosmos-Himmelsführer, Franckh-Kosmos Verlag, 1987, ISBN 3-440-05787-9