Duebelbesteierungsofkommen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Duebelbesteierungsofkommen ass eng völkerrechtlech Vereinbarung tëschent zwee Länner, déi d'Duebelbesteierung vu Bierger, déi an engem Land wunnen an aus engem anere Land Revenue bezéien, verhënnere soll. Sie regelt a wéi engem Ëmfang déi erhuewe Steiere jidferengem vu dësen zwee Länner zoustinn.
D'international Conventiounen géint d'Duebelbesteierung sinn haut e wichtege Faktor an der Entwëcklung vun enger Finanzplaz.
Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg 51 Conventiounen ofgeschloss (bis Abrëll 2006), an zwar mat:
- Argentinien
- Belsch
- Brasilien
- Bulgarien
- China
- Däitschland
- Dänemark
- Éisträich
- Finnland
- Frankräich
- Griicheland
- Groussbritannien
- Holland
- Indonesien
- Irland
- Island
- Israel
- Italien
- Japan
- Kanada
- Lettland
- Litauen
- Malaysia
- Malta
- Marokko
- Mauritius
- Mexiko
- Mongolei
- Norwegen
- Polen
- Portugal
- Rumänien
- Russland
- Schwäiz
- Schweden
- Singapur
- Slowakei
- Slowenien
- Spuenien
- Südafrika
- Südkoreea
- Thaïland
- Tierkei
- Trinidad an Tobago
- Tschechien
- Tunesien
- Ukraine
- Ungarn
- USA
- Usbekistan
- Vietnam
Alleguer ginn se op d'Zäit nom Zweete Weltkrich zeréck. Eng Rei aner Conventiounen sinn nach an der Neegociatiounsphase oder stinn virun hirer Akraftsëtzung.
[Änneren] UM Spaweck
Websäit mam Stand vun de Conventiounen (Säit gëtt net méi aktualiséiert)