Edwin Hubble
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edwin Powell Hubble gebuer den 20. November 1889 zu Marshfield, Missouri, a gestuerwen den 28. September 1953 zu San Marino, Kalifornien, war en amerikaneschen Astronom.
[Änneren] Liewen a Wierk
Den Hubble huet Physik an Astronomie zu Chicago studéiert, a Rechtswëssenschaften zu Oxford.
Nodeems hie schonn 1912 als Student um Flagstaff-Observatoire éischt Experienze mat der Relativvitesse vun zwee Stäresystemer gemaach hat, konnt hien 1923 am Mount-Wilson-Observatoire noweisen, datt den Andromedaniwwel M31 wäit baussecht vun eiser Mëllechstrooss läit. D’Resultater vu sengen Observatiounen a Berechnungen, Cepheids in Spiral Nebulae, leet hien zum Joresenn 1924/25 der Joressitzung vun der US-amerikaneschen Astronomenvereenegung AAS vir, wou si den 1. Januar 1925 publik gemaach ginn.
Opgrond vun der räimlecher Verdeelung vun anere Galaxien, souwéi hir am Spektrum nowäisbar Routverrécklung, ergëtt sech dem Hubble säi bekannteste Bäitrag zu der Astronomie: d’Entdeckung vun der Weltall-Expansioun.
Den Hubble entdeckt, datt d’Spektre vu verschiddenn Galaxien net zu gläichen Deeler an dat Rout oder an dat Blot verréckelt sinn, awer, datt et erhiewlech vill méi routverréckelt Spektren gëtt. Aus dem Dopplereffekt léisst sech dofir ofleeden, datt sech bal all observéiert Galaxie vun eis ewech distanzéieren. Domat net genuch, den Hubble entdeckt och en direkte proportionalen Zesummenhang tëschent der Routverrécklung an der Distanz vun der observéierter Galaxis, wat bedeit, datt sech eng Galaxis, wat se méi wäit vun ons ewech, si sech méi séier vun eis fortbewegt. Aus dësen Observatioune leet hien d’Expansioun vum Universum of, déi spéider mat dem Urknallmodell erklärt konnt ginn.
D’Gréisst, déi dës Expansioun beschreiwt, gëtt him zu Éieren Hubble-Konstant genannt. Si bedréit no aktuelle Miessungen duerch den WMAP am Joer 2003 71±4 km/s pro Megaparsec (1 Mpc ~ 3 Millioune Liichtjoer).
Den Hubble hat och d’Hubble-Sequenz, e morphologescht Uerdnungsschema fir Galaxien entwéckelt.
[Änneren] Éierungen
- D’Hubble-Weltraumteleskop (HST) gouf och no him genannt. Duerch vun der Äerdatmosphär ongestéiert Observatiounssméiglechkeeten kënne seng CCD-Sensoren déi klengsten Detailler vu Planéiten a Stäresystemer ophuelen.
- Den Asteroid 2069 ass no him benannt.
- E Krater um Äerdmound ass och no him benannt.
[Änneren] Literatur
- Alexander S. Sharov, Igor D. Novikov: Edwin Hubble. Der Mann, der den Urknall entdeckte. Basel, 1994, ISBN 3764350083
[Änneren] Um Spaweck
- (de) Chr. Pinter: Rekordjäger im Nebelreich
- (de) Edwin Hubble und die Hubblekonstante
- (de) Projetaarbecht um Carl-Zeiss-Gymnasiums zu Jena/Thüringen)
- (fr) Biographie de Edwin Hubble
- (en) Edwin Hubble bio - Written by Allan Sandage